Politik fir méi sozial Kohesioun

D’CSV begréisst, datt d’sozial Kohesioun am Mëttelpunkt vum Premier Jean-Claude Juncker senger Ried iwwer den Etat de la Nation den 22. Mee an der Chamber stoung. (…) Méi sozial Kohesioun doduerch, datt eng Rei vu Steierfräibeträg an Abattementen a Steierkrediter ëmgewandelt ginn. Sief dat den Arbeitnehmerfräibetrag, deen an e Steierbonus vun 300 Euro netto ëmgewandelt gëtt, deen all Salarié onofhängeg vun der Héicht vu senger Pei kritt. Sief dat de Rentnerfräibetrag, deen an e Steierbonus ëmgewandelt gëtt. Besonnesch fir Leit mat klenge Renten ass dat en Nettoplus. Sief dat de Steierabattement fir Elengerzeier, deen an e Steierkredit ëmgewandelt gëtt. (…) De Maurice Bauer am CSV Profil

Di héich Inflatioun belaascht besonnesch d’Leit an d’Famille mat klengen Akommes. Mat der Schafung vu Steierkrediter hëlleft d’Regierung hei konkret a sozial cibléiert. Méi Kafkraaft bedeit och di sechsprozenteg Upassung vum Steiertariff un d’Inflatioun. De Steiererliichterungsexercice vum 1. Januar 2008 gëtt am selwechte Mooss den 1. Januar 2009 widderholl.

Méi sozial Kohesioun duerch eng aktiv Beschäftegungspolitik. (…)

Méi sozial Kohesioun duerch eng volontaristesch Integratiounspolitik. (…)

Méi sozial Kohesioun duerch den Ausbau vun der Kannerbetreiung. Ënnert dem Impuls vun der Familljeministesch Marie-Josée Jacobs a mat der staarker Ënnerstëtzung vu ville Gemengen an enger Rei vun Associatioune gëtt de Réseau vun der Kannerbetreiung kontinuéierlech ausgebaut an un di ënnerscheedlech Besoine vun de Familljen ugepasst. D’Kritik vun der DP, wat d’Kannerbetreiung ugeet, ass net nozevollzéien. Si ass et schonns guer net, wann ee weess, wat et an der Stad Lëtzebuerg fir d’Elteren e Parcours du combattant ass, voire eng Saach vun der Onméiglechkeet, d’Betreiung vun de Kanner ze organiséieren, déi am Précoce sinn. An der Stad ass Blo-Gréng am Schäfferot.

Mat de Schwéierpunkten, déi de Premier am Numm vun der Regierung am Etat de la Nation gesat huet an déi kloer de Stempel vun der koherenter Politik vun der CSV droen, huet de Jean-Claude Juncker ënnerstrach, datt dës Regierung fir sozial Fairness ass an aktiv géint Ausgrenzung a Marginaliséierung virgeet. Et ass dëst eng aktiv an zukunftsorientéiert Politik, fir de soziale Fridde an di lieweg Solidaritéit zwëschen de Mënschen hei am Land nach weider auszebauen. De soziale Fridden ass eise wichtegsten Atout.

Fir d’CSV ass a bleift d’sozial Kohesioun hei an eisem Land eng absolutt Prioritéit.

(Ausschnëtter aus enger Fräier Tribune op RTL-Radio an op 100,7)

Maurice Bauer Generalsekretär adjoint, CSV Profil, 16. Juni 2008