Visite vum Premierminister Jean-Claude Juncker a Japan

De Jean-Claude Juncker ass den Ament op offizieller Visite a Japan. Hien ass ënnert anerem vum japanesche Keeser Akihito, vum Premier Fukuda an der japanescher Industrieller Federatioun emfaange ginn. Déi wirtschaftlech a politesch Relatiounen tëscht Lëtzebuerg a Japan si ganz gutt, a sollten op dëser Visite nach verbessert ginn. E Repportage vum Claude Zeimetz op RTL Radion Lëtzebuerg

Claude Zeimetz:  Japan ass ee vun den haapt Handelspartner vu Lëtzebuerg. 2006 sinn tëscht béide Länner 140 Milliounen Euro ëmgesat ginn.

 

Jean-Claude Juncker : Eisen Handelsvolumen huet zwar ofgeholl déi lescht Joeren, dat huet mat deem, fir eis ongënschtegen, Wiesselcours vum Euro par rapport zum Yen ze dinn. Mee wat d’Servicenindustrie ubelaangt, esou hunn déi Chiffere sech no uewen entwéckelt.
 
Claude Zeimetz: Japan ass virop am E-Commerce zu Lëtzebuerg aktiv, well eist Land nämlech eng lukrativ Plattform ass fir a ganz Europa ze exploitéieren. D’Entreprise „Rakuten“ déi gëscht annoncéiert huet, datt si sech zu Lëtzebuerg etabléiert, ass nëmmen dat rezenste Beispill.
 
Jean-Claude Juncker: Wat erëm eng Kéier ënnersträicht, wéi wichteg datt Lëtzebuerg op der internationaler E-Commerce Adresselandkaart ginn ass, nodeem mir schon 20 Betriber zu Lëtzebuerg hunn, ass dat hei deen éischte Betrib an deem neie Secteur, dee mir déi leschte Joeren opgebaut hunn, a mir hoffen, an déi Gespréicher gëtt et, datt anerer nokommen.
 
Claude Zeimetz: Allerdéngs wënscht sech de Premier datt a Saache Sécurité sociale béid Länner besser kooperéieren.
 
Jean-Claude Juncker: Mir hätte gären den Accord am Beräich vun der Sécurité sociale, well dat wichteg ass fir d’Japaner déi zu Lëtzebuerg liewen, a fir d’Lëtzebuerger déi an ëmmer méi grousser Zuel a Japan wirtschaftlech aktiv sinn. Zu Lëtzebuerg wunnen eppes 500 Japaner, et ginn der ëmmer méi. Mir mussen eis bewosst sinn, datt mir wat d’schoulesch Méiglechkeeten ubelaangt, fir d’Kanner vun deene Japaner, déi zu Lëtzebuerg liewen, grouss Efforte musse maachen.
 

 

Quell: RTL Radio Lëtzebuerg, den 8. Februar 2008

Claude Zeimetz: Dowéinst sollen d’Unie vu Lëtzebuerg an Tokyo elo och méi enk zesumme schaffen. Muer ass iwwerdeems eng Réunioun tëscht de Finanzministere vum G7 zu Tokyo, wou de Jean-Claude Juncker a senger Fonctioun als President vum Eurogrupp dobäi ass. De G7 befaasst sech virop mat der aktueller Weltwirtschaftssituatioun. De Premier huet nach eng Kéier betount, datt hien kee Risque fir eng global Rezessioun erkenne kann, och wann ee mat Wuesstemsaboussen an der EU rechne muss. Déi grouss Monetär- a Wirtschaftszone misste sech dowéinst zesummedoen, fir dat internationalt Gläichgewiicht nees ze retabléieren.