De Budgetsentworf 2008: Sozialen Zouschnett a besser Competivitéit

Eng niddereg Statsschold, Opstockung vun de Reserven, Ofsenkung vun de Steiertariffer ëm 6 %, Kannerbonus, d’Reduktioun vum Droit d’apport …, datt sinn nëmmen e puer Aspekter vum Budgetsentworf 2008. Fräi Tribune vum Maurice Bauer, Generalsekretär adjoint

De Budgetsentworf fir 2008, den d’lescht Woch vum Finanzminister Jean-Claude Juncker an dem Budgetsminister Luc Frieden presentéiert ginn ass, weist, datt eis Statsfinanze gesond sinn. Des gesond Situatioun ass besonnesch op de Well vun der Regierung zeréckzeféieren, di ëffentlech Finanzen duerch eng virsiichteg a wäitsichteg Ausgabepolitik am Grëff ze behalen.

Di positiv Situatioun vun de Statsfinanze weist doriwwer eraus, datt sech d’Konsolidéierungsmesuren an d’Budgetsdisziplin vun de leschte Joeren ausbezuelen. Den équilibréierte Pak vu Mesuren, déi an der Tripartite zréckbehal goufen, huet Fräiraum geschafe fir gesond Finanzen, méi eng staark Competivitéit a méi grouss politesch Aktiounsmeiglechkeeten. De Volume vun de Reserven an den Investitiounsfongen ass haut mat 1,7 Milliarden Euro méi grouss wei 1999.

Dës Reserven erlaben di néideg Investitiounen an d’Schinnenetz, an den Heichbau an an d’Stroossennetz. Hei siefen nëmmen e puer Beispiller genannt: De Bau vun der neier Eisebunnslinn Findel-Kirchbierg, d’Uni Lëtzebuerg, d’Liaison Micheville an d’Nordstrooss, di nei Lycéeën zu Jonglënster an an de Frichen op Esch-Belval.

Gläichzäiteg erlaabt d’Budgetsdisziplin vun der Regierung awer och staark Investitioune virzehuelen am Beräich vum Wunnen, der Schoul an der Formatioun genauso wéi am Beräich vun der Kannerbetreiung. De Pacte logement gëtt lancéiert, de Wunnengsbauprogram vum Fonds du Logement gëtt accéléréiert. De Stat begleet die wuessend Demande bei de Kannerbetreiungsstrukturen, Stéchwuert: Maisons relais. De Schoul- a Formatiounsberäich schléit mat 970 Euro zu Buch, an d’Fuerschung an d’Innovatioun ginn 170 Milliounen investéiert – en Invest an d’Zukunftsfähegkeet vun enger wessensorientéierter Economie. De Kioto-Fong gëtt mat 90 Milliounen Euro alimentéiert.

All des Mesurë gin réaliséiert virum Hannergronn, datt d’Regierung sech och weiderhin un d’Tripartitedécisioun hält, d’Ausgabe vum Stat net méi séier wuessen ze loossen, wéi et die wiertschaftlech Entwécklung zouléisst. Dës Politik ass d’Grondlag vun de Steiererliichterungen a Sozialmesuren, déi elo méiglech sinn.

Di schwiereg Tripartiteverhandlungen vun 2006 kombinéiert mat der virsiichteger Finanzpolitik vun der Regierung garantéieren haut de néidege Sputt fir datt de Budgetsentworf 2008 nieft sozialen Akzenter wéi dem Kannerbonus an der gehéichter Heizkostenzoulag och wirtschaftsfrëndlech ass. Den ëffentlechen Investitiounsvolum – 1,6 Milliarden Euro – bleift op dem héich Niveau vun de leschte Joeren. Di aktiv Investitiounspolitik ass e wichtegt Signal fir d’lëtzebuerger Wiertschaft an d’lëtzebuerger Betriber. D’Handwierk an de Commerce, also och vill Kléng a Mëttelbetriber profitéiere vun dëser offensiver Regierungspolitik, déi och e wichtege Volet vun enger aktiver Beschäftegungspolitik ass.

De Budgetsentworf 2008 séchert die sozial Kohesioun a stäerkt Competivitéit vum Standuert. Hie stäerkt d’Kafkraaft vun de Stéit duerch breet Steier- a Sozialmesuren. Hie schaaft d’Viraussetzung fir eng weider positiv Entwécklung vum Land an as resolut zukunftsorientéiert. Et ass e Budgetsentworf an der Kontinuitéit vun der erfollegräicher CSV Finanz- a Budgetspolitik vun de leschte Jorzéngten.

Maurice Bauer, Generalsekretär adjoint, Radio 100,7 17. Oktober 2007