Et ass eis Sprooch!

Vill gëtt am Moment driwwer diskutéiert, wat eis Sprooch an der Lëtzebuerger Gesellschaft fir e Stellewäert huet. Besser géif en et dréien, wann ee géif soen, an der Gesellschaft vu Lëtzebuerg, well dat jo eng ass, an där 60 Prozent Lëtzebuerger mat 40 Prozent Auslänner zesummeliewen. Déi musse sech net nëmmen alleguer matenee verdroen – an och nach mat ronn 140.000 Frontalieren, déi all Dag bei eis schaffe kommen – si mussen och nach matenee kënne schwätzen. Eng Fräi Tribune vum CSV Fraktiounspresident Michel Wolter an der LCGB Zeitung “Soziale Fortschrëtt”

Mir hunn zu Lëtzebuerg eng Traditioun vun der Méisproochegkeet. Déi wäert och an Zukunft erhale bleiwen. Mir schreiwen eis Gesetzer op franséisch, mir liese meeschtens eis Zeitungen op däitsch. Mee mir schwätze Lëtzebuergesch mateneen. An Zukunft wier et gutt, wa mir och mat den Auslänner am Land géife méi Lëtzebuergesch schwätzen – a si mat eis.

Lëtzebuergesch ass eent vun deenen Elementer, déi eis als Natioun aus maachen. Wat fir eis Natioun mat hiren aneren Attributer, wa se net och eng Sprooch hätt, déi all hir Membere matenee verbënnt, déi eis no bannen an no baussen zesummenhëlt? Datt mir mat Leit, déi eis Sprooch net kënnen, och an anere Sprooche schwätzen, ass normal an et ass gutt. Mee mir sinn eis et schëlleg, datt mir verstäerkt versichen, och deenen Net-Lëtzebuerger, déi zu Lëtzebuerg liewen a schaffen, eis Sprooch nozeleeën.

Et kann een net Lëtzebuerger ginn, nëmme Lëtzebuerger oder och Lëtzebuerger, wann ee sech net kann an der lëtzebuergescher Sprooch ausdrécken a se verstoen kann. Dat ass grad esou widdersënneg, wéi wann ee wéilt Fransous sinn, ouni Franséisch ze kënnen, oder Russ, ouni Russesch ze kënnen. Duerfir fuerdere mir vun all Kandidat fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit an Zukunft, datt e beweist, datt e mat eiser Sprooch op engem éierbaren Niveau eens gëtt. E brauch keng Romaner dran ze schreiwen, dat kënnen déi meescht vun eis jo och net. Mee e muss kënne verstänneg Lëtzebuergesch schwätzen an et nach e Krack besser verstoen. Ween dat net wëllt, ween dat net kann, ween dat ofleent, deen ass duerfir hei net manner wëllkomm. E ka just eis Nationalitéit net kréien.

Doriwwer eraus brauche mir eng Offensiv fir d’Lëtzebuerger Sprooch, well mir nëmmen eppes kënne glafwierdeg vermëttelen, wat mir och selwer eescht huelen. Eis Sprooch muss méi geschriwwe ginn, a jiddereen, deen zu Lëtzebuerg an d’Schoul geet, muss léieren, Lëtzebuergesch ze schreiwen. Mir hunn eng Literatur, déi sech net brauch ze schummen. Déi soll grad esou geléiert ginn, wéi aner Literaturen och. Et ass nämlech eis. Mir sollen se net verstoppen.

Mir fanne net déi eng aner Sprooch, déi all d’Leit, déi zu Lëtzebuerg liewen, haut a muer, ka matenee verbannen. Déi Sprooch kann nëmmen déi Lëtzebuergesch Sprooch sinn. Et ass net Franséisch, et ass net Däitsch, an et ass net Englesch. Wuer fir solle mir och eng aner siche goen, wa mir selwer eng hunn, déi ee ka léieren, an déi ee ka notzen ?

Lëtzebuergesch ass e wesentlechen Deel vun eiser Identitéit. Et ass e wesentlecht Element fir d’Integratioun zu Lëtzebuerg. Et ass d’Sprooch vun alle Lëtzebuerger. An et wier gutt, wann et déi Sprooch kéint ginn, déi mir bei eis och mat deene schwätzen, déi net hei gebuer sinn, an déi net ëmmer hei gelieft hunn. Duerfir setzt d’CSV sech an. Duerfir schaffe mir. Et geet nämlech – wa mir et nëmme richteg wëllen! 

Michel Wolter, CSV Fraktiounspresident

Soziale Fortschrëtt, Juni 2008