Politik fir méi Sozial Kohesioun

D’CSV begréisst, dass d’Sozial Kohesioun am Mëttelpunkt vum Premier Jean-Claude Juncker senger Ried iwwer den Etat de la Nation den 22. Mee an der Chamber stoung.
Fir d’CSV léist sech d’Sozial Kohesioun net op engem Punkt festmaachen, mee spillt a ville politeschen a soziale Beräicher. Eng fräi Tribune vum Maurice Bauer, CSV Generalsekretär adjoint, RTL 92,5, 9. Juni 2008

De Jean-Claude Juncker huet ënnerstrach, datt dës Koalitioun vun CSV a Sozialisten, d’sozial Kohesioun an eisem Land gestäerkt huet, an hei sief eng erausragend Initiative ervirgestrach, den Eenheetsstatut. Genauso awer huet de Premier betount, an dat ass vir d’CSV eng Prioritéit, datt an dem Aarbechtsjoer wat der Koalitioun bleiwt d’Sozial Kohesioun am Mëttelpunkt wäert stoen. 

Méi sozial Kohäsioun doduerch dat eng Rei vu Steierfräibeträg an Abattementen a Steierkrediter ëmgewandelt ginn. Sief datt den Arbeitnehmerfräibetrag den an e Steierbonus vun 300 Euro netto ëmgewandelt gëtt, den all Salarié onofhängeg vun der Héicht vu senger Pei kritt. Sief datt de Rentnerfräibetrag, den an e Steierbonus ëmgewandelt gëtt. Besonnesch fir Leit mat klenge Renten ass dat e Nettoplus. Sief datt de Steierabattement fir Elengerzeier, den an e Steierkredit ëmgewandelt gëtt. 

Mei Sozial Kohesioun och duerch d’Ëmwandlung vum Heizkostenzuschuss an eng Deierrechtszoulag der hire Montant par rapport zum aktuellen Heizkostenzuschuss verduebelt gëtt. A méi Sozial Kohesioun och duerch de Renten- a Pensiounsajustement den den 1. Januar 2009 kennt genau so wei d’Upassung vun der Mindestlounerheichung un di allgemeng Lounentwécklung déi och fir den 1. Januar wäert kommen. 

Di héich Inflatioun belaascht besonnesch d’Leit an d’Famille mat klengen Akommes. Mat der Schafung vu Steierkrediter hëlleft d’Regierung hei konkret a sozial cibléiert. Méi Kafkraaft bedeit och di 6-Prozenteg Adaptatioun vun der Steiertabell un d’Inflatioun. De Steiererliichterungsexercice vum 1. Januar 2008 gëtt am selwechte Moss den 1. Januar 2009 widderholl. 

Méi sozial Kohesioun duerch eng aktiv Beschäftegungspolitik. D’Situatioun um Aarbechtsmaart huet sech verbessert. D’Mesure vum 5611 gräifen a besonnesch d’Zuel vun de jonke Chômeure gëtt zréck. Dës aktiv Beschäftegungspolitik, ënnert der Leedung vum Aarbechtsminister François Biltgen muss fortgesat ginn. 

Mei Sozial Kohesioun duerch eng volontaristesch Integratiounspolitik. Wann d’Gesetzesprojeten iwwer d’Integratioun vum Marie-Josée Jacobs an d’Immigratioun an der Chamber wäerte votéiert sinn, bedeiten se eng Verdéiwung vun der Integratioun vun de Net-Lëtzebuerger. Mais genau so wichteg ass och dem Inneminister Jean-Marie Halsdorf sei Gesetzesprojet fir d’Aschreiwungsfristen vun den Net Lëtzebuerger Wieler bei den Europa- a Gemengewalen op dräi Méint ze reduzéieren. Eng besonnesch Integratiounsschubwierkung an e Méi un Integratioun a sozialer Kohesioun wäert d’Reform vum Nationaliteitegesetz mat der Aféierung vum Prinzip vun der Duebler Nationalitéit bedeiten. Hei bei dëser Reform déi vum Luc Frieden ugestouss ginn ass, wei och bei allen aneren Efforten, déi op méi Integratioun ofzielen, ass et d’lëtzebuerger Sprooch, déi et erlaabt d’Saache beieneen ze bréngen. 

Leif Nolauschterer, mat de Schwéierpunkten, déi de Premier a Numm vun der Regierung am Etat de la Nation gesat huet an déi kloer de Stempel vun der kohärenter Politik vun der CSV droen, huet de Jean-Claude Juncker ënnerstrach, datt dës Regierung fir sozial Fairness ass an aktiv géint Ausgrenzung a Marginaliséierung virgeet. Et ass dës eng aktiv an zukunftsorientéiert Politik fir de Soziale Fridde an di leewech Solidaritéit zwëschen de Mënschen hei am Land nach weider auszebauen. De Soziale Fridden ass eise wichtegsten Atout.

Fir d’CSV ass a bleift d’sozial Kohesioun hei an eisem Land eng absolut Prioritéit.

Maurice Bauer, Generalsekretär adjoint, RTL 92,5, 9. Juni 2008