Äddi Erny

Den Erny Schneider huet eis verlooss. En trageschen Verkéiersaccident huet hie matten aus dem Liewe gerass, wei hien där Beschäftegung nogaang ass, déi hie besonnesch gäre hat, dem Sport.

Aus sengem déiwe Glawen huet den Erny vill Kraaft gezunn an dat konkret Liewe vu sengem Glawe war him wichteg. Esou ass hien am Summer 2001 zu Fouss op Santiago de Compostela gepilgert. E puer Joer méi spéit war hien de Grënnungspresident vun de Frënn vum Camino de Santiago de Compostela. Wéi esou och op villen anere Plaze war den Erny och an der Millebaacher Kierch ëmmer do, wann eng Hand gebraucht ginn ass, fir mat unzepaken.

Als Generalsekretär vun der FLA, dem Lëtzebuerger Liichtathletikverband, huet den Erny vill Positives fir de Sport bewierkt. Als Sportler huet hie Beandrockendes geleescht. Hie war deen éischte Lëtzebuerger, deen ouni Ënnerbriechung 24 Stonne gelaf ass.

Den Erny huet och d’CSV geprägt. Iwwer 50 Joer war hien en treien an engagéierte Member. Dëst op ville Pläng: An der CSJ, wou hie Bezierks- a Generalsekretär war, a senger Sektioun, der CSV-Sektioun Rollengergronn-Millebaach, um nationale Plang, wou hie laang Jore Generaltrésorier war. Den Erny huet seng Iddien engagéiert virgedroen a net mat senger Meenung hannert dem Bierg gehal. Mat den Ecken a Kanten, déi den Erny hat, huet hien Diskussiounen an den Débat an der CSV beräichert. Seng aussergewéinlech Aarbechtskraaft a säi beispillhafte Fläiss, déi hien onermiddlech an den Déngscht vun der CSV gesat huet, hu vill zu de Succèsen, déi seng Partei, d’CSV, an de leschte Jorzéngten hat, bäigedroen. Merci Erny.

Senger Famill wëlle mir och op dëser Plaz eist déifste Matgefill an eist häerzlechst Bäileed ausdrécken.