“Eis Sprooch steet fir Mateneen a fir Versteesdemech. Si ass en Deel vun eiser Identitéit, genau sou wéi eis oppe Gesellschaft an d’Toleranz en Deel vun eiser Identitéit ass. D’Lëtzebuerger Sprooch verdéngt et, héich gehal ze ginn.” De Generalsekretär Marco Schank am Profil Interview
„Eng Offensiv fir eis Sprooch“, firwat dësen CSV-Positiounspabeier?
Eis Sprooch steet fir Mateneen a fir Versteesdemech. Si ass en Deel vun eiser Identitéit, genau sou wéi eis oppe Gesellschaft an d’Toleranz en Deel vun eiser Identitéit ass. D’Lëtzebuerger Sprooch verdéngt et, héich gehal ze ginn. An d’Lëtzebuergesch spillt eng Schlësselroll fir di sozial Kohesioun. Et ass d’Haaptkommunikatiounssprooch. Dofir eng Offensiv fir eis Sprooch, déi net op d’Käschte vun eiser Méisproochegkeet geet. Dat ass der CSV wichteg.
Wéi kann d’Lëtzebuerger Sprooch di sozial Kohesioun stäerken?
Et ass d’Sprooch, déi d‘Leit zesumme- féiert a fir Versteesdemech suergt. Wéi gesot, d’Lëtzebuergesch ass d’Kommunikatiounssprooch an eise Schoulen, Veräiner, op der Aarbechtsplaz an an eise sozialen Ariichtungen. D’Viraussetzunge musse stëmmen, fir datt d’Lëtzebuergescht di wichteg Roll, déi et huet, ka spillen. Dann ass d’Lëtzebuergescht eng vun der Sproochen an der nationaler Press. Et ass d’Sprooch, déi am Gemengerot an an der Chamber benotzt gëtt. Dofir leet d’CSV Wäert drop, datt, am Kader vun der duebeler Nationalitéit, deen, dee Lëtzebuerger gëtt, eis Sprooch bis ee gewësse Niveau versteet a schwätzt. Et ass d’Sprooch, déi ee brauch, fir kënnen mat ze decidéieren.
Wat sinn di konkret Schrëtt, di d’CSV proposéiert?
Mir schloen eng Offensiv a véier Punkte vir. Zum Deel an ënnert dem Impuls vun CSV-Politiker ass di Offensiv schonns agelaut.
Mir wëllen, datt d’Ënnerstëtze vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Verfassung verankert gëtt. An eisen An ass et och wichteg, datt, wien Lëtzebuerger gëtt, och déi Sprooch schwätzt, déi d’Lëtzebuerger gebrauchen. Drëttens: D’Méiglechkeeten, fir d’Lëtzebuergescht ze léieren, musse méi breet gemaach ginn. D’CSV ënnerstëtzt an deem Kontext dem Aarbechtsminister François Biltgen säi Projet vum Sproochecongé, datt jidderee bis zu 200 Stonnen vu sengem Betrib ka fräi gestallt ginn, fir eis Sprooch ze léieren. De Betrib gëtt dobäi vum Stat entschiedegt. A véiertens gëllt et, d’Grondlag ze verbesseren, op där eis Sprooch geléiert an erfuerscht gëtt. Op der Uni gëtt eis Sprooch wëssenschaftlech erfuerscht an enseignéiert. An de Schoule soll d’Lëtzebuergescht der Schoulstuf an dem Schoultyp entspriechend integréiert ginn, ouni datt et fir d’Kanner an di jonk Leit eng Barrière gëtt.
Op de Punkt: Fir d’CSV ass d’Lëtzebuergescht eng Bréck an eng Chance. Et ass derwäert.