Kongressresolutioun „Focus Jonk”

D’CSJ presentéiert all Dag ee Punkt vun der Kongressresolutioun “Focus Jonk” déi d’Memberen vun der CSJ um Nationalkongress, den 12. Abrëll 2008 kontrovers diskutéiert, amendéiert a schliesslech mat enger breeder Majoritéit gestëmmt hunn. Haut presentéiert ierch d’CSJ den Punkt 1.2. vum 1. Deel vun der Kongressresolutioun „Focus Jonk“: Eis Sprooch zielt!

Eis Sprooch zielt!

Fir déi grouss Majoritéit vun de Lëtzebuerger ass hir Sprooch, d’Lëtzebuergescht, ewéi rezent Studien däitlech weisen, dee wichtegsten nationalen Identitéitsfaktor. Fir sech als Lëtzebuerger ze fillen, muss ee Lëtzebuergesch schwätzen an dowéinst ass et fir d’Auslänner onbedéngt noutwenneg, eis Sprooch ze léiere wa mir d’Kohäsioun vun eiser Gesellschaft gäeren séchere wëllen.

D’CSJ fuerdert dofir, datt de Stellewert vum Lëtzebuergeschen als Integratiouns- a Kommunikatiounssprooch, als gemeinsamen Identitéitsfaktor, gestäerkt muss ginn. Natierlech ass dat nëmme realistesch, wann d’Lëtzebuerger an d’Auslänner openeen zouginn an d’Léiere vun der Sprooch esou einfach ewéi meiglech gemaach gëtt. Dozou gehéiert fir d’CSJ, datt,

 d’Lëtzebuerger hir Sprooch och mat hiren auslännesche Matbierger schwätzen
 d’Lëtzebuergescht an de Schoule geschwat an enseignéiert gëtt
 méi Lëtzebuergesch-Enseignanten ausgebildt ginn
 verstäerkt lëtzebuergesch Coursën ugebuede ginn
 de Congé linguistique endlech agefouert gëtt

D’CSJ ass dovunner iwwerzeecht, datt wann all dës, esou wéi nach weider noutwenneg Integratiounsmesurë geholl ginn, d’Lëtzebuerger an d’Auslänner zu enger kulturell räicher a villfälteger nationaler Communautéit zesummewuessen wäerten. Gëtt dëse wichtege Schratt awer net gemaach, da wäert d’Frustratiounsgefill, datt bei ville Lëtzebuerger elo schon ze spieren ass, an déi domat verbonne Risiken, nach méi grouss ginn.