Eng Plaz fir d’lëtzebuerger Sprooch an der Verfassung

An dem neien Nationalitéitsgesetz, wat nach dëst Joer an der Chamber gestëmmt soll ginn, gëtt der lëtzebuerger Sprooch eng grouss Bedeitung zougemooss. Si ass e wichtegt Element vun der Integratioun an der nationaler Kohesioun. Dofir soll jiddereen, den zu Lëtzebuerg lieft a schafft, d’Méiglechkeet hunn, eis lëtzebuerger Sprooch ze léieren. Eng Fräi Tribune vum Paul-Henri Meyers, CSV Deputéierten op RTL 92,5 an um 100,7, de 7. Mee 2008

Besonnesch den, de Lëtzebuerger wëll ginn, soll Lëtzebuergesch esou verstoen a schwätze kennen, datt en an der Gesellschaft an op der Aarbecht un engem Gespréich op Lëtzebuergesch kann deelhuelen. 

Fir dat Ziel ze erreechen, mussen an der Schoul awer och an den Entreprisen zousätzlech Efforte gemaach ginn. Et mussen zousätzlech Méiglechkeete gebuede ginn, fir Lëtzebuergesch ze léieren. 

Fir d’Bedeitung vun eiser Sprooch an der Gesellschaft zu Lëtzebuerg ze ënnersträichen, ass d’CSV der Meenung, datt d’lëtzebuerger Sprooch och eng Plaz an eiser Verfassung muss hunn. Eis Nopeschlänner hunn hir Sprooch an d’Verfassung vun hire Länner ageschriwwen. Och mir sollen houfreg op eis Sprooch sinn an hir Wichtegkeet duerch en ugepassten Text an der Verfassung ënnersträichen. 

Domat soll die bestehend Regelung, déi aus dem Artikel 29 vun der Verfassung an aus dem Gesetz vum 24. Februar 1984, net geännert ginn. Lëtzebuerg ass a bleift e Land, datt am offizielle Sproochgebrauch, di dréi Sprooche Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch niewenteneen unerkennt. Dat verhënnert awer net, datt mir eis eege lëtzebuerger Sprooch méi staark wei bis elo ervirhiewen. 

An der lëtzebuerger Verfassung stinn elo schon’s eng Rei vun Artikelen, déi keng direkt verbindlech juristesch Norm ausdrécke mais éischter ee politesche Programm undeiten. Och d’Fuerderung vun eiser Sprooch ass derwäert, an engem Verfassungsartikel festgehal ze ginn. D’CSV well sech dofir asetzen, datt lëtzebuerger Sprooch an der Verfassung ageschriwwe gëtt.

Paul-Henri Meyers, CSV-Deputéierten, um RTL 92,5 an um 100,7, de 7. Mee 2008