Den 11. Juni 2008 ass de sougenannten „Pacte logement“ an der Chamber gestëmmt ginn, also ee Gesetzesprojet deem de Staat an de Gemengen déi néideg finanziell a gesetzlech Mëttele gëtt, fir déi horrent Immobilienpräiser mëttelfristeg ze stabiliséieren a laangfristeg erof ze drëcken. Well et sech deemno ëm een ganz wichtegen Gesetzesprojet handelt, an daat besonnesch fir eis, déi Jonk, präsentéiert Iech d’CSJ hei déi wichtegsten Punkten vum Pacte logement.
Pacte Logement
De Gesetzesprojet iwwert de Pacte logement heecht un sech « Projet de loi promouvant l’habitat, créant un „pacte logement“ avec les communes, instituant une politique active de maîtrise du foncier et modifiant certaines dispositions du Code civil ».
Et handelt sech ëm eng ganz Rëtsch vun Mesuren fir d’Immobilienpräiser ze stabiliséieren an erof ze drëcken, fir datt, eent vun den elementarsten Menschenrechter, nämlech d’Recht op Wunnen, och an Zukunft gesëchert bléift.
Déi wichtegsten Punkten vum Gesetzesprojet sinn:
• De « Pacte Logement » oder Wunnengsbaupakt
Den zentralen Punkt vum néien Gesetzesprojet ass de « Pacte logement » oder Wohnungsbaupakt tëschent Staat a Gemengen. Et handelt sech ëm eng Conventioun, ee Vertrag, deen de Staat mat bestëmmte Gemengen ageet. Duerch déi Conventioun, bedeelegt sech de Staat un de Nofolgekäschten, déi de Gemengen beim Wuesse vun hierer Populatioun entstinn besonneg duerch de Bau vun zousetleche kollektiven Infrastrukturen. All Gemeng déi bereed ass fir hier Verantwortung ze iwwerhuelen, an zesummen mam Staat fir méi Wunnengen ze suergen, kann eng finanziell Ënnerstëtzung kréien.
Esou kritt eng Gemeng vum Staat 4.500 Euros fir all zousätzlechen Awunner, deen iwwer dem normale Wuestum vun der Bevölkerung, dee bei 1% läit, gezielt gëtt. Dobäi muss d’Gemeng ëm mindestens 30 Awunner pro Joer wuessen. Ass déi Gemeng och nach IVL-konform, daat heecht, entsprëcht ze den Virgaben vum Integrativen Verkéiers- an Landesplanungskonzept (IVL), da kann déi staatlech Hëllef esouguer 6.750 Euros pro Awunner sinn, a fir Gemengen déi ee „Centre d’attraction et de développement“ sin beleeft déi Hëllef sech esouguer op 7.650 Euro.. Allerdengs muss d’Awunnerzuel vun enger Gemeng an deenen nächsten 10 Joer op mannst ëm 15% wuessen.
Iwwer de Pacte logement verpflicht eng Gemeng sech awer och nach zuanere Mesüren wéi zum Beispil fir eng Taxe op Terrainën an Wunnegen opzehiewen, déi iwwerdriwwen laang broch léien resp. éidel stoen geloos ginn, oder och nach fir méi verdicht ze bauen fir esou dee kostbaren Terrain nët ze verbëtzelen..
• D’Virkaafsrecht (droit de préemption)
Well weder de Staat, nach d’Gemengen genuch Baulandreserven hunn, kënnen se och net wirklech iwwer de Wee vun der Offer op d’Immobilienpräiser awierken. Fir dësem Manktum entgéint ze wierken, an dofir ze suergen, datt d’öffentlech Hand méi Bauland kaafe kann, wäerten Staat, Gemengen a Fonds du Logement ënnert bestëmmten Konditiounen op präzis définéierten Terrainen, ee Virkaafsrecht kréien (droit de préemption). Et handelt sech also nët, wéi oft duergestallt gëtt, ëm een absolut Vierkaafsrecht op allen Terrainen, mais ëm ee beschränkt Vierkaafsrecht op genau ausgewisenen Zonen.
Esou kréien d’Gemengen z.B. ee Virkaafsrecht op Terraiën déi an den Entwëcklungs- a Restrukturatiounszonen leien, déi néideg sin fir déi regional a sektoriell Bebauungspläng ze realiséieren. Falen och nach ënner d’Vierkaafsrecht Terrainën déi un de Bauperimeter vun der Gemeng grenzen. Et faalen awer net ënner d’Virkaafsrecht Terrainën, déi zwar an deene viergenannten Zone leien déi z.B. veriewt oder öffentlech versteet ginn.
• D’Emphythéose an den « droit de superficie »
D’Gesetzgebung iwwert d’Emphythéose (vum griecheschen « emphuteusis », « eppes planzen », = Bebauungsrecht) an den « droit de superficie » (Flächennotzungsrecht) gin iwwer dëst Gesetz moderniséiert, an esou méi attraktiv fir de Keefer vun engem Eegenheem gemeet. D’Emphythéose an den « droit de superficie » sollen een effikasst Mëttel géint déi ze héich Wunnengs- a Baulandpräiser duerstellen, well se keng héich Basisinvestissementer virausetzen, well de Präis vum Terrain sech nët direkt voll an de Präis vun der Wunning nidderschléit.
De Prinzip vun der Emphythéose an dem « droit de superficie » ass folgenden :
De Staat an d’Gemengen stellen Terrainën zur Verfügung op déi een dann d’Recht kritt fir ze bauen resp. fir den Terrain ze notzen. Dës Rechter sinn Joerzéngten laang gülteg an et brauch een just all Joers eng finanziell Geigenleeschtung, ze bezuelen. Et kritt een un sech vum Staat oder vun de Gemengen een Terrain zur Verfügung gestallt deen engem nëmmen während enger bestëmmter Zäit gehéiert an fir deen een eng Zort Loyer bezielt. Dee groussen Avantage ass deen, daat een net muss grouss Geldsommen hun fir sech iwwerhaat eppes uschafen ze kënnen.
D’Emphythéose ass tëschent 27 (Minimum) an 99 Joer (Maximum) gülteg a kann erneiert ginn. D’Emphythéose ass ee Recht daat een och oftrieden resp. verierwen kann. Wann d’Emphythéose ofgelaaf ass, da gehéiert am Prinzip alles dat wat um Terrain gebaut ginn ass a nach drop steet, dem Propriétaire vum Terrain.
Den «droit de superficie » ass ähnlech e wéi d’Emphythéose. D’Ënnerscheeder sinn :
• Et gett keng Minimal Dauer vum Vertrag, de Maximum ass awer 99 Joer.
• De Vertrag kann awer och verlängert ginn.
• Alles waat um Terrain gebaut ginn ass gehéiert duerno och dem Propriétaire vum Terrain, mee hie muss et awer der Persoun, déi et gebaut huet, zum aktuelle Wert ofkaafen.
De Gesetzestext gesäit och nach vier, datt ee Promoteur vun engem Lotissement (Erschléissung an Andeelung vun neiem Bauterrain) vun 1 ha a méi, 10% vun de Wunningen resp. den Terrainen fir Wunningen zu moderéierte Präisser reservéiere muss. Déi Mesür soll nët nëmmen en soziale Mixt vun eiser Populatioun assuréieren, awer och nach d’Offer vu Wunningen zu moderéierte Präisser vergréisseren, woduerch méi Leit an de Genoss vu verbëllegte Wunnraum kéinte kommen.
Niewt dëse wichtegen Dispositiounen, gesäit d’Gesetz iwwert de Pacte logement awer och nach vier:
• d’Grondstéier an d’Flächennotzungsgesetz ze reforméieren steierlech Vergënschtegungen op de Plus Valüen beim Verkaaf vun Immobilien un de Staat a d’Gemengen anzeféieren.