Walloft

Eng fräi politesch Tribün vum Serge Wilmes, CSJ-Nationalpresident, op RTL Radio 92,5













Léif Nolauschterer,






Walen leien an der Loft, an dëst léist verschidde Parteien elo schon, mëtten am Wanter, d’Fréijoer spieren. Besonnesch d’Oppositiounsparteien verspriechen dem Wieler momentan dat blot a gréngt vum Himmel, a sinn der Meenung, datt definitiv d’Zäit komm ass fir nei Weeër ze goen an nei Kapitelen ze schreiwen. Fir si huet déi aktuell Regierung d’Entwëcklung vum Land net no virbruecht, mee gebremst. Si sin der Meenung, datt dat ganzt Haus endlech vum Stëpps befreit a vun Grond op renovéiert muss ginn. Demokratesch Partei schwätzt an deem Kontext op gutt lëtzebuergesch vun “Opbroch”, an schéckt fir d’Walen ee Chefchantier an d’Course, dee sech fir de lëtzebuergeschen Obama hällt, mee a Wirklechkeet ee Showmaster ass, deen et versteet sech an seng Kandidaten op de Bühne vun dësem Land mat vill Liicht an Damp an d’Szene ze sëtzen. Déi Greng fir hiren Deel fannen, datt Walen kee Schéinheetsconcours solle sin an dofir fënnt ee bei hinnen Leit vum Fach, an der Haaptsaach Enseignantën, déi d’Regierung ënnert anerem beléieren, datt d’Bildung de Schlëssel am Kampf géint de Chômage ass a glächzäiteg am Parlament géint d’Reform vun der Primärschoul stëmmen.

Bei esou vill politescher Kohärenz an neie Methoden ass et nëmmen normal, datt deen einfache Bierger séier den Iwwerbléck verléiert an net méi wees wou en drun ass. A rouegen Zäiten wär esou eng Situatioun nach net dramatesch, a Krisenzäiten awer féiert dëst gären zu enger allgemenger Veronsécherung. Mee grad elo, an engem schwéiere Moment fir eis all, ass eng roueg Hand an ee kloere Bléck fir dat Wesentlecht gefrot. D’Wirtschaftskrise huet eisem Land zwar Steng an de Wee geluecht, mee dofir gëllt et net ze panikéieren an iwwerall nei Weeër ze sichen, mee zesummen ze stoen an d’Probleemer een nom aneren aus dem Wee ze raumen fir eise Wee, dee mir bis elo geholl hun, konsequent weiderzegoen.

An dofir steet d’CSV, déi eist Land bis elo duerch eng räsonabel an duerchduechte Politik op ee sëchere Wee gefouert huet, ee Wee, deen net aus dem Näischt kennt, mee deen op deem gebaut ass, wat sech bewert huet. Ee Wee, deen also een zolid Fundament huet an deen an den nächste Joeren weider ausgebaut wärt ginn, well d’CSV sech net mat der Streck zefridde gëtt, déi bis elo gemaach ginn ass. Mir wëllen awer, am Géigesatz zu deenen aneren, ee progressiven a kee radikale Wandel fir eist Land. Politik ass nämlech keng Show, kee Spill an deems een d’Regelen einfach iwwer de Koup geheie kann, mee eng seriös a verantwortungsvoll Aufgab, där een nëmmen doduercher gerecht ka ginn, wann een dofir suergt, datt eng Gesellschaft weider zesummenwist an net hir Orientéierung verléiert. Dofir ass et wichteg, datt mir d’Zukunft vun eisem Land an d’Hänn vun deenen leeën, déi och a schwéieren Zäiten net vum staarkem Géigenwand emgehéit ginn. Loose mir eis net vun der Walloft vun deenen verféieren, déi zwar een neie Wand verspriechen, mee u sech mat näischt anerem schaffen ewéi mat waarmer Loft !

Serge Wilmes, CSj-Nationalpresident