Bemierkungen zum Palliativ- an zum Euthanasiegesetz

Eng fräi Tribün vum Hubert Hausemer um 100,7

Ech kommen nët derlaanscht, fir haut op déi zwee Gesetzer anzegoen, déi viru knapp zwou Wochen an éischter Liesung ugeholl goufen. Ech wëll a kann hei kee komplette Kommentar ginn, mä 4 Bemierkunge maachen, an zwar vun engem philosophesche Standpunkt aus.

Fir t’éischt kann ech nët aanescht, ass wéi doriwer ze staunen, d’Staunen ass jo bekanntlech déi eigentlech philosophesch Astellung, datt äis Chamber et fäerdeg bruecht huet, praktesch gleichzeiteg zwee Gesetzer ze stëmmen, déi am dréngende Verdacht stin, sech géigesäiteg ze widderspriechen an duerfir ze blockéieren. Gët et en aanert Parlament op der Welt, dat et sech geleescht huet, zwee Gesetzer ze votéieren zum selwechte Problem, nämlech zum Enn vum Liewen, ouni am viraus, trotz der Warnung vum Staatsrot, sech d’Fro vun hierer Harmoniséierung iwerhaapt mol ze stellen, geschweigs dann, sou eng Aarbecht virum Vote ze leeschten? Ech mengen, Lëtzebuerg resp. d’lëtzebuerger Politiker hunn eng Plaatz am Guiness Buch voll verdéngt, nët am Buch vun de Rekorden, mä vun de Blamagen. War et Schlamperei, oder ideologesch Verbruetheet vun deenen, déi onbedéngt d’Euthanasiegesetz iwert d’Bühn wollte bréngen, aus Angscht, eng méi genau Harmoniséierungsaarbecht mam Palliativgesetz géing weisen, datt déi zwee nët kéinten zesummebestoen? Lo musse se da post festum versichen, op do iwerhaapt nach eppes gudd ze machen ass.

Zweete Punkt : Ee Grond wuel, wuerfir eng kleng Majoritéit vun Deputéierte sech et geleescht huet déi zwee Gesetzer ze stëmmen, as wuel déi ominéis Opfaassung, déi am Exposé des motifs vum Euthanasiegesetz laang a breet duergeluegt gëtt a seit enger Zeit wéi en Axiom duerch d’Diskussioune geeschtert, nämlech datt Palliativpfleg an Euthanasie sech nët nëmmen nët géife widderspriechen, mä carrément komplementär wieren, sech also géifen ergänzen. Reng technesch gesin kann een tatsächlech dat eent nom anere maachen. Mä wat materiell eent nom anere ka gemaach ginn, ass duerfir nach laang nët eent d’logesch Fortsetzung vum aneren; scho guer nët, wann eent de Géigendeel vum aneren ass oder bewierkt : Seit wéini ass den Dout dann d’Ergänzung vum Liewen? Wéi kann een also denken, datt d’Palliativpfleg, déi en erdréiglecht Enn vum Liewe garantéiert, ergänzt kéinte ginn duerch d’Euthanasie, déi jo stracks zum Dout féiert? An ech gesinn elo mol nach of vun aneren Ennerscheeder zwëschen deenen zwou Praktiken, wéi z.B. deen, datt bei der Palliativmedizin therapeutesch Mëttel ugewandt ginn, déi och soss an der Medizin zur Uwendung kommen, während bei der Euthanasie Gëfter gebraucht ginn, déi zu kenger normaler Therapie gehéieren. A soufären huet Euthanasie nët nëmmen neischt mat Palliativpfleg ze dinn oder gemeinsam, mä souguer neischt mat Medizin iwerhaapt.

Drëtt Remarque : Am Exposé des motifs vum Euthanasiegesetz gëtt als ee Motiv fir dat Gesetz drop higewisen, datt trotz dem bisherige absolute Verbuet awer hei am Land géif Euthanasie praktizéiert ginn,an duerfir misst légiféréiert ginn, fir dësen Abus ze vermeiden. Dat ass e ganz kuriéist Argument. Geradsougudd kéint ee jo soen, Klauen ass zwar absolut verbueden, mä et gëtt manifesterweis trotzdem geklaut, also depenaliséiere mer d’Klauen. Dorop géif natiirlech geäntwert ginn : mä d’Euthanasie gëtt nëmme ganz restriktiv a fir Extrem- oder Ausnamefäll zougelooss. Iwwer esou vill Naivitéit kann e Philosoph nëmme staunen : wa bis elo géint dat bestehend Gesetz euthanasiéiert gouf, wat verhënnert dann, datt nët och géint dat neit Gesetz weider illegal Euthanasie praktizéiert gëtt? An zwar grad well engersäits dëst Gesetz sou restriktiv ass an duerfir an esou wéineg Fäll gestatt gëtt, während anersäits de Message vun dësem Gesetz deen ass, datt Euthanasie keen Tabu méi duerstellt.

Vir meng läscht Bemierkung loossen ech en deitsche Liedermacher zu Wuert kommen, den Hannes Wader. Ech erlaabe mer, eng Stroph aus engem Lidd vu senger rezenter CD, „Mal angenommen", an den heitege Kontext ze setzen. Sie brengt eng méiglech, wann nët souguer, ënner an der Zukunft denkbaren Ëmstänn, wahrscheinlech Konsequenz vum Euthanasiegesetz zum Ausdrock. Am Lidd ‚Blues in F’, seet de Wader folgendes :

„Hierzulande gibt’s Leute, die reden schon
– das Wohl aller im Blick – ganz offen davon,
ob man uns später nicht töten soll,
denn wir schaden der Wirtschaft, sind wir erst mal alt.
Und wir sollen es dulden, ergeben und still,
aber uns darf die Wirtschaft – so viel sie will –
schaden. Sie ist die Staatsgewalt."

  

Hubert Hausemer, um Radio 100,7 den 5. Mäerz 2008