Finanzminister Jean-Claude Juncker iwwert de Budgetsentworf 2008

De Finanzminister Jean-Claude Juncker iwwert de Budgetsentworf 2008 um RTL-Impuls, 10. Oktober 2007

Monique Kater: Ee ganz schéine gudden Owend bei Impuls. Mam Dépôt vum Staatsbudget stoung haut also dat wichtegst Gesetz vum Joer um Ordre du jour vun der Chamber a fir doriwwer am Detail ze schwätzen hu mer de Staats- a Finanzminister bei eis am Studio. Jean-Claude Juncker, gudden Owend.

Jean-Claude Juncker: Gudden Owend.

Monique Kater: De Staatsbudget ass an engem gesonden Equiliber. D’Staatsschold bleift niddereg, d’Reservë ginn opgestockt, et gëtt vill investéiert, dat kléngt jo eigentlech wonnerbar. War dann déi ganz Schwaarzmolerei aus de leschte Joren iwwerdriwwen?

Jean-Claude Juncker: Ech ka mech net u Schwaarzmolerei erënneren. Ech ka mech just u Beschreiwung erënneren. Wa mer esou virugefuer wiere wéi mer an de Joren 2004, dat war ënnert der leschter CSV-DP Regierung, an am Joer 2005 am gaange waren eis ze behuelen, da wiere mer haut an enger Situatioun wou mer ganz substantiell Defiziter ze melden hätten.

Doduerch datt mer d’Brems ageworf hunn, doduerch datt mer an der Tripartite doriwwer geschwat hunn, doduerch datt mer eis mam Parlament doriwwer verstännegt hunn, si mir haut an enger besserer Situatioun. Mä déi Situatioun ass awer net brillant, och wa mer een Iwwerschoss hu vun 0,8% an de Gesamtstaatsfinanzen – Staatsbudget, Gemengen, Sécurité sociale – da bleift awer, datt mer beim Staat selwer – Staatsbudget wéi mer e fréier kannt hunn, Investissementsfongen, Ausgabe vun den Etablissements publics – awer nach ee ganz notablen Defizit hunn. De Moment ass net komm fir d’Spueren an d’Spuerbeméiungen anzestellen. Och an engem Joer wat als ee Virwahljoer beschriwwe gëtt, wat mech liicht ameséiert, ass et fir de Leit ze soen, mir musse Fouss bei Mol halen. Et kann een net alles zu Lëtzebuerg maachen an de Budgetsminister huet och verhënnert, datt alles géif zu Lëtzebuerg gemaach ginn.

Monique Kater: Fouss bei Mol halen, dat ass elo d’Stéchwuert, well do ass an deem Kontext ëmmer vun der US-Immobiliekris geschwat ginn, datt déi eventuell kéint een Impakt hunn op eis Finanzplaz. Si mir dann nach ëmmer esou ofhängeg vun där Finanzplaz, datt mer do musse fäerten?

Jean-Claude Juncker: Mir sinn extrem ofhängeg vun där Finanzplaz. Jiddweree bedauert dat wann et schlecht geet, well een da gesäit wat deen Abroch op der Finanzplaz eigentlech fir d’Staatsfinanzen a fir eis kollektiv Aart a Weis eis ze behuelen heescht. Wann et erëm gutt geet, wann d’Finanzplaz och dem Staatsbudget Recettë bréngt, zum Beispill 735 Milliounen Euro Taxes d’Abonnement alleng am Joer 2007, da kënnt esou eng Tendenz op, fir ze maache wéi wa mer net ofhängeg wiere vun der Finanzplaz.

Mir sinn et awer. An déi Kris an Amerika, déi Immobiliekris, déi wäert och een Impakt op eis Budgetszuelen am Joer 2008 weisen. Ech mengen net, datt dat extrem ausgeprägt ass, well eis Banken, déi gutt sinn, opgepasst hu fir sech net an déi Risikogeschäfter do zevill eranzéien ze loossen, mä mir musse wëssen, datt eis Wirtschaft 2008 manner wiisst an datt och déi Recetten, déi mer aus dem Finanzsecteur kréien, manner héich wäerte sinn, wéi se gewiescht wieren, wann alles ouni déi amerikanesch Finanzkris esou virugaange wier wéi bis elo. Dofir hu mir recht, de Budgetsminister, d’Regierung, fir virsichteg ze plange fir d’Joer 2008.

Monique Kater: Dat hat Dir och schonn den 9. Mee ugedeit an der Déclaratioun zur Lag vum Land, do hat Dir gesot, et soll een a gudden Zäiten eppes op d’Säit leeën, fir de Fall, datt et eis manner gutt geet an dofir géif et och keng Steierkadoen. Déi Steiererliichterung déi mer dann elo kréien, ass dat kee Kado, mä ass dat eppes wat mir d’office zegutt hunn?

Jean-Claude Juncker: Ee Finanzminister, dat ass ee gelungent Wiesen. Ee Finanzminister deen huet et ni gären, wéinst dem Staatsbudget a wéinst der zukünfteger Ausgaben- a politescher Gestaltungsaufgab, wann d’Steieren erofgesat ginn. Mir hu vun 1991 bis haut d’Steieren 3,4 mol méi séier, méi staark ugepasst wéi d’Inflatioun gewuess ass. Zanter 2001 an 2002, wou mer Tarifreformen am Steierberäich gemaach hunn, déi 80%, 86% en fait vun der Inflatioun ausgemaach hunn, hu mir eng Avance op d’Inflatiounsberengegung vum Tarif realiséiert. Wann ech alleng d’Joer 2002 huelen, do hu mer d’Steieren ëm 36% par rapport zur Inflatioun ugepasst, hu mer zum Joer 2002 verglach eng Avance vu Steierofsenkung vun 20% par rapport zur Inflatioun. Mir hunn trotzdem dëst Joer 6% Inflatiounsberengegung proposéiert.

Monique Kater: Dat heescht, dat ass awer ee Kado?

Jean-Claude Juncker: Mir ass dat egal wéi een dat gesäit. Mir hunn dat gemaach, déi 6%, well ee muss kucke wéi d’Liewen, och d’Konsumliewen an d’Sozialliewen heiheem évoluéiert. D’Energiepräisser hunn zougeholl, obschonn se eigentlech méi niddereg si wéi d’lescht Joer ëm dës Zäit, d’Belaaschtunge vun de Familljen, virun allem mat Kanner, hu staark zougeholl an datt een dann e bësse Loft gëtt, fir datt d’Leit erëm richteg zou sech kommen, och komsumméisseg, dat louch net op der Hand, well dat wat mer maachen, hätt net misste sinn an dat wat gefrot gëtt, nämlech 16% Inflatiounsupassung ze maachen, dat kann net sinn. Mä dat wat mir elo maachen ass eng Mixtur aus Steiererliichterung, ech gebrauchen dat Wuert Steierreform net an aus engem grousse Reformelement, well mer duerch d’Aféiere vum Kannerbonus deene Leit alles ginn, wat een iwwert de Wee vun de Steiere ka kréien, wann ee genuch verdingt fir kënnen dovun ze profitéieren, ouni datt déi Steiere bezuelen. Et ass ee Programm deen d’Mëttelrevenuen entlaascht an deen déi kleng Revenue staark no uewe sech déplacéiere léisst.

Monique Kater: Mä erlaabt mer do eng Tëschefro. Wann een déi nei Tabellë kuckt, do sinn zum Beispill déi déi de Mindestloun kréien, do si verschiddener déi bal näischt vun deem 6%-Changement hunn, anerer hu wierklech guer näischt dovunner. Fannt Dir dat dann awer fair? Ass dat da gerecht? Oder missten déi anescht kompenséiert ginn?

Jean-Claude Juncker: Kuckt mol, een deen de qualifizéierte Mindestloun verdingt an deen net bestuet ass, dee kritt eng 11%teg Steierentlaaschtung, net eng 6%teg.

Monique Kater: Dat mécht 70 Euro d’Joer.

Jean-Claude Juncker: Mä ech hunn hei héieren, op Ärer Antenn an an den Zeitungen dauernd gelies, datt déi sougenannten heemlech Steiererhéichungen déi komm sinn, der ware vun 10, 12, 13%. Wann ee se 11% ofsenkt, dann ass dat scheinbar näischt. Déi Leit ënner 2900 Euro besteierbaart Akommes mat Kanner, déi bezuelen haut keng Steieren. Wa mer d’Steiere 16% ofgesenkt hätten, hätten déi guer näischt dovu gehat. Doduerch datt mer aus enger Kombinatioun vu Steierofsenkung an aus der Aféierung vum Kannerbonus ee Gesamtpaquet op den Dësch leeën, dee steierlech a sozial gerecht ass, kréien déi Leit iwwer 1500 Euro bäi. Een deen um Mindestloun besteiert gëtt an deen ee Kand huet, dee kritt netto pro Kand 922,5 Euro bäi, dat ass[gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: Et ass einfach, a wanns de lo keng Kanner hues.

Jean-Claude Juncker: Jo, ech interesséiere mech awer fir déi Leit déi Kanner hunn, well déi [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: An déi aner?

Jean-Claude Juncker: Ech interesséiere mech jo och fir déi, déi bezuele jo 11% manner Steieren. Mä déi, déi Kanner hunn an de Mindestloun kréien, déi kréien duerch d’Aféierung vun deem Kannerbonus eng Erhéichung vum Kannergeld – wann dat ee Kannergeld wier, et ass jo net total verschidden – vun 41%. Mir maachen also fir déi déi net vill verdingen, eng Akommeserhéichung vun 41%. Déi kréien enorm vill bäi wa se 2 Kanner hunn. Déi kréien, d’Mindestlounbezéier, een 13. Mount bäi, wa se zwee Kanner hunn.

Datt dat déi net impressionnéiert déi vill méi verdingen an déi manner bäikréien, dat verstinn ech. Mä déi kleng Leit do, déi musse kucken, datt se um Enn vum Mount eens ginn, déi de Mindestloun kréien an och déi déi wäit iwwert dem Mindestloun leien, dat sinn déi déi déi eigentlech Bénéficiairen, mä net Profiteuren, Bénéficiairë vun dëser Ëmverdeelungsaktioun sinn, déi mer erreechen doduerch, datt mer d’Steieren ofsenken an de Kannerbonus aféieren.

Monique Kater: Dir hutt an deem Kontext gesot, Dir erwaart Iech vun deenen, déi méi verdéngen eng gewëss Solidaritéitsreserve. 100000 Kanner hunn zum Beispill näischt vun deem Kannerbonus, well hir Eltere méi Steiere bezuele wéi dat finalement ausmécht. Mengt Dir, déi sinn dann esou solidaresch, déi Lëtzebuerger?

Jean-Claude Juncker: Éischtens mol bezuelen déi manner Steieren d’nächst Joer an zwar gi se besteiert, wéi wa se 6% manner géife verdéngen. Déi realiséieren also ee Steiergewënn, obscho mer eng grouss Avance op d’Inflatiounsupassung vum Steiertarif hunn a wa se de Maximum vun 922,5 Euro Steierofsenkung hunn, doduerch datt se eben esouvill verdinge wéi se verdingen, da behalen se dat. Mä si behalen hire Steiergewënn, deen duerch d’Reductioun vum Steiertarif antrëtt.

Ech hu leider keng Kanner, mä ech wëll och net d’nächst Joer 16% manner Steiere bezuelen, firwat? Et sinn dach Leit am Land, déi vill manner verdinge wéi de Staatsminister, obschonn et der och nach vill gëtt, a mengen An vill zevill, déi méi verdinge wéi de Staatsminister, mä ech ginn awer eens. Mä ech hätt gären, datt déi Leit déi Kanner hunn, déi Energiepräisser hunn, déi Schold op hirem Haus hunn, déi ënnert den Zënserhéigungen, déi duerch d’Zentralbank, déi europäesch, décidéiert ginn, datt déi e bësse Loft kréien an déi, kuckt mol, déi 922,5 Euro haut Steiergewënn hunn an dat mar ënner Form vun engem Kannerbonus ausbezuelt kréien, also näischt verléieren, also och musse méi Steiere bezuele vum 1. Januar un, gëtt et ee ganze Koup Leit, déi wäerten op hirem Steierziedel, op hirem Peiziedel mierken, datt se méi Steiere bezuelen, déi kréien dat awer erëm am Mäerz alles zréck, déi mussen zur Kenntnis huelen a si wäerten dat och maachen, datt doduerch datt déi Kannermodératioun déi se hunn, also déi Steiererliichterung déi se hunn, dat ass jo déi Steiererliichterung déi se hunn, duerch d’Präsenz vun de Kanner an hirem Stot an déi se elo net méi kréien an déi se besteiert kréien, d’Méiglechkeet opmécht, datt se aner Saache vun de Steiere kënnen ofsetzen. Een deen elo anstatt …

Monique Kater: Zum Beispill?

Jean-Claude Juncker : … 922,5 Euro Steiererliichterung duerch d’Präsenz vun engem Kand kritt an deen déi elo ënner Form, am gläiche Montant ausbezuelt kritt vum Kannerbonus, deen huet méi Raum fir Scholdzënsen ofzesetzen, fir Assurancekäschten ofzesetzen, fir Zousazpensiounen ofzesetzen. Esou datt ech mengen, datt ënnert dem Stréch, wann d’Leit sech gescheit behuelen – mä ech däerf eigentlech keng Propaganda dofir maachen – datt d’Leit esou wéineg Steiere wéi méiglech solle bezuelen, hunn nei Méiglechkeeten aner Saachen ofzesetzen, déi se elo net kënnen ofsetzen, well se vun där Steierbonificatioun vun 922,5 Euro profitéieren, déi se net verléieren, mä déi se kënnen ersetzen duerch aner Ofsetzungsméiglechkeeten, déi d’Steierrecht virgesäit.

Monique Kater: Esou sozial selektiv Mesurë wéi déi heiten, geet dat an Zukunft esou virun, datt dat esou punktuell gemaach gëtt?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn a menge Gespréicher mat de Sozialpartner proposéiert an dat ass och akzeptéiert ginn, datt mer am Joer 2009 ee weidere Schrëtt maachen a Richtung Steierkredit, Negativsteier, wéi ëmmer datt een dat och wëllt nennen, doduerch, datt mer den Arbeitnehmerfreibetrag, deen haut an engem Abattement – dat ass kee Steierkredit – vu 600 Euro besteet an deen engem am Maximum 233 Euro Steiergewënn bréngt, datt een deen ëmwandelt an ee Steierkredit där Gestalt, datt net nëmmen déi déi besser verdingen déi 233 Euro netto erauszéien aus der Applikatioun vun deem Steierabattement, mä och alleguer déi aner Leit, déi keng Steiere bezuelen, déi 233 Euro netto an hirer Jorespei bäikréien. Déi gëtt iwwert d’Betriber ausbezuelt an d’Betriber zéien dat vun hirer Lounsteier, déi se der Steierverwaltung déclaréieren, of, esou datt et zu enger notabler Verbesserung och vun dem Akommes vun deenen ënneschten Akommeskategorië kënnt. Dat heescht, datt deen dee vill verdingt, net méi profitéieren däerf vum Arbeitnehmerfreibetrag wéi een dee wierklech ee richtegen Arbeitnehmer ass an dee wéineg verdingt.

Monique Kater: Wéi gesäit et dann an Zukunft aus? Et geet elo drëm, et gëtt gesot, d’Kanner sinn alleguerte gläich, si gi gläichgestalt, jiddweree kritt seng 922 Euro. Kann et dann an Zukunft eng Kéier esou ausgesinn, datt d’Kanner vun deene sozial schwaache Leit favoriséiert gi par rapport zu deenen aneren ?

Jean-Claude Juncker: Mä kuckt mol, déi sozial méi schwaach gestalte Leit, déi profitéiere maximal a nettoméisseg vun där Ëmdréiung vun den Tatsaachen, déi mer hei erbäiféieren. Ech soen Iech [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: Dat heescht, méi geet net?

Jean-Claude Juncker: Ech soen Iech jo, een deen de qualifizéierte Mindestloun verdingt an dee keng Steiere bezilt, dee kritt elo 922,5 Euro pro Kand bäi. Dat ass netto. Dat heescht dee bezilt keng Steieren, mä et kritt awer iwwert de Steierwee, direkt oder indirekt, ech wëll do keng philosophesch Betruechtungen ustellen, 922,5 Euro bäi. Deem säi Kannergeld geet, wann et Kannergeld wier an dat ass jo, wéi ech et éinescht gesot hunn, Famill mateneen, ëm 41 Prozent an d’Lut. Et ass 5000 Lëtzebuerger Frang de Mount. Wéini ass et fir d’lescht eng Erhéigung vum Kannergeld ginn oder vun enger kannergeldähnlecher Leeschtung fir déi Leit déi net vill verdingen an déi keng Steiere bezuelen, vu 5000 Frang de Mount ginn? Et gëtt vill Leit hei am Land, zevill Leit déi net méi wësse, datt et och vill Leit gëtt, nämlech d’Eltere vu 85000 Kanner, déi vun der Steierbonificatioun op de Kanner guer net profitéieren, déi grouss Peng hunn an den aktuellen Zäiten um Enn vum Mount eens ze ginn. Fir déi ass 5000 Frang pro Kand schrecklech vill Geld, schrecklech vill Geld. Et gëtt der déi net méi wësse wat 5000 Frang sinn, déi Leit wëssen et.

Monique Kater: Gutt, komm mir gi mol virun. Dat do kascht d’Regierung elo 12 Milliarden där aler Frang, dat ass jo net näischt. Et ass de Mueren an der Chamber gesot ginn all Minister war bereet op een Deel vu sengen Dépensen ze verzichten, et ass awer guer näischt detailléiert ginn, da gitt Dir eis mol e puer Detailer. Wou gëtt gekierzt?

Jean-Claude Juncker: Ma iwwerall do wou Fuerderunge gestallt gi sinn, déi dem Budgetsminister iwwerdriwwer virkomm sinn.

Monique Kater: Zum Beispill?

Jean-Claude Juncker: Zum Beispill kann ee sech duerchaus virstellen, datt een an eenzelne Staatsverwaltunge wiesentlech méi Leit agestallt hätt. De Budgetsminister, den Här Frieden, deen huet sech mussen drëm beméien, am heftege Kampf mat menge Kollegen, fir déi richteg Plazen erauszefanne, wou et nei Leit, supplementar Leit gëtt. Zum Beispill setze mer, well den Här Biltgen dat gär gehat hätt, an en hat och recht, 8 nei Placeuren um Arbeitsamt an. Mir maache ganz grouss Efforten am Beräich vum ëffentlechen Transport. Ech hunn héieren, an de Reaktioune vun de Kollege vun der Oppositioun, datt bemängelt gëtt, datt net Ekologesches genuch an där Steierëmverdeelung do wier. Doriwwer kann ee streiden, mä mir ginn dräi mol méi Suen aus fir den ëffentlechen Transport, nämlech fir d’Eisebunn, wéi mer ausgi fir den Déifbau. Mä ech hu Joren erlieft als Budgetsminister, do hu mer dräi mol méi ausginn fir den Déifbau wéi fir den ëffentleche Schinnentransport.

Monique Kater: Ass dat dann net och erëm eng Kéier zevill punktuell, dat am ëffentlechen Transport? Well wann ech richteg verstanen hunn, hätte si jo gär méi grouss, si hätte gär méi Steierreform.

Jean-Claude Juncker: Ween?

Monique Kater: D’Oppositioun.

Jean-Claude Juncker: Also, datt meng gréng Kollegen dat fuerderen, läit an der kohärenter Konsequenzliniebildung déi se ëmmer hunn, obscho mer an eisem Steiersystem enorm vill ekologesch Elementer hunn. Haut kritt een eng Kilometerpauschal zu Lëtzebuerg fir all 5 Kilometer Aarbechtsweedistanz déi ee mécht, net nëmme wann ee mam Auto fiert, mä et kritt een déiselwecht wann ee mam Zuch fiert. Dat heescht, et gewënnt ee Steieren, wann een net mam Auto fiert, mä wann ee mam ëffentlechen Transport fiert. Am Chef vu menge liberale Kollegen an och Frënn, well den Här Goerens huet dat gesot an en ass jo wierklech ee Frënd, well ech dee ganz vill respektéieren an estiméieren, kléngt dat e bësse komesch, well mir ginn elo wiesentlech méi Suen aus fir den ëffentlechen Transport a besonnesch fir den ëffentlechen Transport op de Schinnen, wéi déi Zäit wou d’Demokratesch Partei, souwuel de Wirtschafts-, wéi den Transport-, wéi den Ëmweltminister gestallt huet. Ech maachen him dat net zum Virworf, ech wollt dat just hei nofügen.

Monique Kater: Eng Fro nach zu de Betriber, do gëtt esou munches gemaach. Déi grouss Steiererliichterung kënnt nach net. Kënnt déi d’nächst Joer? Kënnt déi 2009 ?

Jean-Claude Juncker: Also ech well dozou mol een däitlecht Wuert soen an ech gi mir Méih dat frëndlech auszedrécken: wéi mer iwwert den Einheitsstatut verhandelt hu mat de mëttelständege Betribe a wéi ech probéiert hunn de Kollegen aus dem Mëttelstand d’Iddi nozebréngen, et kënnt ee jo och um steierleche Wee eng Rei vun Arrangementer treffen, fir datt den Impakt vum Einheitsstatut manner staark wier fir d’mëttelständeg Betriber, hunn déi mer erkläert, si géifen eigentlech jo an hirer Mehrzahl keng Steiere bezuele. Dont acte. Da soll een haut net kommen a soen, et géif ee gär manner Steiere bezuelen, well wann ee keng bezilt, da kann een der net manner bezuelen.

Dat Zweet: déi meeschte mëttelstänneg Betriber gi besteiert wéi physesch Persounen, ginn also genau d’selwecht besteiert wéi d’physesch Persounen, dat heescht si gi besteiert an der Iddi, datt se ee Revenu hätten, dee 6% manner héich wier wéi deen dee se hunn. Si profitéieren also voll vun de Steierofsenkungen, déi d’Privatpersounen, déi physesch Persounen, kréien. Dobäi kënnt, datt mer am Beräich vun der Bankplaz zu enger Ofsenkung vun dem Droit d’apport, deen net einfach gläichzestellen ass, wéi dat dauernd gemaach gëtt mat der Kapitalsteier vun 0,5% ze dinn hunn. Dat mecht ee Steierausfall vun 30 bis 40 Milliounen a mir hunn an enger Verhandlungsronn mam Patronat, mat alle Gremie vum Patronat, ofgemaach, datt mer eis am Laf vun dësem Mount nach gesinn, fir fir d’Joer 2009 déi steierlech Rectificatiounen ze maachen déi sech imposéieren.

Monique Kater: Wat kéint dat da sinn?

Jean-Claude Juncker: An do musse si sech selwer eens ginn. Wat d’Patronat zu Lëtzebuerg mécht, dat ass eppes wat d’Parteien och heiansdo maachen, meng manner, mä si mécht et och, mol esou alles opzeschreiwe wat engem esou afält an da gi mer bei der Däiwel, well dann hu mir keng Sue méi. An d’Patronat muss sech ënnerteneen eens gi watfir Steiererliichterungen, och strukturellen Zouschnëtts, datt se brauch. Geet et drëm fir den Nominalbesteierungssaz vun de Betriber erofzesetzen? Dat kënne mer maachen, wuelwëssend, datt de reale Besteierungssaz iwwerhaapt net dem nominale Saz vun eppes 30% entsprécht, mä ganz oft bei 17, 18, 19, 20, 21% sech beweegt oder hätte se gäre spezifesch Moossnamen, där och am Budget 2008 dra sinn, well notamment op Propositioun vum Wirtschaftsminister, dee sech jo dorëms ze bekëmmeren huet an dat och gutt mécht, si mir dozou komm fir alles dat wat d’Propriété intellectuelle, d’Breveten an Ähnleches ubelaangt steierlech ze begënschtegen. Op deem Wee fuere mer virun am Joer 2009.

Source: gouvernement.lu // RTL-Telé 10. Oktober 2007