Prioritéite fir muer an iwwermuer

“Et si nach genee 17 Méint bis bei déi nexte Walen. Eng gudd Dozend dervun eegne sech nach fir nëtzlech politesch Aarbecht, de Rescht wäert fir d’Opraume vun deenen Dossieren drop goen, déi nach um Dësch leien. An anere Wierder, di Projeten, déi bis un d’Enn vun dësem Jahr net zeideg sinn, hu wuel kaum nach Chance, virun de Walen drun ze kommen.” Eng Fräi politisch Tribüne vum CSV Deputéierten Lucien Thiel op RTL, 92,5

 

Dofir ass et schonn net vu Muttwëll wann een e Prioritéitskalenner huet matt all deem drop wat net nach zwee Jahr, bis no de Wale leie bleiwen däerf.

Op esou e Kalenner gehéieren onbedengt déi Projeten iwwert deene d’Politiker elo schonns e Strapp brukken an op déi d’Leit am Land waarden.

Ech denken do un d’Nationalitéitegesetz, op dat esou muench gebierteg Lëtzebuerger dobaussen an der Welt gammsen, awer och déi vill Auslänner, déi bei eis eng nei Heemecht fonnt hunn an déi gären e Lëtzebuerger Pass hätten, ouni dofir hir Wuerzele verleegnen ze missen. 

Ech denken un den Eenheetsstatut matt deem déi onsënneg Trennung vun Aarbechter an Employé aus eise Gesetzer gestrach gi soll, och wann dat an der Praxis net esou einfach ass. 

Ech denken och un de Wunnengspakt, matt deem d’Terrainsspekulatioun bei eis gebremst an d’Bauen op Lëtzebuerger Buedem erëm fir den normale Stierfleche méiglech gi soll. 

An ech denke virun allem un d’Reform vun eiser Schoul – ugefaang matt deem verstëbste Primärschoulgesetz vun 1912 -, déi eis endlech aus dem PISAslaach eraushuele soll fir datt mir eise Kanner déi beschte Virbereedung op e Liewe bidden, dat an der globaliséierter Welt vläicht net méi esou einfach gëtt wéi dat vun hiren Elteren.

Mee domat ass et nach net gedoen. Nieft deenen Hausaufgabe vir muer ginn et och nach déi Prioritéiten op méi laang Siicht – vun deene permanenten Erausfuerderungen net ze schwëtzen, wéi zum Beispill dem Erhale vun eiser ekonomescher Kompetitivitéit an engem ëmmer méi spatzen Ëmfeld.

Als responsabel a wäitsiichteg Partei huet d’CSV sech dréi Prioritéite ganz uewen op d’Lee geschriwwen: 

Do wier emol fir d’éischt déi laang schonn iwwerfälleg Territorialreform, matt der d’Verwaltung vun eisem Land gestrafft a méi efficace gi soll, wéi dat sech fir e moderne Stat am 21. Joerhonnert gehéiert.

Da musse mir eis och eppes afale loossen, fir eis aus der geféierlecher Ofhängegkeet vum Finanzsekteur erauszeschaffen. Do gouf jo scho muenches an d’Wee geleet, dat net esou schlecht umut. Mee d’Diversifikatioun vun eiser Wiertschaft, déi jo d’Element vun eisem Wuelstand ass, ass domat nach laang net perfekt.

A schliisslech musse mir endlech seriös eise Pensiounsprobleem upaken, dee mir séit Jahren virun eis ewechdrécken an deen eise Kanner, spéitstens eisen Enkelen op de Kapp fält, wa mir net elo direkt hei Neel matt Käpp maachen. 

Wann een dat alles esou kuckt, dann dierft op alle Fall eppes feststoen: un de Prioritéite soll et net hènken, op 2008 en nëtzlecht politescht Jahr gëtt.

Lucien Thiel, 7. Januar 2008, RTL, 92,5