„440 Milliounen Euro méi …“

„Wat déi physesch Persounen ubelaangt, esou gesäit d’Reform haaptsächlech d’Upassung vum Steierbarème an d’Ersetze vun den Abattemente fir Loun- a Pensiounsempfänger an d’Alengerzéier duerch ee Steierkredit vir. Dës Moossname bedeite fir de Staat eng supplementär Charge vu 440 Milliounen Euro. Aus der Ried vum Budgetsrapporter Norbert Haupert, 2. Dezember 2008

D’Leit hunn also d’nächst Joer 440 Milliounen Euro méi fir ze verzieren, ze investéieren oder gegebenenfalls ze spueren. Iwwer d’Upassung vum Barème huet all Steierzueler am Joer 2009 tëscht 350 a 1.640 Euro méi Akommes, je no der Héicht vu sengem Revenu, der Compositioun vu sengem Stot an der Zesummesetzung vum Akommes.

Déi Menagen, déi keng Steiere bezuelen, an dat sinn 38 % bei eis am Land, kënnen awer vun esou enger Steiermossnam net profitéieren. Dofir huet d’Regierung proposéiert, fir déi uewe genannten Abattementen a Steierkrediter ze transforméieren. Déi Moossnam ass eng Nulloperatioun fir déi, déi bis elo deen Abattement steierlech konnten geltend maachen an e bréngt deene Leit, déi keng Steiere bezuelen, een Avantage vun 300 Euroen, den Alengerzéier 300 plus 750 d.h. 1.050 Euro Akommes méi am Joer. Fir d’Bezéier vum soziale Mindestloun mécht dat ab 1. Januar mat der Erhéiung vum Mindestloun vun 2 % eng Verbesserung vun hirem Akommes tëscht 3,7 an 8,2% aus, je nodeems welch hir familiär Situatioun ass.

De System „chèque-service“ ass eng weider Mesure, besonnesch zu- gonschte vun de Menagë mat klengem Akommes am Sënn vun enger méi cibléierter Familljepolitik. De System soll d’Eltere finanziell bei der Betreiung vun hire Kanner an enger Crèche oder Maison relais ënnerstëtzen. Bis zu dräi Stonne soll all Kand gratis betreit ginn, egal wéi héich d’Akommes vun den Elteren ass. Doriwwer eraus ass d’Gratuitéit gestaffelt a Fonktioun vum Revenu vun den Eltere bis zu 23 Stonnen. Doriwwer muss de vollen Tarif bezuelt ginn, dee maximum 7,5 Euro/Stonn ausmécht. Dës Mesure gëtt och vun de Gemenge begleet. De Käschtepunkt fir de Staat beleeft sech fir dat éischt Joer op 20 Milliounen Euro.

D’Steiermoossnamen zugonschte vun den Entreprisen hunn als Haaptobjektiv, hir Kompetitivitéit ze verbesseren a Lëtzebuerg als Standuert fir den Ausbau vu bestehenden Entreprisen an d’Installatioun vun neien Entreprisë méi attraktiv ze gestalten. Esou proposéiert d’Regierung, de Steiersaz vun der Kollektivitéitssteier vun 22 op 21% erofze- setzen an d’Taxe d’abonnement ofzeschafen. Se schléit Moossname vir, fir de Mécénat an d’Philantropie hei am Land ze förderen. D’Philantropie ass amgaang, sech zu engem spezifeschen ökonomesche Secteur ze entwéckelen, deen sech un eng Finanzplaz riicht, déi Kompetenzen a Facilitéiten um Niveau vun der Gestioun vun esou Fongen opweist, ee Créneau, deen sech also excellent fir d’Finanzplaz Lëtzebuerg prêtéiere kéint."

Norbert Haupert, Budgetsrapporter, 2. Dezember 2008