Kannerfrëndlech Gemengen

D’CSG invitéiert Iech op e Forum zum Thema Kannerfrëndlech Gemengen zu Betebuerg am Jugendhaus (37, route d’Esch) e Samsdes, de 25. Oktober vu 9.30 bis 12.00 Auer

Programm an Oflaf

• Begréissung an Aféierung : Gilles Roth; Deputéierten an CSG-Präsident
• Virstellung vum Moderator: Laurent Zeimet, Conseiller zu Betebuerg

• Kuerzinterventiounen duerch :
Mill Majerus vum Familljeministère
Manuel Achten vun der Caritas
– a Marianne Rodesch, Ombudsfra fir Kanner 

• Eischt Diskusssiounsronn mat Remarquën aus dem Publikum

• Op den Terrain gekuckt mat de Buergermeeschter Françoise Hetto, Marie-Thérèse Gantenbein, Jeannot Halsdorf a Jean-Paul Schaaf 

• Zweet Diskussiounsronn a Conclusiounen

• Schlusswierder vu Marie-Josée Jacobs, Familljeminsterin an Jean-Marie Halsdorf, Innenminister

Mir wiere frou, Iech op dëse Manifestatiounen begréissen ze kennen. Kommt an diskutéiert mat!

Gilles Roth
CSG President 

Paul Weimerskirch
CSG Sekretär 

Aus organisatoresche Grënn sollen d’Delegéierte sech umellen iwwer [email protected]
oder um Telefon 22 57 311 bei der Madam Marie-Jeanne Schauls.

D’Sektioun huet eng Kaffisstuff ageriicht:
Rendez-vous demno schons géint 9.00 Auer bei Kaffi mat engem Croissant.

Parking vis-à-vis op der Kiircheplaz.