D’CSV: Kloer Objektiver fir 2008

De Maurice Bauer, Generalsekretär adjoint an enger freier Tribune op RTL 92,5: 2008 steet op politeschem Plang eng sëllechen Aarbecht un. D’CSV gëtt dës Aarbecht resolut a mat zwee prioritären Objektiver un: Den eischten Objektiv ass den Ausbau vun der sozialer Kohesioun hei am Land. Den zweeten Objektiv ass et d’Weichen esou ze setzen, datt Zukunft vun eise Kanner geséchert ass. Ouni sozial Kohesioun keng sécher Zukunft fir eis Kanner.

Léif Nolauschterinnen a Nolauschterer,

Erlaabt mir virdeescht Iech am Numm vun der CSV an och a mengem perséinleche Numm all Guddes fir 2008 ze wënschen.

2008 steet op politeschem Plang eng sëllechen Aarbecht un. D’CSV gëtt dës Aarbecht resolut a mat zwee prioritären Objektiver un:

Den eischten Objektiv ass den Ausbau vun der sozialer Kohesioun hei am Land. Den zweeten Objektiv ass et d’Weichen esou ze setzen, datt Zukunft vun eise Kanner geséchert ass. Ouni sozial Kohesioun keng sécher Zukunft fir eis Kanner.

D’CSV well verhënneren, datt Parallelgesellschaften entstinn an dene sech Konfliktpotential esou laang staut, bis et sech enges Daags op eng Aart a Weis entluet, déi net viraus ze gesinn ass.

An duerfir schafft d’CSV an der Regierung, an der Chamber an an de Gemengen um Ausbau vun der sozialer Kohesioun.

Ausbau vun der sozialer Kohesioun um Niveau vun der Integratioun, wou d’Gesetzgebung iwwert d’Zouwanderung an d’Integratioun reforméiert gëtt a wou besonnesch di Duebel Nationalitéit agefouert gëtt.

Ausbau vun der sozialer Kohesioun um Niveau vun der Beschäftegungspolitik. De 5411 dréit éischt Friichten an d’Jugendaarbechtslosegkeet gëtt zréck. D’Gewerbeinspektioun ass reforméiert ginn an de Projet vum Eenheetstatut ass um Instanzewee. Um Instanzewee ass och de Projet iwwert de Chômage social fir dene Leit ze hëllefen, déi um éischten Aarbechtsmaart net kenne mathalen.

Ausbau vun der sozialer Kohesioun um Niveau vum Wunnengsbau. Stéchwuert Pacte Logement. Fir d’CSV-LSAP Koalitioun ass et virrangeg, datt Wunnen zu Lëtzebuerg erëm erschwenglech gëtt fir all Famill.

Ausbau vun der sozialer Kohesioun duerch eng cibléiert Sozialpolitik. De Kannerbonus hellt kengem eppes ewech, mais mam Kannerbonus kréien d’Eltere vun 100.000 Kanner 920 Euro pro Kand bei.

Ausbau vun der sozialer Kohäsioun am Schoulwiesen. D’Reforme vun der Regierung schafe méi Chancegerechtigkeet fir all Kand a Jugendlechen.

D’Zukunft vun eise Kanner hängt dovun of, wéi mir eis Schoul organiséieren.

Mais d’Zukunft vun eise Kanner hängt och vun aneren Décisiounen of, déi mir mussen huelen.

Dat gëllt fir di landesplaneresch Instrumenter, déi mir eis ginn. D’Politik muss haut fir muer plangen. Den IVL huet d’Pisten opgezeechent, fir de Wuesstem vun der Wiertschaft an der Populatioun mam Erhale vun der Natur an eiser Liewensqualitéit an Aklang ze bréngen. D’CSV well, datt op dene Pistë konsequent weider geschafft gëtt.

Alles hängt zesummen. D’Fortschrëtter an der Landesplanung musse begleet ginn vu Fortschrëtter an der territorialer Reorganisatioun. D’CSV ass fir autonom a staark Gemengen, déi am Intérêt vum Bierger schaffen. D’CSV ass fir Gemengen, déi di personnel an technesch Moyenen hu fir hire Bierger op eng effizient Aart a Weis iwwerall am Land déi selwecht qualitativ héich Déngschtleeschtungen unzebidden.

D’Zukunft vun eise Kanner hängt besonnesch och dovun of, wéi mir Weichen an der Ëmwelt- a Klimaschutzpolitik setzen. De Klimawandel ass eng Realitéit a mir mussen elo eppes maachen.

D’Welt vu mar ass d’Welt vun eise Kanner. Si kann eis net egal sinn.

An duerfir mécht d’CSV och 2008 eng kohärent Politik mat kloeren Objektiver.

Ech soen Iech Merci.

Maurice Bauer, Generalsekretär adjoint, RTL 92,5, 14. Januar 2008