CSV. Mat Iech am Gespréich. Léisunge fir méi Wunnengsbau

Auszich vun der Äntwert vum CSV-Fraktiounspresident Michel Wolter op eng Fro iwwert de Wunnengsbau am Kader vum CSV Gesprächstour zu Sandweiler, de leschte Mëttwoch.

„Datt d’Situatioun um Wunnengsmarché eng schwiereg ass, dat si mir eis alleguer zanter Joere bewosst. Et ass esou, datt d’Politik en Deel ass vu villen Intervenante, wann et drëm gëtt, fir d’Präisser vun de Wunnengen ze determinéieren.

An d’Politik huet och nëmme begrenzt Méiglechkeeten, fir eng Rei vu Phenomener kennen ze konterkaréieren oder alternativ Propositiounen dohinner ze leeën, wa si net wëll eng Rei vun anere Prinzipien ëmstoussen, déi d’Grondfundament vun eiser Gesellschaft sinn.

Fir mech perséinlech ass dat den Dilemma, dee mir an dem Domaine hei hunn: D’Fräiheet vun dem eenzelen, iwwert säin Terrain ze verfüge versus de Wëlle vun enger Gesellschaft, fir senge jonke Leit zu engem abordable Präis eng Wunneng kënnen unzebidden. 

CSV_mat_iech_am_gesprecih_sandweiler.jpgDat si véier verschidden Intervenanten, deenen hir Intérêten net di selwecht sinn. Di eng, déi hätte gären e maximale Präis, déi aner, déi hätte gären eng Regularisatioun an de Mënsch dobaussen, dat ass den, den en Fin de compte ëmmer méi héich Präisser muss bezuelen.

Dofir huet d’CSV an hire Minister, de Fernand Boden, virun enger Zäit eng ganz Rei vu Mesuren op den Dësch geluegt, fir ze soen, wéi kënne mir et erreechen, datt d’Leit eben net an d’Ausland musse wunne goen, datt mir méi Terrainen op de Marché kréien, datt mir méi gezielt och u jonk Leit kennen Terraine kréien.

Do ginn et eng Rei Mesuren, déi gi vun engem Droit de préemption(Virkaafsrecht), déi ginn iwwert d’Förderung vum öffentleche Bauen an den Hänn vun den Etablissementer, déi mir hunn, déi ginn zur Incitatioun fir d’Gemenge fir si och materiell ze incitéieren, doduerch, datt si Sue kréien, fir méi séier ze développéieren.“

(Profil, den 28. Abrëll 2008)