Sozial Kohesioun, eng Prioritéit

Fir d’CSV spillt d’sozial Kohesioun a ville politeschen a soziale Beräicher. Et geet dorëms, zesummen ze liewen an zesummen ze wuessen. De Jean-Claude Juncker huet a senger Ried iwwer den Etat de la Nation ënnerstrach, datt dës Koalitioun, d’sozial Kohesioun an eisem Land bis elo gestäerkt huet an hien huet betount, an dat ass fir d’CSV eng Prioritéit, datt d’sozial Kohesioun och weiderhin am Mëttelpunkt wäert stoen. De Maurice Bauer, Generalsekretär adjoint am CSV Profil, 1. Dezember 2008

Hei ass d’Ëmsetzen vum Statut unique op den éischte Januar sécherlech eng immens Erausfuerderung, mee awer och an der Steierpolitik vun dëser Regierung gesäit ee kloer de Wëllen fir méi sozial Kohesioun, doduerch datt eng Rei vu Steierfräibeträg an Abattementen a Steierkrediter ëmgewandelt ginn. Méi Sozial Kohesioun och duerch de Renten- a Pensiounsajustement genau sou wéi d’Upassung vum Mindestloun un di allgemeng Lounentwécklung, déi och fir den 1. Januar wäerte kommen.

D’Inflatioun belaascht besonnesch d’Leit an d’Famillen mat klengem Akommes. Mat der Schafung vu Steierkrediter hëlleft d’Regierung hei konkret a sozial cibléiert. Méi Kaafkraaft bedeit och di zweet Adaptatioun vun der Steiertabell un d’Inflatioun. Di zolidd Steiererliichterungen vum 1. Januar 2008 ginn den 1. Januar 2009 widderholl. Grad a wiertschaftlech méi schwéieren Zäiten sinn all dës Moossnamen e staarkt Zeechen.

Méi sozial Kohesioun duerch eng volontaristesch Integratiounspolitik. Dat neit Gesetz iwwer d’Integratioun vum Marie-Josée Jacobs bedeit eng Verdéiwung vun der Integratioun vun de Net-Lëtzebuerger. De Gesetzesprojet vum Aarbechtsminister François Biltgen iwwert d’Aféierung vum Congé linguistique an och dem Inneminister Jean-Marie Halsdorf säi Gesetzesprojet fir d’Aschreiwungsfristen vun den Net-Lëtzebuerger Wieler bei den Europa- a Gemengewalen op dräi Méint ze reduzéieren, droen zu méi sozialer Kohesioun hei am Land bei.

Eng nei Struktur

E staarkt Zeechen fir e Méi u sozialer Kohesioun bedeit d’Reform vum Nationalitéitegesetz mat der Aféierung vum Prinzip vun der Duebeler Nationalitéit. Hei bei dëser Reform, déi vum Luc Frieden ugestouss ginn ass, wéi och bei allen aneren Efforten, déi op méi Integratioun ofzielen, ass et d’Lëtzebuerger Sprooch, déi et erlaabt, d’Saache beieneenzebréngen.

Fir all déi Leit, déi net oder nach net Lëtzebuergesch schwätzen, huet d’CSV eng nei an zousätzlech Offer geschafen. Eng nei Struktur mam Numm CSV International gouf gegrënnt an adresséiert sech un all Mënsch, deen net oder net esou gutt Lëtzebuergesch schwätzt oder awer u jidder Eenzelnen den interesséiert ass, hei matzeschaffen. D’Zil vun der CSV International ass et, Net-Lëtzebuerger d’Integratioun an der CSV an esou och am politesche Liewen zu Lëtzebuerg z’erliichteren. D’CSV ass di éischt Partei zu Lëtzebuerg, di op dësem Wee geet an esou den Net-Lëtzebuerger d’Méiglechkeet gëtt, sech besser kënnen an d’Aarbechte vun der Partei anzebréngen.

Wann Dir also selwer interesséiert sidd oder soss Leit kennt, déi interesséiert sinn, fir am CSV International matzeschaffen oder och zu all anere politesche Sujeten Informatioune sichen, fannt Dir dës op www.csv.lu. Fir d’CSV ass a bleiwen Zesummeliewen an Zesummewuessen hei an eisem Land absolut Prioritéiten.

Maurice Bauer, Generalsekretär adjoint, CSV Profil, 1. Dezember 2008