Reforme fir d’Schoul

D’Bildung ass a bleift dat gréisste Kapital a Potential vun eisem Land, deem seng sozial Kohäsioun a seng zukünfteg wirtschaftlech Entwëcklung nëmmen duerch d’Kënnen an d’Wësse vu sengen Awunner gesëchert ka ginn. Ouni gutt forméiert Aarbechtskräfte wäert Lëtzebuerg säi Wuelstand net sëchere kënnen, an de Sprong a Richtung post-industriell Wëssensgesellschaft net packen. Lëtzebuerg ass awer net dat eenzegt Land op der Welt, dat virun dëser Erausfuerderung steet. Eist Land steet a weltwäiter Konkurrenz zu alle Länner, déi um Wee an d’Wëssensgesellschaft sinn, an dowéinst hirt Bildungssystem réigelméisseg un déi nei sozial a wirtschaftlech Entwëckelungen upassen. Eng Fräi Tribune vum CSJ Nationalpresident Serge Wilmes um RTL 92,5

Eng Reform vum lëtzebuergesche Bildungssystem ass awer keng einfach Affär, well et sech wéinst senger heterogener a multikultureller Schoulpopulatioun ëm ee praktescht weltwäit, eenzegartege System handelt. D’Aféierung vu Léierzyklen a Kompetenzsockeln, ewéi vun der aktueller Regierung virgesinn, ass fir d’CSJ zwar e Schrëtt an déi richteg Richtung, mee och dëse Schrëtt schéngt net an eng laangfristeg Zukunftsvisioun agebonnen ze sinn. Fir eisen Edukatiounssystem wirklech sou ze veränneren, datt all Partenären, mee besonnesch d’Kanner, esouwuel Freed un der Schoul hunn, ewéi och e Sënn an hirer Aarbecht gesinn, plädéiert d’CSJ ënnert anerem dofir, 

 datt an der Primärschoul, a virun allem am Secondaire, ee modularen Unterrichssystem agefouert gëtt, deen et erlaabt, datt d’Schüler an deenen eenzele Fächer, hire spezifesche Schwächten a Stärkten no zesummenzebréngen, an hirem Niveau a Rythmus no ze förderen, 

 datt et fir ee Schüler an der Primärschoul muss méiglech si fir entweder Franséisch als éischt an Däitsch als zweet Friemsprooch resp. Däitsch als éischt a Franséisch als zweet Friemsprooch, ze wielen, 

 datt déi aktuell Schoulprogrammer de Réalitéiten ugepasst ginn, an d’Schoulen eng méi grouss Autonomie am Plangen a Gestalte, vun de Léier- a Stonnepläng kréien, 

 datt d’Schoul de ganze Mensch entwéckelt, andeem se och sozial, kreativ, kommunikativ, kulturell a sportlech Kompetenze fördert, 

 datt d’Schoule regelméisseg evaluéiert ginn, fir ob der enger Säit erauszefanne wou se am nationalen an internationale Verglach stinn, an op der anerer Säit d’Ëmsëtze vun hirem pädagogesche Konzept ze iwwerpréiwen, a wann néideg ze adaptéieren, 

 datt nei Schoulmodeller, ewéi z.B. d’Ganzdagsschoul, ugebuede ginn a sozial Strukturen ewéi Maison relais, Crèchen, Schoulfoyeren a Schoulkantinen ausgebaut ginn, et sech bei dëse Modeller awer ëmmer nëmmen ëm eng Offer a keng Obligatioun handelen däerf, 

 datt den technesche Lycée an d’Berufsausbildung revaloriséiert ginn, well se der Villfalt vun eiser Gesellschaft entspriechen an déi sozial Integratioun a Mobilitéit förderen, 

 datt eis Schoul e gutt forméiert a motivéiert Léierpersonal kritt, dat respektéiert gëtt, an d’Ennerstëtzung vun den eenzele Schoulpartner huet!

Dëst sin nëmmen e puer, vun enge sëllegen Virschléi, déi d’CSJ der Regierung mat op de Wee gëtt, fir dat eis Schoul eng koherent Reform kritt, déi net nëmmen als Fléckwierk oder Selbstzweck déngt, mee et erlaabt d’Kanner adäquat op hirt Liewen an d’Ufuerderungen, déi do menschlech a berufflech u si gestallt ginn, virzebereeden.

Serge Wilmes, CSJ Nationalpresident, RTL 92,5, Méindes den 12. Mee 2008