Gëtt et eng Staatskris zu Lëtzebuerg ?

Gëschter hat d’DP d’CSV wéinst der Gestioun vun der Bommeleeër Affaire jo hefteg kritiséiert. D’Demokratesch Partei huet vun enger Staatskris geschwat, un där d’CSV net ganz onschëlleg wier, an e kloere Statement vum Staatsminister gefuerdert, dee wéi si soten, am Dossier Bommeleeër richteg ënnergedaucht wier

De Jean-Claude Juncker huet vu Japan aus esou op d’Virwërf reagéiert: Ech hunn dat net héieren, datt esou Virwërf gemaach gi sinn, duefir kann ech dozou net Stellung huelen. Souwisou huelen ech zu innepolitesche Virgäng net Stellung, wann ech am Optrag vun eisem Land am Ausland ënnerwee sinn, fir ze probéieren eis Saachen esou gutt wéi méiglech ze maachen.

Reportage vum Nico Graf: 

 

 

A vu datt de Premier net op d’Reproche vun der DP reagéiert, huet den Nico Graf beim CSV-President François Biltgen nogefrot. Hu mir dann elo eng Staatskris oder net?

François Biltgen: Also au risque datt da well ech reagéieren, den Här Meisch mengt, elo géif d’CSV erëm mat Dampwalzen untrieden, wëll ech just soen, datt eng Staatskris net vum Här Meisch décrétéiert gëtt. Mir sinn hei net an enger Staatskris, mir hunn e Problem, dee Problem deen ass bekannt, dat sinn déi Bommeleeër Attentater, an déi mussen opgekläert ginn. An déi mussen opgekläert ginn duerch d’Justiz. An d’Justiz muss dat onofhängeg maachen, muss et séier maachen, muss et déterminéiert maachen. An ech mengen, do huet d’Regierung hir Roll ze spillen, an d’Regierung huet se geholl an der Persoun vum Justizminister Luc Frieden, deen all Kéier dat gemaach huet, wat néideg ass, nämlech fir ze kucken, datt déi do Affaire kann opgekläert ginn. Ech menge jiddwereen am Land huet Intérêt, datt déi Leit, déi déi Bomme geluegt hunn, datt déi dingfest gemaach ginn, datt déi virun d’Geriicht kommen, datt se veruerdeelt ginn, an datt d’Leit och wëssen, wat dann d’Motive vun deene Leit waren.
 

Nico Graf: D’DP seet jo elo, et gëtt awer en immense Problem, wann de Generaldirekter vun der Police, an d’Justiz an de Procureur, wann déi kee méi Vertrauen een an deen aneren hunn, a wann dann de Procureur quasi mat engem Bréif muss duefir suergen, datt deen anere vu senge Fonctiounen entbonne gëtt.

 

François Biltgen: De Luc Frieden huet reagéiert, hien huet séier reagéiert, dat war jo keng einfach Décisioun. An et muss ee jo och e bësselchen d’Gesetzer kenne vum lëtzebuerger Staat, fir esou eng Décisioun ze huelen, fir zwee héich Verantwortlecher vun hire Missiounen ewech ze huelen. Dat mécht een net einfach esou, an net onbedéngt einfach, do stelle jo och Leit sech dobaussen d’Fro, ob een dat op Grond vun engem Bréif einfach mécht. De Luc Frieden huet dat just gemaach, fir eben d’Vertrauen an d’Institutiounen erëm kloer ze stellen, datt d’Vertrauen an d’Institutioune besteet, souwuel an d’Justiz wéi awer och an d’Polizei, déi mir awer och brauchen.
 
Nico Graf: Do eben ass jo just de Problem, dat Vertrauen ass gestéiert.
 
François Biltgen: Duefir huet de Luc Frieden déi Décisioun geholl, déi e geholl huet. An ech mengen, dat war och richteg, datt hien déi Décisioun geholl huet.
 

 
Nico Graf: Dir gesitt de Luc Frieden also als een, deen agéiert an net reagéiert, wéi de Claude Meisch seet?

 

François Biltgen: Ech mengen, datt de Luc Frieden esou séier wéi méiglech seng Décisioune geholl huet, en huet se gutt iwwerluegt, an och dat ass richteg, wann ee wëll eng staatsmännesch Roll spillen, datt een net einfach esou reagéiert op eppes, wat ee ka vun dobausse gedriwwe ginn, mee ech mengen, de Luc Frieden huet sech seng Décisioun iwwerluegt, an déi Décisioun ass och vu jiddwerengem akzeptéiert, an ech mengen, déi Décisioun huet och Rou an den Dossier bruecht. Datt den Här Meisch net frou ass wa Rou am Dossier ass, an duefir erëm wëllt Onrou bréngen, dat muss ee jo engem DP-Politiker kënnen zougestoen, mee domat ass et nach ëmmer net esou, wéi hien et seet.
 
Nico Graf: Sitt Dir ganz sécher, datt Rou am Dossier ass?
 
François Biltgen: Ech mengen, datt am Dossier Rou ass, well et wichteg ass, da kann d’Justiz hir Aufgaben iwwerhuelen.

Quell: RTL Radio Lëtzebuerg, den 8. Februar 2008