Tickt eng sozial Zäitbomm?

Eng fräi Tribune vum Marc Spautz op RTL Radio Lëtzebuerg

Leiw Nolauschterer.

Lëtzebuerg huet nëmmen eng Grondrichesse, an dat si seng Awunner. An trotzdeem loosse mir zënter Joren zou, dass tëschent 500 an 800 Jonker pro Joer keng Léierplaz fannen; a vun deenen déi do derniewent d’Schoul ofbriechen emol guer net ze schwätzen.

Wat geschitt mat deenen, déi keng Léierplaz fannen? An duerno och keng Aarbechtsplaaz, well ze als onqualifizéiert gellen. Wat geschitt mat hinne, wa se an e puer Joer eng Famill wëlle grënnen, an dat da finanziell net packen?

Mir brauchen dringend eng Enquête, fir erauszefanne firwat esouvill Jonker keng Léierplaz fannen, firwat se hir Schoul ofbriechen a wou dës Jonk erëmzefanne sinn. An dest net nëmme fir dest Joer, wou mer da gewuer ginn oder och net firwat se d’Schoul ofgebrach hunn, mä och op laang Siicht as et fir eist Land bluttnéideg ze wessen, wou mir des Jonker erëmfannen.

D’Schoul meescht vill Efforte fir d’Integratioun vun den auslännesche Kanner a Jugendlechen. Et ass awer och eng Tatsaach, dass net vill Ausbildungen an der Langue véhiculaire Franséisch offréiert ginn. Dës Tatsaach gëtt der Zesummesetzung vun eiser Schoulpopulatioun net gerecht. Hei ass nach vill ze maachen, an dat och esou schnell wéi méiglech.

Datselwecht gëllt awer och fir eis lëtzebuerger Kanner, déi an der franséischer Sprooch oft Problemer hunn. En däitsche Frontalier froe mer net, ob hie Franséisch kann, an e francophonen Frontalier froe mer net, ob hien Däitsch kann. Woubäi allerdéngs vum Résident Däitsch, Franséisch an och Lëtzebuergesch verlaangt gëtt.

Eis Kanner stinn um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart an direkter Konkurrenz mat de Frontalieren aus der Groussregioun, an eise Sproochesystem an der Schoul hëlleft mat, dass vill Leit net déi Qualifikatioun ereechen, zu där se eigentlech fäeg wieren.

Wat d’beruflech Orientéierung ubelaangt, och do ass et wichteg, dass mer déi méi am grousse Public diskutéieren. Et ass a bleift wichteg, dass d’Regierung kuckt – an dofir hat se jo och deemools 2003 en OECD-Bericht gefrot; wéi een eng aner Orientéierung ka maachen – eng Orientéierung, déi den haitege Contrainte gerecht geet an déi och den Numm Berufsberodung verdingt. Leider sinn déi demols gemachen Recommandatiounen nach emmer net emgesat.

Firwat ass d’Orientatioun virun allem fir Jonker dann esou wichteg? Letzebuerg huet joerzéngtelaang gemengt, ouni des seriöe Schoul- a Berufsberodung auszekommen. Et huet jidfereen zu Letzebuerg eng Plaz fonnt, ob en elo eng Qualifikatioun noweise konnt oder net. Entre-temps huet eis Gesellschaft a virun allem eisen Aarbechtsmoart sech esou entweckelt, datt onqualifizéiert Personal emmer manner, wann iwerhaapt nach gebraucht gett. Et ass also wichteg fir all Jugendlechen, zesumme mat sengen Elteren déi richteg a konkret Beruffswiel ze treffen, déi awer och der Realitéit op dem Aarbechtsmoart entsprecht. Domat ass net gesot, dass eleng des Realitéit soll zielen, wann ee sech fir e Beruf décidéiert. Et heescht, dass en dat soll léieren, wat engem, och Spass mécht. D’Berufsliewen dauert haut esou laang a stellt grouss Erausfuerderungen un den Eenzelnen, dat et ouni Motivatioun schwiereg gett, dest duerchzezéien.

Bei enger optimaler Orientéierung muss gekuckt ginn, wou Fäegkeeten an d’Kompetenzen, mä och d’Virléifte vun deenen Eenzelne leien, an op där anerer Säit kritt een awer och matgedeelt, wei am Moment d’Situatioun um Aarbechtsmoart ass. Woubei dat keng Garantie ass fir Joere méi spéit, awer en Trend.

Wann e jonke Mënsch de Choix mecht, e Beruf ze léieren, dann ass dat sei gutt Recht. E besse mei penibel gett allerdengs d’Saach wann dese Choix gemaat gett, ouni am Virfeld doriwer informéiert ze sinn, datt zenter e puer Joer d’Integratioun mat dem Beruf um Aarbechtsmoart extrem schwiereg ginn ass. Héi sinn alleguer Akteuren um Terrain gefrot: vum Schüler iwert den Enseignant bis hin zu den Eltern.

Wa mir dei Jonk am Kader vun der Ausbildung am Ree stoen loossen, wa mir hinne keng Arbecht kenne verschaffe well d’Schoul ouni nom Aarbechtsmaart ze kucke forméiert, wann Diplomer vun den Betrieber net akzeptéiert ginn, da brauche mir eis alleguer schon an kirzester Zäit net ze wonneren, wann och zu Lëtzebuerg eng ZÄITBOMM tickt- an zwar déi vun enger Jugend, déi an desem räiche Land vir sech keng Perspektiv gesäit.

Ech soen iech villmols Merci vir d’ Nolauschteren.

Marc Spautz, CSV Députéierte