Drogepolitik iwwerdenken

Doktesch, d’CSV Deputéiert an de Stater Gemengerot Martine Stein-Mergen iwwert Drogepolitik an Fräien Tribunen um RTL 92,5 an um 100,7

Nodeem d’Diskussioun iwwert d’Fixerstuff zu Bouneweg an deene leschten Deeg heich Welle geschloen huet, ass et fir ons an der CSV Zäit, ons méi grondleeënd mam aktuelle Stand a mat de Perspektiven an der Bekämpfung vun der Drogesuucht ausernaner ze setzen.

Ouni den Usproch ze hunn, an dräi Minutte Patentleéisungen ze proposéieren, wëlle mer e puer kritesch Gedanken artikuléieren, datt die Betraffen an Implizéiert sech emol erëm méi wäitgreifend mat dësem Problem beschäftegen.

D’Substitutioun mat Methadon ass an allen europäeschen, westleche Länner eng Routinemethode a kann am Sënn vun enger «Harm Reduction» haut nët ugefecht ginn.

Mir mussen awer hei zu Lëtzebuerg ons Praktiken iwwerdenken: Wann en Deel vun de Süchtigen innerhalb vum Methadonprogramm fonktionnéiert, mat hiren Dokteren, déi och mat denen entspriechenden Réseauën zesummeschaffen, hei ass eng pluridisziplinär Approche um medizineschen a sozialem Niveau nët ewechzedenken, esou gëtt et awer eng Réi vu Verschreiwungspraktiken a notamment déi Kombinatioun mat Benzodiazepinen, déi total ausserhalb vum Programm lafen an also och nët der Qualitätskontroll ënnerleien, der se miissten. Dësen Ëmstand kann nëmmen ënnerbonnen ginn, wann de Krees vun de Verschreiwer sech op déi Doktere reduzéiert, déi och mat de Réseaue schaffen, an déi eng entspriechend Aus- a Weiderbildung kennen noweisen. An dësem Zesummenhang ass di national Kommissioun gefuerdert, sech méi eng rigoros Politik zouzeleën.

D’Uléies fir d’kontrolléiert Ausdeele vun Heroin un Schweierstsüchtiger steet an onsen zwee leschte Walprogrammen an am Koalitiounsaccord. Mir waarden awer bis elo ëmsoss op e Projet-Pilote oder e Konzept fir dëst och ze realiséieren. Verschidde Länner, déi dëse Wee gaange sinn, hu positiv Resultater opzeweisen. Mat der Erkenntnis, datt dës Prozedur et erlaabt, och un déi Leit erunzekommen, déi engem Sevrage oder enger anerer Substitutioun net zougänglech sinn, däerfe mer dës Perspektiv net aus dem Aan verléieren, ëmmer am Sënn vun enger Schuedensbegrenzung, enger Diminutioun vun der Beschafungskriminalitéit an enger Resozialiséierung vun dëse Patienten.

Fixerstuffen si bas-seuil Strukturen, déi et Drogesüchtigen, déi keen Doheem hunn, erlaben, sech e stressfräie Schoss ze setzen, kombinéiert mat der Offer vu proppere Sprëtzen. Dës Installatiounen sinn de Moment noutwenneg a sollen vun ons och nët ëmstridde sinn. De Projet den di existéierend provisoresch Struktur duerch eng definitiv soll ersetzen, muss awer nach emol iwwerduecht ginn an der Lumière vun neien Erkenntnisser a no engem méi genéem Bilan vun dem, wat bis elo geschitt ass. Duerfir gehéiert dëse Projet och an d’Chamber an an d’Gesondheetskommissioun.

Allgemeng sief gesot, datt grouss Fixerstuben am europäeschen Ëmfeld ëmmer méi zugonschte vu méi klenge Strukturen verlooss ginn, an datt et net ka sinn, datt an der Stat eng Fixerstuff entsteet, déi Unzéiungspunkt ass fir dat ganzt Land an d’Groussregioun.

Dr. Martine Stein-Mergen, Deputéiert, Stater Gemengerot, Oktober 2007