Kongressresolutioun “Focus Jonk” Direktioun an den Primärschoulen

D’CSJ presentéiert all Dag ee Punkt vun der Kongressresolutioun „Focus Jonk“, déi d’Memberen vun der CSJ um Nationalkongress, den 12. Abrëll 2008 kontrovers diskutéiert, amendéiert a schliesslech mat enger breeder Majoritéit gestëmmt hunn. Haut presentéiert Ierch d’CSJ een Amendement zum Kapitel „Bildung – Edukatioun“ vun der Kongressresolutioun „Focus Jonk“, daat vum Nationalkongress gestëmmt ginn ass: D’Aféierung vun enger Direktioun an den Primärschoulen

2. Bildung – Edukatioun – Amendement

D’Aféierung vun enger Direktioun an den Primärschoulen

(Auteur: Pol Pierret, President vun der CSJ-Bezierkzentrum)

D’Entwécklung vun eiser Gesellschaft bedéngt datt Léierpersonal an der Primärschoul niewend hirem Bildungsoptrag och ëmmer méi eng erzéieresch Roll iwwerhuelen muss. Dofir ass d’CSJ der Meenung, datt et am Kader vum neie Schoulgesetz, un der Zäit wier fir, och an der Primärschoul eng Direktioun anzeféieren. Op dësem Wee géifen d’Enseignanten vun administrativen Aufgabe befreit ginn, an de Volet „Organisatioun, Administratioun a Coordinatioun“ kéint zesummen mat den zoustännege Gemengenautoritéite méi effikass strukturéiert ginn.

D’Schouldirektioun sollt folgend Missiounen hu:

• Si ass responsabel fir d’Schoulorganisatioun (Tâchen an Horairen)

• Si ass zoustänneg fir d’administrativ Aufgaben (Schoulmaterial, Kontakt mat den externe Schoulpartner)

• Si koordinéiert d’Zesummeschaffen vun der Schoul an der Gemeng

• Si kontrolléiert d’Anhale vum Schoulbudget

• Si leed d’Assemblée vum Léierpersonal

• Si beméit sech ëm Partnerschafte mat anere Schoulen aus dem In- an Ausland

Fir d’CSJ ass et wichteg, datt Schouldirektiounen genuch Mëttelen fir eng effizient pädagogesch Betreiung zur Verfügung gestallt kréien.