Secherheet vir de Mensch a säi beschte Frend

Dem Marcel Oberweis seng fräi Tribun zum néien Hondsgesetz um Radio 92.5 an 100,7

Léiw Nolauschterer, 

D’Muppegesetz zechent sech duerch kloer Regelen fir den Hond a fir sei Besetzer, sei Meschter, aus. 

D’Urégungen, déi vun de verschiddenen Associatiounen an de Petitionären „Menschen mat Muppen“ an der Chamberscommissioun gesot goufen, konnten och matverschafft ginn.     

Wa mir bis haut nach keng beis Akzidenter mat Hënn haten, esou soll dach elo iwer de gesetzleche Wé festgeluecht ginn, welch Aufgaben den Hondsbesetzer géint iwer de „Menschen ouni Hënn“ huet. 

D’Unzuel vu geféierlechen Henn ass an  de leschte Joeren stark ugewues an dat huet leider fir Onsecherheet bei ville Léit gesuergt.           

An Zukunft muss all Hond duerch éen elektroneschen Chip enregistréiert ginn. An den Hondsbestzer muss eng valabel Haftpflichtversecherung opweisen. 

D’Gesetz definéiert déi Platzen, wou d’Hënn an d’Lengt geholl musse ginn e.a. bannen den Uertschaften, am öffentlechen Transport, an öffentleche Gebaier, während d’Manifestatiounen, op den Sportsterrainen an de Velospisten. 

Bannent den Uertschaften kennen d’Gemengen och Platzen ausweisen, wou den Hond fräi laafen kann – awer emmer enner Kontroll vun sengem Meschter.

Op all aneren Platzen: an de Bescher an op de Feldweer, dierfen se fräi laafen, awer enner der Viraussetzung, dass de Besetzer se jidder Zäit enner Kontroll huet. 

Baussent den Uertschaften kennen awer Platzen ausgewiesen ginn, wou den Hond an d’Lengt geholl muss ginn, dat ass eng Sach vum Verstesdemech enner Menschen. 

Wann é mengt, dass vun engem Hond eng Gefor ausgeet, da kann éen e Bréiw un de Buergermeschter schréiwen. Dé Bréiw gett dann un Veterinärsverwaltung gescheckt, déi de Fall ennersicht. 

Wa sech erausstellt, dass den Hond wierklech geféierlech ass, da muss hien e.a. e Maulkuerf droen an emmer un der Lengt gehalen ginn, d’Käschten dréit dann den Hondsbesetzer. 

Wa nett, da muss de Bréiwschreiwer fir dess Fraien opkommen. 

E weidere Punkt stellt de Katalog vun Hondsrassen duer, déi als geféierlech ugesinn ginn. Dess Henn mussen emmer un der Lengt geféiert ginn, ausser et get duerch én Diplôme nogewiesen, dass se dat net brauchen. 

Et ginn och kloer Regelen am Gesetz festgehalen wat enner dem „Dressage au mordant“  ze verstoen ass. 

All Hondbesetzer mussen hir Aufgaben, déi aus dem Gesetz kommen, iwerhuelen an dat bannen 9 Méint no dem Akrafttrieden.

Dierf ech awer drop hiweisen, dass et net den Hond ass, dén hei am Viséier vum Gesetzesprojet stéet, mä dén Hondsbesetzer hannert der Lengt. 

All Hond ass vu Natur aus net gefeierlech, ausser hie gett duerch Dressage derzou bruecht. 

An dat muss den Hondsbesetzer mat sengem Gewessen ausmachen, wat hien sengem beschte Frend undéet. 

D’Muppegesetz huet sech zum Ziel gesat, zu engem méi groussen Verstesdemesch teschend de “Menschen mat Muppen“ an de „Menschen ouni Muppen“ beidroen.        

Merci fir d’Nolauschtern.