D’CSV hellt Positioun

“Bei der Bommeleeër-Affaire muss kloer sinn, wat wichteg ass, an ëm wat et geet.” Fräi Tribün vum CSV-Generalsekretär Marco Schank op RTL 92,5, Meindes, den 18. Februar 2008

A fir dat kloer ass, ëm wat et geet, muss e sech an Erënnerung ruffen, wat 1985 a 1986 geschitt ass: Näämlech eng Serie vun terroristeschen Attentater, déi Mënschen a Gefor bruecht hunn an déi an der Populatioun fir grouss Onrou a vill Ängschte gesuergt hunn. An dat onofhängeg vum materielle Schued, deen des Attentater ugeriicht hunn. 

Dës terroristesch Iwwergrëffer sinn duerch absolut näischt z’entschëllegen! 

Et ass un der Justiz, dës Attentater opzeklären, an di Responsabel viru Geriicht ze bréngen, wou si sech veräntwerte mussen. Di Responsabel sinn déi, di d’Attentater verübt hunn an et sinn déi, di, ënner Ëmstänn, am Hannergronn – op wat fir eng Manéier och ëmmer – d’Fiedem gezunn hunn. 

D’CSV begréisst den Engagement vun der Justiz, d’Attentater opzeklären. Keen däerf d’Aarbecht vun der Justiz behënneren. D’Biergerinnen an d’Bierger erwaarde sech eng komplett Opklärung. D’Attentater vun 1985 a 86 ware kee Kavaléiersdelikt, et ass op eng makaber Manéier mam Liewen an der Gesondheet vun de Leit gespillt ginn. 

Ëmsou méi muss d’Politik sech an deem Kontext eng absolut Zeréckhaltung operleeën. Eng ganz besonnesch Virsiicht an Emsicht gëtt vum Justizminister verlaangt. D’CSV ënnerstëtzt de Minister Luc Frieden, de sech net provozéiere léisst. 

Mat hire Provokatiouns-Versich ass et eng aaremséillech Zensur, déi d’DP sech selwer gëtt. D’Leit dobaussen duerchkucken hir Spill mam Feier: Mat engem Gemësch vun Onwouerechten, Ënnerstellungen a Virwërf gëtt probéiert d’CSV an den Donschtkreess vun den Attentater – an déi aktuell Suiten – ze réckelen. 

Dee Konstrukt vun Onwouerechten, Ënnerstellungen a Virwërf, dee besonnesch den DP-President opriicht, huet null Bëstand. De Versuch scheitert, d’CSV an e schieft Liicht ze réckelen an Onrou an hir Reien ze droen. 

D‘CSV behält hir Rou, well se näischt huet, wat si misst verstoppen. 

D’CSV behält och hir Rou vis-à-vis vu Politiker, déi probéieren eng Hexejuegd ze lancéieren. Wee mengt an der Politik mat falsche Rumeuren ze punkten, leeft an den Abseits. 

D’CSV behält och dowéinst hir Rou, well se Vertrauen an d’Aarbecht vun der Justiz huet. 

D’CSV wäert sech och net provozéiere loossen, esou eng grave Affaire, wéi d’Attentater aus den 80er Joeren, op de Niveau vun engem Parteie-Sträit erofzezéien. 

Et ass eenzeg an alleng eppes wat zielt: Näämlech d’Bommeleeër-Affaire esou séier wéi méiglech opzeklären an déi, di duerfir responsabel sinn, viru Geriicht ze bréngen.

Marco Schank, CSV-Generalsekretär, Fräi Tribün RTL 92,5