D’Cooperatioun bréngt et

Aus der Ried vum Cooperatiounsminister Jean-Louis Schiltz :
De Kampf géint d’Aarmut ass e Kampf vun all Dag.

Wann am Mali 1994 nach iwwer 74 Prozent vun de Leit mat manner wéi engem Dollar hu missen iwwerliewen an et der ewell nëmmen nach 36 Prozent sinn, da sinn dat der sécher nach 36 % zevill, mä dann ass déi Réductioun – vun 74 op 36 % iwwer 10 Joer eraus – sécherlech och en Erfolleg. Eng Victoire d’étape zou där d’Lëtzebuerger Cooperatioun, als Partner vum Mali, hirt dozou bäigedroen huet. 

Wann am Niger 1995 nëmme 40 % vun de Kanner géint d’Riedelen geimpft waren an et der am Joer 2005 83 Prozent sinn, da geet dat sécher nach net duer, mä dann ass déi Verbesserung – vu 40 op 83 % iwwer 10 Joer eraus – sécherlech och en Erfolleg. Eng Victoire d’étape zou där d’Lëtzebuerger Cooperatioun, als Partner vum Niger hiert dozou bäigedroen huet.

Kënne mir zefridde sinn?

Kënne mer eis mat dëse relative Succèsen zefridde ginn? D’Äntwert op déi Fro ass e kloren „Nee”. …. Ass déi richteg Fro an deem Zesummenhang net déi, wéi ongedëlleg mer eigentlech dierfe sinn, wa mer zesummen un enger nohalteger Verbesserung vun der Situatioun an der Entwécklungswelt schaffen?

Déi afrikanesch Entwécklungsbank ass …. zur Konklusioun komm, datt elo scho kloer ofzegesi wär, datt fënnef afrikanesch Länner géifen d’Zil vun der Halbéierung vun der Aarmut erreechen. Et sinn dat de Botswana, Tunesien, d’Ile Maurice, de Burkina Faso an de Cap Vert.

Véier vun deene fënnef …. sinn …. Länner, déi mat der Lëtzebuerger Cooperatioun zesummeschaffen oder zesummegeschafft hunn. Dat léisst sech dach weisen. Dat weist dach, datt d’Cooperatioun et bréngt.

De Cap Vert zum Beispill mécht noweislech Progrèsen op alle Fronten…. Viru kuerzem huet dat Land de Sprong aus dem Grupp vun deenen äermste Länner eraus gepackt. Sécherlech Grond genuch, fir sech mat eise capverdianesche Frënn ze freeën, mä sécher awer kee Grond fir d’Lëtzebuerger Cooperatioun, sech elo aus dem Cap Vert zréckzezéien, an ze soen: „Dat war et. Äddi a merci.” Géife mer dat maachen, wär dat e grousse Fehler. Et wär wéi wa mer engem Fliger, dee grad amgaang ass ze starten, géifen de Kerosin ofschneiden oder de Krunn géifen zoudréien, an duerfir wäert d’Lëtzebuerger Cooperatioun wuel och déi lescht sinn, déi sech aus dem Cap Vert wäert zréckzéien.

D’Zil ass ukommen! 

IMG_0430.JPGD’Beispill vum Cap Vert soll och en Encouragement sinn fir an anere Länner – trotz verhältnisméisseg méi klengen Erfolleger – d’Bengelen net bei d’Tromm ze geheien, mä villméi op dës méi kleng Erfolleger opzebauen a mat neier Energie a vill Ausdauer d’Saachen unzegoen.

Et ass mat der Cooperatioun e besse wéi beim Marathon. Déi eng packen et an zwou Stonnen, déi aner a fënnef. Déi eng ginn topfit un den Départ, déi aner kämpfe scho virum Départ mat méi oder manner grousse Boboen. Déi eng hunn op all Eck vum Parcours e Kolleg stoen, dee se encouragéiert, déi aner net. Déi eng treffen ënnerwee op eng gutt Séil, déi hinnen eppes ze drénke reecht, déi aner kommen op de Verpfleegungsstänn un, wa schonn näischt méi do ass, fir sech ze stäerken. Wichteg ass, datt se am Endeffekt all – oder bal all – ukommen. Déi eng ebe just méi spéit an déi aner ebe méi fréi.

Natierlech bréngt ee beim Marathon – wéi an der Cooperatioun – näischt fäerdeg ouni Energie, ouni Engagement an ouni Déterminatioun. D’Resultater vun der Cooperatioun…. weisen awer kloer de Wee. Si weisen, datt eis Partner an der Cooperatioun et mat eiser Hëllef fäerdeg brénge kënnen, an et ass dat wat zielt.

Wa mer … am Vietnam haut d’Zil-Linn vun der klassescher Cooperatioun um Horizont 2015/2020 gesinn an dementsprechend iwwert e Réckzuch schwätzen, dann ass dat un éischter Stell de Verdéngscht vun de Vietnamese selwer, mä dann hunn awer och déi international Partner vum Vietnam an dorënner och Lëtzebuerg eppes domatter ze dinn. Och hei ass hiren Erfolleg e bëssen eisen Erfolleg. … (D’Beispill vum Vietnam) weist, datt et e Liewen no der Cooperatioun gëtt. 

(Profil, 28. April 2008)