Är Meenung ass gefrot!

“Fir d’Problemer, déi sech an den nächsten Joeren stellen, ze meeschteren, brauchen mer all eis Talenter an mussen eis een deen aneren stäipen. Jidder Eenzelen zielt, méi wéi jee! An mir brauchen d’Meenung vu Jidderengem!” Eng fräi politesch Tribüne vum Martine Deprez, CSV Generalsekretärin adjointe op RTL 92,5 an um Radio 100,7, November 2008

D’nächst Joer sinn zu Lëtzebuerg Walen fir d’Chamber an och fir d’Europaparlament.

Bei ménge Kanner an der Primärschoul waren dëser Deeg schon Walen. D’Schüler sinn op gefuerdert ginn, sech hir Vertrieder fir ee Kannergemengerot ze wielen. Walen an der Schoul, maachen mir elo POLITIK an der Schoul?

Éiert mer dat, wat do an der Schoul of leeft mat Politik a Verbindung bréngen, missten mer eis mol fir d’éischt froen, wat dann dat Wuert POLITIK iwwerhaapt heescht. Schlau Bicher soen d’Wuert wär vum griicheschen Begrëff POLIS of geleet ginn, wat sou vill heescht wéi organiséiert mateneen Liewen an engem gréisser en Duerf oder enger Stad. Walen sinn dann eigentlech nëmmen een Produkt vun der Politik, een Mëttel, fir ze bestëmmen, wien da soll Funktiounen an dësem Zesummeliewen iwwer huelen.

Ass POLITIK haut dann nach haaptsächlech mat der Organisatioun vum Zesummeliewen beschäftegt? Gi mir nach vun der Politik verstan respektiv gëtt eis Meenung am Alldag gefrot?

Do luewen ech mer d’Schüler aus der Primärschoul di dëser Deeg als Real-Politiker am Schoulhaff ënnerwee waren, fir Reklamm fir hir Iddien ze maachen. Et sinn ganz konkret Froe’en diskutéiert ginn: Wat mengs du, solle mer net mol froen, ob mir eisen Klassesall kinnten an der nächster Vakanz selwer frësch u sträichen? Wéi kinnte mer eis organiséieren, fir mol ee Plang vun méi engem interessanten Schoulhaff ze zeechnen?

Ma dat kléngt jo gutt, do wëllen jo eis Kléng wierklech mat schwätzen, an net nëmmen Fuerderungen stellen déi net ze erfëllen sinn. Si hunn zesummen diskutéiert an wëllen elo datt hir gemeinsam Meenung gehéiert gëtt. An dësen Wierder „zesummen“ a „gemeinsam“läit den eigentlechen Sënn vum Wuert Politik. Mir wunnen, schaffen, liewen op där selwechter Plaz an sinn alleguer awer sou verschidden. Fir d’Problemer, déi sech an den nächsten Joeren stellen, ze meeschteren, brauchen mer all eis Talenter an mussen eis een deen aneren stäipen. Jidder Eenzelen zielt, méi wéi jee! An mir brauchen d’Meenung vu Jidderengem!

Dofir geet d’CSV als grouss Vollekspartei bei d’Leit an diskutéiert mat hinnen. Eis sëllechen ëffentlech Konferenzen weisen, datt mir net waarden bis d’Waljoer do ass, fir bei Iech ze kommen. All di Iddien, Kritiken a Verbesserungsvirschléi, déi mir do mat op de Wee kruten, fléissen an den nächsten Wochen a Méint an d’Aus schaffen vun eisem Walprogramm. Dann kënn dir och all Dag är Meenung iwwert eisen Internetsite csv.lu weiderginn.

Dir gesitt: Är Meenung ass gefrot ! Mir fillen äre Pol s, net nëmmen de 7.Juni 2009, mee all Dag virdrun an all Dag do no! Deen eigentlechen "Walkampf “ brauchen mir dofir net schon elo unzefänken, well fir eis ass et selbstverständlech ëmmer fir Iech do ze sinn. Zesummen mat Iech gi mir virun op dësem séchere Wee mam gudde Gefill duerch Äert Abannen d’politescht Handelen méi räich ze maachen nom bekannt en Motto „Jiddereen huet eppes, zesummen hu mer vill!“

Martine Deprez, CSV Generalsekretärin adjointe, RTL 92,5 an Radio 100,7, November 2008