De Steierpak, wichteg Akzenter

Kuerz virun der Vakanz huet d’Chamber e ganze Pak mat Steiererliichterungen ugeholl, déi de Statsbudget am ganzen 646 Milliounen Euro kascht. Mat dësem Steierpak wäert vum 1. Januar nächst Joer un, all Bierger manner Steier bezuelen an deementspriechend méi Suen an sengem Portmonni hunn. Fräi Tribüne vum Laurent Mosar, CSV Deputéierten, op RTL an 100,7, 5. Januar 2009

Dëst Gesetz bréngt also net nëmmen méi Kafkraaft, mee virun allem méi Gerechtegkeet, wëll an Zukunft jidder Bierger, egal op en Steieren bezilt oder net, an den Genoss vun Steierkrediter kënnt.

Vun dësem Steierpak profitéiert all Steierzueler duerch d’Upassung vun der Steiertabell un d’Inflatioun ëm 9 % awer virun allem déi Haushalter mat klengen Akommen duerch d’Aféieren vun verschiddenen Steierkrediter. Déi wichtegst Neierung ass also d’Aféieren vun engem Steierkredit vun 300 Euro, den souwuel den Salariéen wéi den Pensionéierten, denBaueren, de Geschäftsleit an den Professions indépendantes wäert zegutt kommen. Mat dësem Steierkredit gëtt also an Zukunft jidder Bierger, egal op ugestallt oder onofhängeg, d’selwecht behandelt an kënnt an den Genoss vun dësem Steierkredit. Dofir falen dann all Fräibeträg souwuel fir Arbeitnehmer wéi fir all déi onofhängeg Beruffer ewech.

Grad wéi beim Kannerbonus wäerten an Zukunft och all déi Leit vun dem Steierkredit profitéieren, déi keng Steieren bezuelen an déi dofir och ni an den Genoss vun Fräibeträg komm sinn. Vu wiem gëtt dësen Steierkredit bezuelt? Den gëtt all Mount vum Employeur respektiv vun der Pensiounskees bezuelt, an jidder een den hei zu Lëtzebuerg schafft, egal op en hei wunnt oder net, kënnt an den Genoss vun dem Steierkredit vun 300 Euro.

Zweet Moossnam vun dem Gesetz: den Fräibetrag fir Elengerzéiend gëtt ersat duerch en Steierkredit vun 750.- Euro. Vun den Steierkredit hei wäerten also an Zukunft och eleng erzéiend Elteren profitéieren, déi keng Steieren bezuelen.

Ech well dann och bei deenen steierlechen Moossnamen, déi den Privatpersounen zegutt kommen, och nach op eng ganz wichteg Moossnam verweisen, nämlech déi ,datt an Zukunft d’Zënsen op den Bauspuerverträg net méi ënnert Quellensteier vun 10 % wäerten falen, wat sécherlech all déi Leit wäert erfreeën déi esou Bauspuerverträg hunn. Schlussendlech gesäit Gesetz fir, datt kannerreisch Familljen mat mindestens fënnef Persounen an Zukunft Méiglechkeet hunn, 80 Euro vun hirer Autossteier erëmbezuelt ze kréien.

Wat den zweeten groussen Volet vun dësem Projet betrëfft, nämlech Steiervergënschtegungen vun den Entreprisen, well ech fir d’éischt nach eng Kéier drun erënneren, datt vum  1. Januar un, et keen Droit d’apport méi wäert ginn, wat sécherlech am Intressi ganz besonnesch vun eiser Banken- a Finanzplaz ass. Niewent dem Ofschafen vum Droit d’apport, gesäit dësen Projet awer och nach d’Erofsetzen vum Taux vun der Kierperschaftssteier vun 22 op 21 % fir, esou datt Gesamtbesteierung vun den Betriber hei zou Lëtzebuerg dann elo wäert ënner 30 % leien, wat eng wichteg psychologesch Grenz duerstellt.

Ech well drun erënneren, datt dëst nëmmen soll eng Zwëschenetapp sinn, wëll d’Regierung ugekënnegt huet an e puer Etappen op 25,5 % unzekommen mat eng gläichzäiteger Erbreederung vun der Base imposable.

Wann een bei déi virbeschriwwen Steiermossnamen och nach d’Erofsetzen vun den Kreditzënsen an Zeréckgoen vun der Inflatioun derbäi rechent, sou misst d’finanziell Situatioun vun all Bierger, méis och vun all Entreprise hei am Land sech vum nächsten 1. Januar un verbesseren. Jiddereen wäert dës Moossnamen an sengem Portmonni spieren.

Mat dësem Gesetz dréit d’Regierung zou engem wesentlechen Deel derzou bäi, datt Bierger d’Vertrauen net an d’Wirtschaft verléieren, zumindest bei eis heiheem a setzt domatten wichteg Akzenter fir eist Land fit ze maachen fir di Zäit no der Krise.

Laurent Mosar, CSV Deputéierten, 5. Januar 2009