Kongressresolutioun “Focus Jonk” Evaluéieren, net démotivéieren!

D’CSJ presentéiert all Dag ee Punkt vun der Kongressresolutioun „Focus Jonk“, déi d’Memberen vun der CSJ um Nationalkongress, den 12. Abrëll 2008 kontrovers diskutéiert, amendéiert a schliesslech mat enger breeder Majoritéit gestëmmt hunn. Haut presentéiert Ierch d’CSJ d’Punkten 2.4. an 2.5. vum 2. Deel vun der Kongressresolutioun „Focus Jonk“: Evaluéieren, net démotivéieren!

2. Bildung – Edukatioun

2.4. Evaluéieren, net démotivéieren!

D’Schoul dierf sech awer net nëmmen op déi reng Vermëttelung vun theoreteschem a prakteschem Wësse konzentréieren a just qualifizéiert Aarbechtskräfte fir déi national Wirtschaft ausbilden. Si muss de ganze Mensch entwéckelen andeem se och sozial, kreativ, kommunikativ, kulturell a sportlech Kompetenze fördert. Fir d’Entwécklung vun de Schüler ze iwwerpréife musse regelméisseg Bewertunge gemaach ginn. Evaluatiounen a Prüfunge gehéieren zum alldeegleche Liewen dozou, an dëser Realitéit muss d’Schoul och gerecht ginn. Et dierf awer net ewéi bis elo nëmme punktuellt Wësse gepréift gi, mee och déi substanziell Emsëtzung vun de geförderte Kompetenze mussen evaluéiert ginn. D’Schüler solle léieren, datt Leeschtung, Wëssen a Kënnen sech lounen. Och d’Schoule musse regelméisseg evaluéiert ginn, fir ob der enger Säit erauszefanne wou se am nationalen an internationale Verglach stinn, an op der anerer Säit d’Emsëtze vun hirem pädagogesche Konzept ze iwwerpréifen, a wann néideg ze adaptéieren.

2.5. Eng Schoul vu géigensäitegem Respekt!

All Reform vum Bildungssystem kann awer nëmmen dann eng Réussite ginn, wann déi eenzelne Schoulpartner matmaachen. D’CSJ fuerdert dofir,

 eng nei Schoulkultur an där d’Schoulpartner respektéiert ginn an enk zesummeschaffen. Elteren, Enseignanten, Educateuren, Schüler a Schouladministratioune musse gläichberechtegt Partner sinn, déi alleguerte Rechter a Pflichten hunn an hiren Deel zum Funktionéiere vun der Schoul bäidroen.

Eng gutt Zesummenaarbecht kanner awer nëmmen da funktionéieren, wann déi eenzel Schoulpartner sech och géigesäiteg respektéieren a wëssen, wat deem Anere seng Erwaardungen an Aufgabe sinn. Am Kader vun enger déifgräifender Reform missten dës Aufgaben och iwwerduecht a präziséiert gin.

D’CSJ ass awer der Meenung, datt virun allem d’Leeschtung an d’Aarbecht vun eisem Léierpersonal an der Gesellschaft méi gewürdegt muss ginn, anstatt, datt dacks och an de Medien op hinnen erëmgetrëppelt gëtt. Nëmme wann d’Gesellschaft den Enseignanten, deen néidege Respekt weist, kennen d’Kanner dat och!