D’Konferenz vu Bangkok – eng weider Chance fir eist Klima

D’Konferenz vu Bali huet festgehalen, dass d’Industrielänner, d’Schwellelänner an d’Entwécklungslänner sech fir eng seriös Reduktioun vun den Dreiwhausgasen asetze mussen. D’Konferenz vu Bangkok an der leschter Woch huet ë Nofolger vum Kyoto-Protokoll ausgehandelt. Well desse schléisst am Dezember 2012 of. Eng Fräi Tribune vum CSV Deputéierten Marcel Oberweis op RTL 92,5

Léif Nolauschterer,

Den UNO-Generalsekretär Ban-Ki-Moon huet am Ufank vun der Konferenz gesot: “D’Welt waart elo op eng Léisung, déi laangfristeg a wirtschaftlech sënnvoll ass.“ Fir déi industrialiséiert Länner heescht dat, hiren Energieverbrauch aus fossilen Energien an domat och hir Dreiwhausgasemissiounen ganz staark ze reduzéieren.

D’Ustrengunge lafen zurzeit drop eraus, d’Emittenten vun Dreiwhausgasen wéi d’USA, China an Indien och an desse wichtege Reduktiounsprozess anzebannen. Och musse mir den Entwécklungslänner déi finanziell Ënnerstëtzung an Emwelttechnologien ginn, déi hinnen erlaben, hir Wirtschaft ze entwéckelen a sech fir den nohaltege Wee ze engagéieren. An desse Länner wierkt sech de Klimachangement am stärksten aus, dat beweisen eis d’Hongersnouten an d’Iwwerschwemmungen.

All eis Ustrengungen am Dossier Klimawiessel mussen derzou bäidroen, dass d’Temperaturerhéichung vun eiser Atmosphär net méi wéi 2 °C bis d’Enn vun dësem Joerhonnert bedréit. Eleng dës Erhéiung giff bedingen, dass ronn 2 Milliarde Mënsche grouss Problemer mat der Drénkwaasserversuergung kréien.

D’Europäesch Unioun huet sech fir de nohaltege Wee entscheet, a si ass bereet, hir Dreiwhausgasemissiounen em mindestens 20 % ze reduzéieren an esouguer 20 % erneierbar Energien an dem Energieverbrauch bis 2020 anzesetzen. An desse Prozess gëtt duerch dat europäescht Klimabündnis vun de Gemengen ënnerstrach. Bis elo hu sech 1400 Gemengen abruecht an eng gudd Aarbecht um Terrain gemat.

D’Konferenz vu Bangkok huet eng „Roadmap“ fir déi kommend Emweltkonferenz zu Poznan a Polen am Dezember dëst Joer virgeluegt. An do wäerten och weider Schrëtter fir den Nofolge-Akkord vu Kyoto gesicht ginn.

Nëmmen duerch e responsabelt Verhale géint iwwer de Liewensressourcen: Buedem, Waasser a Loft ruffe mir déi nohalteg Opbrochstemmung ervir. Ech well awer ervirhiewen, dass et an dësem Prozess Gewënner an och Verléierer gëtt. Mä et ass evident, wa mir näischt am Dossier Klimawiessel machen, da si mir alleguer Verléierer.

Duerfir ziele mir op jidder Eenzelen an eiser Gesellschaft, mir wëllen eise Kanner a Kannskanner eng intakt Äerd hannerloossen.

D’CSV well duerch hir engagéiert Ëmweltpolitik derzou bäidroen, dass d’Konferenz vu Bangkok eng weider Chance fir eist Klima duerstellt.

Merci fir d’Nolauschteren. 

Marcel Oberweis, RTL, 92,5, 7. Abrëll 2007