Politesch Prioritéiten

Den CSJ- Nationalpräsident Serge Wilmes an enger Fräier Tribune um RTL 92,5, Meindes den 18. Mee: Dësen Donneschden, den 22. Mee, hält de Statsminister Jean-Claude Juncker an der Chamber seng traditionell Ried zur Lag vun der Natioun, an där hien eng Analyse vun der momentaner Situatioun vum Land mécht, an d’Prioritéite vun der Regierung fir dat lescht Joer vun der Legislaturperiod 2004-2009 presentéiert. Fir d’CSJ muss d’Regierung vun dësem leschte Joer profitéieren, fir ënnert anerem, d’sozial Kohesioun an eisem Land weider ze stäerken. Dofir mussen an der d’CSJ hiren Aan folgend Reformen nach onbedengt realiséiert ginn:

De lëtzebuergeschen Edukatiounssystem muss endlech un d’Verännerungen an d’Erausfuerderunge vun enger Gesellschaft vum 21. Joerhonnert ugepasst ginn. Déi sozial a wiertschaftlech Entwécklung vun engem Land hänkt wesentlech vum Kënnen a Wësse vun sengen Awunner of. Déi geplangten Aféierung vu Kompetenzsockelen a Léierzyklen sinn zwar ee Schrëtt an déi richteg Richtung, mee fir d’CSJ soll nach iwwer weider Reformen ewéi z.B. d’Aféierung vun engem modularen Unterrichtssystem, dem Schaffe vun enger Direktioun an de Primärschoulen, dem Upasse vun de Formatiounskritären an dem Recrutement vun den Enseignanten, nogeduecht ginn. Essentiell un all Reform bleift awer, datt d’Schoul déi Jonk optimal op d’Erwuessen an d’Beruffsliewe virbereet, well momentan verloossen all Joer ze vill Jonker d’Schoul ouni Diplom an ouni de néideg Kompetenze fir herno am Liewen, a virun allem um Aarbechtsmaart, eens ze ginn. 

D’Konsequenz dovunner ass fir déi Meescht de Chômage, déi se un de Bord vun der Gesellschaft dréckt, an hinne keng selbstänneg a würdeg Existenz erméiglecht. D’Aarbechtsmaartreform 5611 war eng éischt wichteg Mesure fir grad deene Schwächten, also den ënnerqualifizéiert aarbechtsloosen Jugendlechen ënner d’Ärem ze gréifen, an deem se am Kader vu Beschäftegungsmoossnam aktivéiert a forméiert ginn, an doduercher eng realistesch Chance op eng fest Plaz kréien. An och wann d’Reform vum Bildungssystem ouni Zweiwel de Schlëssel ass fir de Problem vum Chômage mëttelfristeg an de Grëff ze kréien, esou musse fir d’CSJ awer nach zousätzlech Ustrengunge gemaach ginn, andeems z.B. d’ADEM déi néideg Moyene kritt, fir datt si hire neien Aufgabe gerecht ka ginn, d’Patronen nach weider dozou encouragéiert ginn, fir méi Stage a Formatiounsplazen unzebidden, massiv an d’Fuerschung investéiert gëtt, fir datt eist Land innovativ bleift an doduerch nei Aarbechtsplaze schafe kann, déi eeler Chômeuren eng Chance kréien, well grad si am stärkste vum Laangzäitchômage betraff sinn. 

Eng fest Aarbechtsplaz ass awer hei zu Lëtzebuerg keng Garantie méi, fir datt sech och an Zukunft déi grouss Majoritéit vu Biergerinnen a Bierger hire Wonsch vun enger eegener Wunneng erfëlle kënnen. D’Immobiliepräisser sinn op engem Niveau ukomm, dee Lëtzebuerg mëttelfristeg vun engem Land vun Propriétaire zu engem Land vu Locataire mécht. Dëst bedeit awer eng staark Belaaschtung fir d’sozial Kohesioun vun eisem Land, an dofir muss een Effort gemaach gi fir d’Substanz vum Pacte logement ze retten an ëmzesetzen, well en der ëffentlecher Hand déi finanziell, steierlech a rechtlech Moyene gëtt fir datt d’Bauland an d’Immobilië mëttelfristeg fir eng Majoritéit vun der Bevëlkerung zougänglech bleiwen.

Zur Gudds vun der sozialer Kohesioun muss schlussendlech awer och dofir gesuergt ginn, datt déi eenzel Bevölkerungsgruppen hei zu Lëtzebuerg, net ewéi dëst ëmmer méi d’Regel gëtt, laanscht enee mee matenee liewen. Dofir muss d’Gesetz vun der duebeler Nationalitéit gestëmmt ginn, d’Lëtzebuergescht als dat zentral Kommunikatiouns- an Integratiounsmëttel gefördert ginn, an iwwert eng méi staark Partizipatioun vun den Auslänner um politesche Liewen nogeduecht ginn.

Serge Wilmes,CSJ-Nationalpräsident, Fräi Tribune um 92,5, Meindes de 19. Mee 2008