Integratiounsfaktor Lëtzebuergesch

Interventioun vum Fraktiounspresident Michel Wolter
zu de Bedingungen fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien

(…) Fir CSV ass d’Fro vum Octroi vun der Nationalitéit den Ofschloss vun enger Integratioun an net den Ufank vun enger Integratioun. An déi national Integratioun an déi national Identitéit spigele sech och erëm an der Maîtrise oder der Net-Maîtrise vun där Sprooch, déi deem Land, vun deem ech d’Nationalitéit wëll hunn, nidderläit.

An dat ass zu Lëtzebuerg d’Lëtzebuergescht. (…)