CSF-Mentoring: Eng nei Initiativ.

CSF-Mentoring: Mir freeën eis Iech den Mentoring Projet virzestellen, den die Chrëschtlech Sozial Fraen lancéiert hunn. Dëse Projet ass eis ganz wichteg, well e Fraen a Männer d’Geleeënheet gëtt, sech politesch an perséinlech weider ze bilden. Dës Leit sollen vun der räichhalteger Erfahrung vun eisen engagéierte politesche Mandatärinnen profitéieren.

Wat verstinn mir ënner Mentoring ?

Mentoring ass haut en wichtegt Instrument, wann et dorëms geet, Wëssen an Erfahrunge weider ze ginn. Mentorinnen engagéieren sech, fir Mentees ze begleeden an ze coachen , dat déi sech weiderentwéckelen kennen.
Mentoring ass also eng Plate-forme vun Erfahrungsaustausch, Diskussioun an Transfert vun Wëssen zwëschen engem Mentor an engem Mentee.

Wien sinn eis Mentorinnen ? 

Mir sinn frou, datt all eis politesch Mandatärinnen sech als Mentorinnen fir dësen Projet zur Verfügung gestallt hunn. Dës Dammen sinn als Parlemantaires zu Lëtzebuerg oder Strossbourg aktiv, hunn Responsabilitéit als Buergermeeschtesch, Statssekretärin oder Ministesch an blécken dacks op eng laangjäreg politesch Karriere zeréck. Sie wëllen en Abléck an hir politesch Aarbecht erméiglechen an hiren politeschen Alldag vermëttelen. Virun allem wëllen se awer politesch interesséiert Leit begleeden, datt dës Mentee och hiren Wee maachen an weider wuessen kennen.

Wien sinn eis Mentees? 

Eis Mentees sinn Fraen a Männer, die dacks um Ufank vun hirer politescher Karrière stinn. Sie wënschen sech, en besseren Abléck ze kréien an d’ politescht Liewen an hoffen duerch den Mentoring, praktesch Conseils ze kréien „wie een et soll maachen an wie net“.

Mentees profitéieren net nëmmen vum Mentoring, se ginn dacks den Mentorinnen vill zeréck. Leit, die nach méi an den Sektiounen aktiv sinn, sinn oft ganz no beim Bierger an Biergerin, gesinn dacks nach aner Realitéiten. Sie kennen dëst Wëssen iwwert den Wee vum Mentoring den politeschen Mandatärinnen weider ginn.

Wie ass dësen Mentoring Projet op gebaut ? 

D’Virbereedungen sinn ofgeschloss an no der Summervakanz starten mir konkret mat enger éischter Reunioun wou sech d’Mentorinnen an Mentees begéinen. Den Tandem Mentorin-Mentee gesinn sech dann iwwert die nächst 8 Mount 1-2 am Mount. Zwëschen duerch fënnt regelméissegen Erfahrungsaustausch am groussen Krees statt an zousätzlech Formatiounen ginn ugebueden. De Mentoringprogramm dauert bis Abrëll 2009, wou dann och de Bilan vum Projet gemaach gëtt.

Dësen Projet gëtt och professionell begleet.D’Madame Joëlle Letsch vun ADT-Center huet eis gehollef, dësen flotten Projet op Been ze sëtzen. Sie ass professionellen Coach an Formatrice an schafft säit 25 Joer am Beräich vun den Ressources Humaines.

Ausbléck 

Mir sinn frou, mat neien Ideeën eist politescht Liewen an Engagement ze ënnersträichen. Mir wëllen mat dësem Projet eis Leit förderen an den Échange zwëschen Generatiounen, zwëschen Männer an Fraen promovéieren. Et ass sécher och en Schrëtt am Kader vun den Preparatiounen fir die nächste Walen.
Stolz sinn mir och , wann d’Fraen an eiser Partei hiren Bäitrag duer zou kennen leschten.

Matgedeelt vun den Chrëschtlech Sozial Fraen

Fir weider Informatiounen kontaktéiert CSF um 22 57 31-26 oder [email protected]