“Focus Jonk”: Méi politescht Matsproocherecht!

D’CSJ presentéiert all Dag ee Punkt vun der Kongressresolutioun „Focus Jonk“, déi d’Memberen vun der CSJ um Nationalkongress, den 12. Abrëll 2008 kontrovers diskutéiert, amendéiert a schliesslech mat enger breeder Majoritéit gestëmmt hunn. Haut presentéiert ierch d’CSJ den zweeten Deel vum Punkt 1.5. vum 1. Deel vun der Kongressresolutioun „Focus Jonk“: Méi politescht Matsproocherecht!

1.5. Méi politescht Matsproocherecht!

Fir d’Recht ze kréien un de Gemengen an Europawalen deelzehuelen, muss der CSJ no, eng Persoun mat engem auslännesche Pass keng Sproochen- oder Openthaltskonditiounen erfëllen. Fir d’Europa- a Gemengewale muss et och duergoen sech an d’Wielerlëschte vun der Gemeng an där ee säi Wunnsëtz huet, anzedroen. D’CSJ fuerdert awer, datt den Délai fir d’Aschreiwung staark verkierzt soll ginn. An Zukunft muss et duer goen, wann ee sech nëmme méi 3 Méint virun de Walen anschreift. Mir sinn awer der Meenung, datt Wieler mat engem auslännesche Pass nëmmen da Schäffen oder Buergermeeschter vun enger Gemeng kënne ginn, wann se Lëtzebuergesch schwätze kënnen a gutt Notiounen an enger vun deenen aneren zwou Landessproochen hunn. Fir d’CSJ kann och an Zukunft eng Wallëscht weder bei National-, Gemengen-, nach Europawalen aus enger Majoritéit vu Kandidate bestoen, déi d’lëtzebuergesch Nationalitéit net hunn.

Fir d’CSJ ass et evident datt, wann een d’lëtzebuerger Nationalitéit gäeren hätt an sech um politeschen Dagesgeschäft bedeelege wëll, een dann och de politesche System vu Lëtzebuerg kennegeléiert muss hunn. D’CSJ fuerdert dofir een „Dag fir Lëtzebuerg“, dat heecht en Civiquescours vun 24 Stonnen, deen iwwer de ganzen Zäitraum vun der Mindestobenhaltsdauer, déi fir d’Nationalitéit an d’nationalt Walrecht gëlle soll, verdeelt ka ginn.

D’CSJ plädéiert awer dofir, datt et sech bei den Civiques- a Sproochecoursën ëm eng Offer handele muss, déi eisen auslännesche Matbierger gratis zur Verfügung steet.

Doriwwer eraus si mir der Meenung, datt déi Persoun mat engem auslännesche Pass, déi op mannst 7 Joer vu hirer obligatorescher Schoulzäit an enger ëffentlecher oder privater Schoul vum lëtzebuergeschen Educatiounssystem absolvéiert huet, an deem den offizielle lëtzebuergesche Schoulprogramm gemaach gëtt, esou wéi all déi Persoune mat engem auslännesche Pass, déi virun dem Joer 1984 op Lëtzebuerg wunne komm sinn, also an deem Joer wou d’Lëtzebuerger Sproochegesetz a Kraaft getrueden ass, d’Sproochen- an d’Obenthaltskonditioune fir d’lëtzebuerger Nationalitéit an dat nationalt Walrecht net ze erfëlle brauch.

Wann een auslännesche Matbierger sech bei Walen ageschriwwen huet, da gëllt fir hien, ewéi och fir de lëtzebuergesche Wieler, d’Pflicht drun deelzehuelen, an zwar esou laang bis een d’Kriterie vun der Walpflicht erfëllt. D’CSJ wëll datt weider un der Walpflicht festgehaale gëtt, well an enger demokratescher Gesellschaft d’Bierger net nëmme Rechter mee och Pflichten vis-à-vis vun der Gesellschaft hunn.