Steiererliichterunge mat sozialem Zouschnëtt

De Budgetsentwurf 2008 steet fir eng Neierung vum Steier- a Sozialrecht. Et ass e Budget mat sozialem Zouschnëtt a mat enger Rei Mossnahmen fir eng besser Kompetitivitéit vun eise Betriiber, vun eiser Economie. Fräi Tribune vum Diane Adehm, CSV Vizepresidentin

Mam Dépôt vum Staatsbudget steet an de nächste Wahlen dat wichtëgst Gesetz vum Joer um Ordre du jour vun den Aarbechten an der Chamber. 

De Budgetsentwurf 2008 steet fir eng total Neierung vun eisem Steier- a Sozialrecht. Et ass e Budget mat sozialem Zouschnëtt, verbonne mat enger Rei Mossnahmen fir eng besser Kompetitivitéit vun eise Betriiber, vun eiser Economie. 

De Staatsbudget ass an engem gesonden Equiliber. D’Staatsschold bleift niddreg, d’Reserve ginn opgestockt an et gëtt op héichem Niveau investéiert. Bref, eis Staatsfinanzen si gesond. Eng Situatioun, déi besonnesch op de Wëlle vun der Regierung zréckzeféieren ass, fir déi öffentlech Finanzen duerch eng virsiichteg a wäitsichteg Ausgabepolitik am Grëff ze behalen. 

D’Konsolidéierungsmesuren an d’Budgetdisziplin vun de Ministeren Juncker a Frieden mache sech bezuelt. Dës positive Bewertung däerf awer net zur Konklusioun féieren, datt elo alles erlaabt ass, wat ee sech virstelle kann. Mir mussen och weiderhin Fouss beim Mol halen an eis op daat Wesentlecht, daat waat wierklech noutwendeg ass, konzentréieren. 

Et ass dofir richteg a wichteg den öffentlechen Investitiounsvolumen – emmerhin 1,6 Milliarden Euro – op héichem Niveau ze haalen. Heivunner profitéieren mir all, awer besonnesch d’Handwierk an de Commerce, also och vill Kleng- a Mëttelbetriiber. Dës offensiv Politik ass doriwwer eraus e wichtige Volet vun enger aktiver Beschäftegungspolitik, et ass eng Politik fir neien Aarbechtsplazen eng Chance ze ginn a fir bestehend Aarbechtsplazen ofzesécheren. 

De Budget stäerkt ouni Zweifel d’Kompetivitéit vum Standuert Lëtzebuerg a séchert gläichzäiteg déi sozial Kohäsioun. Et ass dëst e weideren, wa nët esouguer de wichtegsten Akzent vum Budget. Duerch eng Rei vun steierlechen a sozialen Mesuren gëtt d’Kafkraaft vun de Stéit wesentlech verbessert. D’Ofsenkung vun den Steiertariffer duerch eng 6%teg Inflatiounsbereengegung, d’Aféiere vum Kannerbonus an eng méi héich Heizkostenzoulag sinn dräi markant Elementer dovunner. 

Daat wat elo envisagéiert gëtt, ass eng Mixtur aus Steiererliichterungen mat sozialem Zouschnëtt; déi aktuell steierlech Kannerermässigung gëtt an e Kannerbonus ëmgewandelt. Et ass zudeem ee Programm, deen d’Mëttelrevenuën entlaascht an deen déi kléng Revenuë sech stark no uewen verbessere léisst. 

Jidfereen kritt pro Kand genee daat selwecht, onofhängeg vu sengem Akommes. Daat heescht am Konkreten, datt déi Leit, déi wéineg oder nët esou vill verdingen, och dat selwescht kréien, wéi déi déi méi oder ganz vill verdingen. Ob ech Steieren bezuelen oder nët, fir meng Kanner kréien ech ab dem 1. Januar 2008 genau dat selwecht. 

Dat ass eng total Neierung vun eisem Steier- a Sozialrecht. 

Dat ass eng Politik vun der sozialer Gerechtegkeet.

Diane Adehm, CSV Vizepräsidentin, 22. Oktober 2007, RTL 92,5