Eng Joerhonnertreform: De Projet Enheetsstatut

Den CSV Deputéierten Marcel Glesener an enger Fräier Tribune op RTL 92,5 iwwert den Enheetsstatut: “Ech géif soen, dëse Projet ass den Ofschloss vun enger sozialpolitescher gesetzgebender Entwécklung, déi virun 30 Joer ageleet ass ginn an elo mat dësem Projet zum Ofschloss kënnt.”

Ass de Projet Eenheetsstatut dann elo wierklech eng Joerhonnertreform?

Ech géif soen, dëse Projet ass den Ofschloss vun enger sozialpolitescher gesetzgebender Entwécklung, déi virun 30 Joer ageleet ass ginn an elo mat dësem Projet zum Ofschloss kënnt.

Dat d’Ganzt ass schonn eng Joerhonnertreform. 

Kucke mer mol an d’Vergaangenheet :

Den Urlaub tëschent Beamten an Aarbechter war nët de selwechten.

D’Krankegeld war ënnerschiddlech.

De Beitrag fir d’Krankekeesen war nët gläich.

D’Pensioune goufen anescht berechent.

D’Aarbechtszäite waren ongläich.

D’Zouschléi fir Iwwerstonnen , Sonndes – a Feierdaagsarbecht waren anescht.

D’Kënnegungsfristen an d’Abgangsentschädegungen waren nët gläich.

Den Trimester de faveur huet fir d’Aarbechter nët bestan.

Et huet keen uniforme Kollektivvertrag bestan.

Eng Vereenheetlechung a Gläichstellung vun all deenen aarbechts – a sozialrechtleche Bestëmmungen a Gesetzer , gëtt elo duerch den Enheetsstatut ofschléissend an definitiv verwierklecht.

Doriwwer eraus, ginn déi nach besteehend Krankekeese fusionéiert. Et gëtt nëmme méi fir de Privatsekteur eng eenzeg Kees. Déi heescht dann nët méi „ Krankekeess“, mais National Gesondheetskees.

D’Privatbeamte Pensiounskeess,gëtt mat der Aarbechterpensiounskees och fusionéiert.

A schlussendlech, gëtt dann och d’Arbeiterkammer mat der Privatbeamtekammer zu enger eenzeger Berufskammer, an der och d’Rentner Member ginn,zesummegeschloen.

An de Betriber gëtt dann nëmme méi eng Delegation fir all Beschäftegt gewielt.

A schlussendlech gëtt d’Bezeechnung Aarbechter a Beamten ofgeschaaf .

Voilà :..Dat ass kuerz zesummegefaasst, den Enheetsstatut, den den 1.Januar 2009 a Kraaft triede soll.

Et ass wierklech eng Joerhonnertreform.

Als jonk Gewerkschaftler oder als Sozialpolitiker hu mer virun 30 Joer dovun gedreemt.

Elo gëtt dat d’Ganzt Realitéit. Et ass dat och einmalech an Europa.

Wou sti mer elo mat der Reform an der Chamber?

Den 28. Februar hu mer d’Analyse vum Projet ofgeschloss.

Den 6. Mäerz, hu mer zesumme mat der Regierung 45 Amendementer ausgeschafft an ugeholl, a pour avis un de Statsrot weidergeleet. D’Berufsschambere kréien déi Amendementer pour Information zougestallt.

Mir waarden elo op den Zousatzavis vum Statsrot. Da presentéieren déi zwee Rapporteren, de Romain Schneider an ech selwer hire Rapport.

Mir hoffen dann, dat de Projet „Enheetsstatut“ uschléissend an der leschter Abrëllswoch vun der Chamber gestëmmt ka ginn.

Marcel Glesener, CSV Deputéierten, 3. Mäerz 2008 op RTL, 92,5