Aus dem Premier Jean-Claude Juncker senger Deklaratioun zur internationaler Finanzkris virun der Chamber, de 14. Oktober 2008
Wann och déi Kris hiren Origine an Amerika huet, ass et awer esou, datt d’Äntwert op dës Kris, esou wéi se bis elo formuléiert ginn ass, ganz staark vun europäesche Sculpteure geprägt ginn ass. Mir hunn an deene leschten zwou Woche bewisen, als Europäer, datt een op Europa, besonnesch op d’Eurozon ziele kann, wann et drëm geet schnell a kohärent Äntwerten ofzeliwweren. Mir hu bewisen an Europa, datt mir bereet si global ze denken, mä awer lokal europäesch ze handelen. Dat ass net nëmmen eng Floskel. Deen act localy think globaly ass an Europa zum Programm gemaach ginn. Dir hutt gemierkt, datt och anerer, och an de Vereenegte Staate vun Amerika, sech entretemps deenen europäesche Vorgaben do nahtlos ugeschloss hunn. Dat gesäit een och, scho virun der Sitzung vun de Staats- a Regierungschefen an der Aart a Weis wéi de G7-Sommet zu Washington sech Enn der Woch ausgedréckt huet.
(…)
Stellt Iech vir, déi Kris hei déi wier lassgaangen zu engem Moment wou mir statt den Euro ze hunn, deem 16 Länner vum 1. Januar ugehéieren, nach 16 Nationalwährungen hätten. D’europäesch Wirtschaft, d’europäesch Aarbechtsmäert géifen haut schon total um Buedem leien, well mir jo dann nieft dem Ëmgang mat der Kris selwer och de feinfiltréierten Ëmgang mat de Währungsdifferenzen an -divergenzen tëscht deenen eenzelnen europäesche Länner hätte misse staark am A behalen. Dofir wäert d’Geschicht enges Daags zréckbehalen, datt den Euro elo seng éischt grouss international Prouf bestanen huet, nodeem en se scho bestanen hat den 11. September 2001, am Zesummenhang mat där vun Amerika aus geriichter Finanzkris. An alleguer déi, déi mengen d’Europäer wiere besser versuergt an der europäescher Partialiséierung an der Zréckdividéierung an national Entitéite vun dem europäesche Währungs- a Wirtschaftsraum, déi misste spéitstens elo gesinn hunn, datt et besser war, datt mir 1991 de Maastrichter Vertrag ënnerschriwwe hunn an datt mir deen 1992 hei am Haus gestëmmt hunn. Déi déi net gestëmmt hunn, déi solle sech déi Fro an éischter Linn stellen.