Gitt der Medezin eng Chance

An der Pressekonferenz vum 20. Mäerz huet d’CSV erkläert, datt si, nom Vote vum 19. Februar iwwer aktiv Stierfhëllef dëse Vote akzeptéiert an, datt si bereet ass, aktiv matzeschaffen, fir d’Texter ze verbesseren. Eng fräi Tribune vun der Dokter Martine Stein-Mergen, CSV Deputéiert op RTL 92,5

Datt si Nobesserunge gebraucht hunn, gëtt am beschten doduerch illustréiert, datt d’Auteure selwer net manner wei eelef Amendementer virgeluegt hunn, an datt d’Kommissioun och eng Rei vun den CSV Amendementer ugeholl huet.

Wat well d’CSV?

Mir sinn der Meenung, datt eng flächendeckend Aféierung vun der Palliativmedezin, so wei dat am Gesetz vun der Regierung virgesinn ass, aktiv Stiefhëllef wäert weitestgehend iwwerflësseg maachen.

Palliativmedezin ass näämlech dann wann e Mënsch géint seng Krankheet net méi soll oder wëllt behandelt ginn, déi wierklech würdeg Aart a Weis, fir di lescht Phase vun sengem Liewen ze verbréngen.

Mir mengen, datt mir all net genuch informéiert sinn iwwer déi Méiglechkeeten, déi si ze bidden huet.

Déi puer dramatesch Fäll, déi weder heelbar sinn nach vun der Palliativapproche kenne profitéieren, déi sollte kennen, op hiren eegene Wonsch, beim Stierwen aktiv gehollef kréien.

Et handelt sech aus onserer Vue, awer och aus der Vue vu villen anere Politiker aus anere Parteien, em eng Léisung fir d’Ausnamen.

An dësem Sënn hate mir ons Amendementer formuléiert.

Wichteg ass fir ons, datt, virum Entschloss, dësen Akt ze maachen, den Dokter vun engem Grupp vun dréi aneren Doktere berode gëtt.

Dës Spezialiste sollte nach eemol sécherstellen, op de Patient net awer ka wierksam mat anere Moyene gehollef kréien. Net all Dokter, net iwwerall am Land ass ëmmer um Courant vun alle Neierunge vun der Medezin, a séin Averständnis ass och mënschlech eng schwéier Décisioun.

Déi allerwichtegst Nuance an onsen Amendementer ass awer déi, datt als Conditioun fir aktiv Stierfhëllef de Patient an enger Situatioun ass, wou hiem net méi ka mat kurativer oder palliativer Medezin gehollef ginn.

Dës Nuance ass vun den Auteure vun der Proposition de loi an hiren Amendementer erausgeholl ginn: Si hunn « Situation médicale sans issue » ersat duerch « Atteint d’une maladie grave et incurable ;» – an dann si mir weit fort vun den Ausnamefäll. 

Ouni déi vun der CSV Fraktioun proposéiert Virsiichtsmoossnamen, déi vläicht elo, de gudde Wëlle vun den Acteure virausgesat, net wichteg schéngen, géifen hei Dieren opgemaach, déi fir ons mëttel- a besonnesch méi laangfristeg besser zoubleiwe sollten.

Source: Dr. Martine Stein-Mergen, RTL 92,5, Meindes, den 2. Juni 2008