Äddi Jang

Mam Jean Dupong verléisst eis den eelste Parteipresident vun der CSV. Mat him verléiere mer e Mënsch, dee perséinlech wéi keen anere Lëtzebuerg am 20. Jorhonnert verkierpert.

Hien hat nach keng 18 Joer, du huet hien eist Land verlooss an ass mat sengem Papp, dem Staatsminister Pierre Dupong, an den Exil gang. Wéi vill anerer war hie bereet, sech fir Fridden a Fräiheet ze afferen an huet sech als „Lieutnant“ an der englescher Arméi ageschriwwen.

Nom Doud vu sengem Papp, dee vläit de wichtegsten Inspirant vun der CSV an hirem Gedankegutt war, am Joer 1953, huet de Jean Dupong sech mat 32 Joren an der Politik engagéiert. Wéi säi Papp ass hien am Südbezierk ugetratt, och e Beweis fir säi sozialpolitescht Engagement.

Well de Jean Dupong wor e Sozialpolitiker. Als Deputéierten huet en e Wierk vu sengem Papp zu Enn bruecht. Hie wor 1965 Rapporteur vum Kollektivvertragsgesetz, wat säi Papp am Joer 1917 (!) ugereegt hat. Bei ville wesentleche Froen, wéi déi iwwer d’Gewerkschaftsrepresentativitéit huet sech dem Jean Dupong seng Meenung duerchgesat.

De Sozialdialog, op dee mer sou houfreg sinn, gëtt et näämlech schonns laang an dësem Land an de Jean Dupong wor een, deen no vir gung. Als Aarbechtsminister huet hien zesummen mat sengem deemolegen Statssekretär Jacques Santer d’Matbestëmmungsgesetz vun 1974 verwierklecht. Haut, wou den Thema Mindestloun an Europa en Thema ass, sollte mer net vergiessen, datt eist Gesetz aus dem Joer 1973 (!) staamt an och ënnert dem Jean Dupong gestëmmt gouf.

Hie wor e Reformer. Dat huet hien och als Erzéiungsminister bewisen. Seng Schoulreformen hu wiesentlech Weiche gestallt a villes agefouert, wat nach haut gülteg ass. D’Mixitéit vun de Klassen an d’Gläichstellung vu Jongen an Meedercher, déi haut jo net méi a Fro gestallt géif ginn, ass ee Verdéngscht vun där Reform. An de Jean Dupong huet de Monopol vum kathoulesche Reliounsunterrecht ofgeschaf an d’Wielfräiheet agefouert mat engem neie Cours, der deemoleger „Morale laïque“.

Säi Reformgeescht, säi Wëllen, a wesentleche Beräicher eppes ze bewegen, trotz Oppositiounen a Kritiken, sollen eis nach haut ureizen, datselwecht ze maachen, vrun allem an der Sozial- an an der Bildungspolitik.

Als Parteipresident huet hien eng Moderniséierungswell an der Partei lassgeléist, déi spéider, no der Walnidderlag vun 1974 definitiv Friichte gedroen huet. No sengem Untrëtt 1965 huet hien de Membere kloer geschriwwen: „Bisher hat die CSV ihre Probleme meistens nur in engsten Parteikreisen diskutiert. Wir müssen versuchen, unsere Ideen am Prüfstand der öffentlichen Meinung zu erproben im Hinblick auf die Neugestaltung unseres Programms, dem es heute weitgehend am Originalität fehlt. Vor allem müssen wir erreichen, dass sich der junge Wähler bei uns wohlfühlen kann, dass seinem kompromisslosen Drang nach Neuerung kein Riegel vorgeschoben wird.”

Hien huet frësche Wand versprach an deen och blosen gelooss. Net ëmmer hat hien et einfach an a mat dëser, senger Partei. Mä ëmmer stoung hien zur CSV. Och no senger aktiver politescher Karriär, zulescht als President vum Staatsrot, huet hie sech an der CSV gewisen. Ni huet hie wëlle seng Nofolger beléieren. Mä si hunn him gären nogelauschtert.

Äddi Jang. Mär wäerten eis och no Dengem Doud un Dir inspiréieren.

vum François Biltgen