Kongressresolutioun “Focus Jonk” Wunnen – Schaffen

D’CSJ presentéiert all Dag ee Punkt vun der Kongressresolutioun „Focus Jonk“, déi d’Memberen vun der CSJ um Nationalkongress, den 12. Abrëll 2008 kontrovers diskutéiert, amendéiert a schliesslech mat enger breeder Majoritéit gestëmmt hunn. Haut presentéiert Ierch d’CSJ d’Introduktioun an de Punkt 3.1. vum 3. Deel vun der Kongressresolutioun „Focus Jonk“:

Introduktioun

D’Wunne gehéiert net nëmmen zu engem vun de fundamentalste Menscherechter, mee dréit och zur Verwierklechung an zur sozialer Integratioun vum Mënsch bei. Leider ass d’Wunnen an d’Bauen an deene leschte Joeren hei zu Lëtzebuerg esou deier ginn, datt ëmmer méi Léit grouss Schwiergekeeten hu, fir sech nach eng eege Wunneng leeschten ze kënnen. Vill Bierger, dorënner eng ganz Rëtsch Jonker, mussen sech haut dës Dags wéinst deenen ze héiche Wunnengspräiser staark aschränken an, an der Regel d’Hallschent vun hirem Akommes fir d’Bezuele vu Loyer oder Bauprêt nees ausginn. Datt doriwweraus eng grouss Zuel vu Lëtzebuerger dem Land de Rëck kéiere mussen, fir sech hiren Draam vun engem eegenen Heem nach erfëllen ze kënnen, steet onsem Land ganz schlecht zu Gesiicht.

3.1. Ee Recht op Wunnen: eng sozial Verpflichtung!

Fir d’CSJ ass et d’Aufgab vun der Politik, fir alle Menschen hei am Land e würdegt a qualitativ gutt Wunnen ze erméiglechen. Et handelt sech dobäi ëm eng sozial Verpflichtung well et och an dësem Fall ëm d’sozial Kohäsioun vum Land geet. Nach si praktesch 70% vun den Haushalter hei am Land Propritäire vun hirer Wunneng, woubäi déi grouss Majoritéit an Eefamilljehäiser wunnt. D’CSJ wëll datt dëst och an Zukunft esou bleift, datt mir keng Gesellschaft kréien an däer nëmme méi eng handvoll vu Leit Propritaire vun hirem Heem sinn, wou eng handvoll vu Leit dat ganzt Bauland besëtzt an dodrop spekuléieren, datt d’Präisser ëmmer weider erop ginn, fir sech méiglechst vill ze beräicheren. Wunne muss och an Zukunft fir jiddereen e realistescht Ziel bleiwen. Dofir musse weider grouss Ustrengune gemaach ginn, fir Bauland an Immobilië mëttelfristeg fir eng Majoritéit vun der Bevölkerung zougänglech ze maachen.