“En anert Land”

Dem Fraktiounssekretär Fränk Engel seng “Fräi Tribün” um Radio 100komma7 vum 13. Februar 2008

Mir wëlle bleiwen, wat mir sinn. Esou laut eis national Devis. Fräi, onofhängeg, souverän. Virun allem fräi, an duerfir hu mer vill gestridden. Mir wëllen eis net vun anere soe loossen, wat mer ze maachen hunn a wat mer net däerfen. Mir wëllen net, datt anerer eis diktéieren, wéi mer eis ze behuelen hunn, wat richteg ass, a wat falsch. Mee wéi hale mer dat bei eis selwer?

Zënter e puer Joer gi mer net midd, ëmmer nei an ëmmer méi Verboter anzeféieren. Ëmmer méi Verhalensweise gi kriminaliséiert. Et schéngt, wéi wann d’Responsabilitéit vum Bierger esou lues just nach eng formell Notioun wir. De Stat seet ëm schon, wat geet a wat net. An e seet ëm et ëmmer mei haart.

Virun iwer zwee Joer gouf d’Fëmmen op enger ganzer Parti Plaze verbueden, ënner anerem och a Restauranten. Kuerz drop gouf d’Promillgrenz am Verkéier op 0,5 erofgesat, mat drastesch verschäerfte Kontrollen an immediatem Führerschäinentzuch – eppes, wat mer bis dohinner am Kader vun normale Verkéierskontrollen iwerhaapt net kannt hunn. Autoen, déi Bensinn oder Diesel verbrauchen – leider gëtt et däer anerer net vill – gi mat Steieren an Zousaztaxe beluecht, wann hir Emissiounen net an déi national Kyoto-Ambitioune passen. Virun e puer Joer wiren esou Saachen nach ondenkbar gewiescht an enger fräier Gesellschaft. Mee déi aktuell Realitéit ass eng, an däer de Stat sech lues a lues dem Verstand an dem Uurteelsverméige vun de Bierger substituéiert.

Et freet sech, ob dat kompatibel dermatt ass, datt mer wëlle bleiwen, wat mer sinn. Well bis elo ware mer eigentlech jo e fräit Vollek. Natierlech ass dat keng reng lëtzebuergesch Fro: quasi iwerall am europäeschen Ausland maache sech ähnlech Bewegunge breet, déi am Fong keen sech méi traut, a Fro ze stellen. Heiheem gëtt et awer vläicht nach besser. Wann am Tageblatt de Leitartikler vum 12. Februar ka behaapten, Fëmmen an der Präsenz vu Kanner – och doheem, versteet sech! – wir eng Form vu Kannesmësshandlung, da stinn eis  schéin Zäite bevir. Dat geet da wuel esou:

Eischtens, Fëmmen doheem gëtt verbueden, wa Mannerjähreger präsent sinn. A well een dat net genee ka bestëmmen, an e volljährege Fils jo emol kéint seng just nach mannerjähreg Frëndin mat heem bréngen, déi dann direkt an déitlecher Gefor wir, gëtt Fëmmen doheem also ganz verbueden.

Zweetens: Trotz alle Verkéierssécherheetscampagnen an engem Behuele vun der Police, wat mat Momenter un eng Grousswëldjuegt op kriminell Autofuerer erënnert, gëtt et nach Doudeger am Verkéier. Vläicht hunn d’Affer vun Akzidenter esouguer och nach um Steier gefëmmt, nodeems se zwee Humpe gedronk haten? Op jidde Fall gehéiert och d’Fëmmen am Auto verbueden. Da stelle mer fest, datt et nach ëmmer Akzidenter mat méi oder manner schlëmmem Ausgank gëtt. Dogéint hëlleft just nach eppes: d’Autofuere gëtt ganz verbueden. Eischtens fëmmt da kee méi um Steier, ob e gedronk huet, oder net, an zweetens gëtt et och keng CO2-Emissioune méi. Dann ass Kyoto Genüge gedoen, a well näischt méi op de Stroosse lass ass, kréie mer sat Plaz fir den Tram a Veloen.

An enger drëtter Etapp stelle mer fest, datt et nach Aarbechtsakzidenter gëtt, obwuel d’Gewerbeinspektioun d’Anhale vun zirka 1850 präzise Sécherheetsnormen op der Aarbecht akribesch iwerwaacht. Et gëtt just eng Léisung: d’Aarbecht muss verbuede ginn, si kann déitlech sinn. Mee an der Fräizäit geschéien och Akzidenter. An iwerhaapt, Fräizäit! Wat soll déi dann nach, och wann een se rondrëm d’Auer huet, well ee jo näischt méi däerf?

Voilà. Do komme mer schätzungsweis a fënnef Joer un, wa mer am aktuelle Verbotsrhythmus virufueren. Mir wollte bleiwe, wat mer sinn? Bon, dat ass dann ebe schief gaangen. Mir sinn an engem anere Land ukomm. Dee leschte vun hei mécht d’Luucht aus, wannechglifft, soss geet den Energiebilan net op.