Kongressresolutioun “Focus Jonk”

D’CSJ presentéiert all Dag ee Punkt vun der Kongressresolutioun „Focus Jonk“, déi d’Memberen vun der CSJ um Nationalkongress, den 12. Abrëll 2008 kontrovers diskutéiert, amendéiert a schliesslech mat enger breeder Majoritéit gestëmmt hunn. Haut presentéiert ierch d’CSJ den Punkt 1.1. vum 1. Deel vun der Kongressresolutioun „Focus Jonk“:

Kongressresolutioun "Focus Jonk"
 
1. Hierkonft – Zesummeliewen
 
Schon haut wunnen hei zu Lëtzebuerg iwwer 40% auslännesch Matbierger, kommen all Dag wäit iwwer 130.000 Awunner aus der Groussregioun bei ons schaffen, sinn 2 vun 3 Beschäftegter Net-Lëtzebuerger. Wann demografesch Entwëcklung vum Land an dem aktuelle Rhythmus weidergeet, da wäerte laut Prognose vum Statec spéitstens ëmt d’Joer 2020 d’Auslänner hei zu Lëtzebuerg an der Majoritéit sinn. Fir Lëtzebuerg a seng Awunner bedeit dëst eng enorm Erausfuederung, déi elo, an net eréicht an 10 Joer, ugepaakt muss ginn. Et geet ëm näischt aneschters ewéi ëm d’Kohäsioun vun der lëtzebuerger Gesellschaft, ëm d’Zukunft vun der kollektiver Identitéit vun eisem Land. Dës Identitéit ass net statesch, an huet sech am Laf vun de leschte Joerhonnerte ëmmer nees weiderentwëckelt. D’Resultat vun der identitärer Evolutioun ass eng pluralistesch Natioun, déi tolerant an oppen no bannen an no baussen ass, an dëst well se sech am Laf vun der Geschicht mat Elementer aus anere Kulture beräichert huet. De lëtzebuergesche Modell vun enger nationaler Identitéit steet deemno fir eng gesond Mëschung vu Patriotismus an Universalismus, déi bis elo verhënnert huet, datt Nationalismus a Protectionnismus entstoe konnten.
 
 
1.1. Lëtzebuerger an auslännesch Matbierger: Ee gemeinsame Wee!
 
An deene leschte Joeren huet sech d’lëtzebuerger Gesellschaft awer esou staark verännert, datt definitiv d’Fro gekläert muss ginn, wat fir een Zukunftsmodell mir alleguerte fir eist Land gäre hätten. Déi momentan Situatioun, an där d’Kohäsioun an de soziale Fridde vum Land eleng duerch de Wuelstand vu sengen Awunner geséchert gëtt, wäert spéitstens an deem Moment u seng Grenze stousse wou dee staarke wirtschaftleche Wuestum dauerhaft zeréckgeet oder esouguer ganz ausbleift. Eng multikulturell Gesellschaft ewéi Lëtzebuerg muss also vun aneren, net renge wirtschaftlechen Identifikatiounsfaktoren, zesummengehale ginn. D’Politik ass gefuedert, fir déi Decisiounen ze huelen, déi et erlaben, datt all Awunner vum Land, d’Lëtzebuerger genau esou gutt ewéi d’Auslänner, mateneen an enger nationaler Gemeinschaft liewen an sech mat dëser och identfizéiere kënnen. Ee gemeinsamen Identitéits- a Gesellschaftprojet fir deen d’Lëtzebuerger ewéi och d’Net-Lëtzebuerger verantwortlech sinn, muss ausgeschafft ginn.
 
An deem gemeinsamen nationale Gesellschaftsprojet musse fir d’CSJ virun allem zwee Faktore vun der lëtzebuerger Identitéit fest verankert ginn: d’Lëtzebuerger Sprooch an d’politescht Matsproochrecht vun allen Awunner.