Schoul a Betreiung: eng Chance fir all Kand

D’Kannerbetreiung gëtt weider aus gebaut. Ab dem 1. Mäerz vum nächste Joer féiert d’Regierung d’Chèques-Servicer fir Famillen mat Kanner an. Nieft dem Kannerbonus an der substantieller Erhéiung vun de Betreiungsplazen fir Kanner an de läschte Joeren, gëtt domat eng weider bedeitend familljepolitesch Moossnam an dëser Legislaturperiod ëmgesat. Et ass dëst en éischte Schrëtt an déi graduell Aféierung vun der gratis Kannerbetreiung. Eng Fräi Tribune vum Gilles Roth, CSV Deputéierten op RTL 92,5, 10. November 2008

Mat dën sougenannten Dingschtleeschtungschèquen kann an Zukunft all Famill sech eng bestëmmten Zuel vun Stonnen an den Kannercrèchen, an de Garderien an an de Maisons-relais kafen. All Kand huet deemno e Recht op 3 Stonnen gratis Betreiung pro Woch. Doriwwer eraus kënnen mat enger Egebedeelegung vun maximal dräi Euro d’Stonn, weider 21 Stonnen pro Woch akaaft ginn. Vun dëser Offer kann all Kand profitéieren wat manner wéi 12 Joer al ass, onofhängeg dovunner, ob béit Elteren schaffen oder net. Je no Akommes vun den Elteren spillt een zousätzlech verbëllegten Stonnepräis.

D’Chèques–Servicer sinn e wesentleche Schrëtt um Wee vun enger moderner an sozial gerechter Familljepolitik. Si sinn e wichtegt Instrument vun enger onkomplizéierter Integratioun. D‘ Recht op eng ugemooss an deel weis gratis Kannerbetreiung gëtt all Kand hei am Land déi selwecht Chance.

Chancëgläichheet brauchen mir och an der Schoul. Eis Schoul muss dofir méi wéi bis elo op déi individuell Stäerkten a Schwächten vun dem eenzelen Kand agoen. D’Schoul muss méi ewéi bis elo dem Eenzelen seng Kompetenzen fuerderen. D’Schoul muss den Eenzelen besser op seng berufflech Zukunft virbereeden. Eng modern Schoul ass net nëmmen Wëssensvermëttelung. Si verlaangt och e gudden Encadrement vun de Kanner.

Mir brauchen dofir en Partenariat vun all deenen déi an der Verantwortung stinn: dat sinn d’Schüler, d’Enseignanten, d‘Erzéier an d’Elteren.

Do wou e wunnt, daerf dobäi keng Roll spillen.

All Kand, egal wou et am Land wunnt, muss kënnen mat dräi Joer an de Précoce goen.

All Kand, egal a wou et am Land wunnt, muss e Recht op u gepassten Betreiungsstrukturen hunn.

All Kand, egal wou et am Land wunnt, muss vun gutt forméierten an motivéierten Enseignanten an Erzéier begleet ginn.

All Kand, egal wou et am Land wunnt, huet d’Recht, datt d’Schoul op seng spezifesch educativ Besoien ageet.

Mir brauchen dofir séier een neit Schoulgesetz. Déi legislativ Aarbecht an der zoustänneger Chamberskommissioun ass esouwait ofgeschloss.

Et feelt nach de Vote am Plenum. An dann de Wëllen an de Courage fir déi Nei Schoul ëmzesetzen.

Grad wéi bei den Chèques-service sinn bei der Neier Schoul all d’Acteuren, de Staat, d‘Gemengen mee och d’Enseignanten an d’Elteren gemeinsam gefuerdert. Et zielt virun allem, keng Zäit ze verléieren. Dat si mir der zukünfteger Generatioun, eise Kanner, ganz einfach schëlleg!

Gilles Roth, CSV Deputéierten, 10. November 2008