Assistenzhënn – eng Ënnerstetzung fir behënnert Matmënschen

An der Chamber ass de Gesetzestext iwwert d’Assitenzhënn gestemmt ginn. Dess d’Zort vuspeziell forméierten Hënn, déi eng behënnert Persoun assistéieren, gëtt et elo an der Zukunft erlaabt, hire Meeschter praktesch iwerall mat hin ze begleeden. Den Zougank zu ëffentleche Gebaier, ëffentlechen Transportméiglechkeeten, esou wéi och zu Arichtungen, déi sozio-edukativ, ausbildend oder professionell Aktivitéiten ubidden, ginn elo och op fir Assistenzhënn, an Begleedung vun hirem Meeschter. Eng fräi Tribune vum Nancy Kemp-Arendt op RTL 92,5 an um 100,7, Juli 2008.

Ob Restaurant, Bäcker, Kino, Theater, Spidol, Bus oder Zuch grad esou wéi och d’Aarbechtsplaz oder d’Schoul, de virleiende Gesetzesprojet schaaft elo juristesch Sécherheet, dat behënnert Leit, déi op en Assistenzhond ugewise sinn, kéng Angscht méi brauchen ze hunn, datt hir Hëllef op véier Bënn, net däerf op hirer Säit bleiwen, wann se ënnerwee sinn. 

Leider ginn Assistenzmuppen dacks just op Blannenhënn reduzéiert, well dëss bäi weitem dei bekannsten Zort vun Hëllefsmupp ass, an well et dëss schon méi laang ginn. 

Assistenzhënn kennen awer dacks nach mei Aarbechten erfëllen a ginn virun allëm am Kader vun enger reduzéierter Mobilitéit oder bei bestëmmten motoreschen Krankheeten agesat a stellen esou éischter eng nei Hëllef duer.

D’Nëtzlechkeet vun dëse Muppen steet ausser Fro. Si hunn en immens positiven Impakt ob d’Liewensqualitéit vun eise behënnerten Matmënschen, déi sech duerch hir wertvoll Hëllef méi fräi an autonom beweege kënnen.

Duerch hir spezifesch Ausbildung, déi op d’Besoine vun den betraffene Leit ugepasst ass, droen se dozou bäi bestëmmt physesch Restriktiounen auszegläichen a favoriséieren domatter d’Onofhängegkeet an di gesellschaftlech, professionnell a kulturell Integratioun vun de Behënnerten. 

Sie kënnen den Telefon ophiewen, Luten uknipsen, Saachen vum Buedem obraafen, Dieren opmaachen, oder de Rollstull zéien. 

Si kënnen eng blann Persoun guidéieren oder kennen als Signalhënn dengen fir Leit, déi net héieren kënnen, andeems se hiren Meeschter op akustesch Signaler opmierksam maachen. 

Donieft ginn Assistenzhënn och als Therapiehënn bäi autisteschen Kanner agesat a kennen extra ausgebild ginn, fir epileptesch Krisen fréizäiteg ze erkennen, an di betraffe Leit dorop obmierksam maachen, fir dat si die néideg Moossnammen huelen. 

En Assistenzhond huet also méi ze bidden wéi eng reng materiell Hëllef. Iwwert di reng Hëllefsleeschtung eraus, gëtt ëm och positiv psychesch wéi och physesch Wierkungen nogewiesen.

Den Projet réit sech an di national an europäesch Politik an, déi d’Diskriminéierungen, ënnert all senge Formen verurteelt, well wann ee Behënnerten säin Assitenzhond net iwerall däerf mathuelen, leit eng Beaschränkung vis-à-vis vun der Persoun fir, dei iwerall hin kann ouni Hëllef vun engem véierbeenege Kolleg. 

Wann ee weess, datt et méi wéi 37 Milliounen behënnert Matbierger an der EU ginn, gëtt ee sech d’Wichtegkeet vum virleienden Gesetz bewosst, dat selbstverständlech d’Ënnerstetzung vun der CSV Fraktioun huet, an dat mat Sécherheet ville Mënschen d’Liewen vereinfacht wann se op esou eng „Hëllef op véier Patten“ kéinten zeréckgräifen.

Nancy Kemp-Arendt, RTL 92,5 an Radio 100,7, Juli 2008