Concours: “Gewann een iPod”

Opléisung a d’Gewënner vun eisem Coucours “Gewann een iPod”

Zanter Februar 2008 verspillt d’CSV a sengem Concours "Gewann en iPod" all Mount een iPod. D’Gewënner vum Concours hunn hire Präis e Méindeg den 8. September a Präsenz vum Parteipresident François Biltgen an de Generalsekretär Marco Schank entgéintgeholl.

Hei sinn d’Opléisung an d’Gewënner:

 
Februar: Wéi nennen d’Lëtzebuerger d’Fest vu Maria Himmelfahrt de 15. August nach?Déi richteg Äntwert krute mir vun der Madame R. Greis: Krautweschdag oder Léiffrawëschdag.
 
Mäerz: Wat fir e gebiertege Lëtzebuerger krut 1908 de Nobelpräis an der Physik?
Gabriel J. Lippmann -De Gewënner ass den D. Majerus
 
Abrëll: Wie sin d’Architekten vun der Cité Judiciaire, déi am Moment um Hellege Geescht gebaut gëtt? Rob et Léon Krier– déi richteg Äntwert koum vum D. Majerus.
 
Mee: Wie spillt d’männlech Haaptroll an deem Lëtzebuerger Film, deen den 10. November 2007 Première hat? D’Äntwert ass den Jules Werner– leider huet keen déi richteg Äntwert fonnt.
 
Juni: Wat fir e Bezuch hat d’Zitha, di lescht éischterreichesch Keeserin, zu Lëtzebuerg?
D’Zitha wor d’Schwëster vum Prënz Felix, dem Grand-Duc Jean säi Papp – déi richteg Äntwert koum vum N. Eicher
 
Juli:Wou steet dee Keschtebam zu Lëtzebuerg, op deem am Titel vum Roger Manderscheid sengem Roman e Papagei sëtzt?
F. Floener: De Keschtebam steet an der Stad, an der Mëtt vum fréieren Kolléischshaff, an der Ënnescht-Gaass
 
August: Wéini a wou ass de Codex Aureus Epternacensis entstaan?
Im Skriptorium der Benediktinerabtei Echternach– J-M. Thielen huet eis déi richteg Äntwert erageschéckt.

 

Matgedeelt vum Generalsekretariat vun der CSV