Nationalkongress

Léif Parteifrënn,
Dëse Samschden, 17. November gëtt zu Moutfort den uerdentlechen CSV-Kongress ofgehal. Eis Delegéiert sinn alleguer vun Häerzen invitéiert fir op dësem wichtege Rendez-vous ze partizipéieren.

Den Oflaf vum Kongress ass par rapport zu de vergaangene Joeren liicht verännert. No der Begréissung an den administrative Rapporën, hunn eis Delegéiert d’Wuert. No den Diskussioune an der Ofstëmmung iwwer d’Rapporë, schwätzen de Generalsekretär, de Fraktiounspräsident, de Parteipräsident an de Staatsminister zu aktuelle politische Froen.

De Generalsekretär Marco Schank geet a senger Interventioun “CSV- eng dreiwend Kraaft” op den aktuelle Stellewäert vun der CSV an. De Fraktiounspräsident Michel Wolter beliicht a kommentéiert aktuell Dossier, esou e.a. iwwer d’Palliativmedizin, d’Schoulreformen, d’Finanze an d’Landesplanung. Enner dem Motto “Politik. Am Sënn vum Land.” schwätzt de Parteipräsident François Biltgen iwwer verschidde grondsätzlech Positioune vun der CSV a Saachen Reliounsunterricht, Relatioun tëschent Staat a Glaawensgemeinschaften an aner gesellschaftspolitesch Froen.
An der Ried vum Staatsminister Jean-Claude Juncker stinn europa – a nationalpolitesch Dossier am Bléckpunkt, dëst ennert dem Thema: E sozialt Europa. Nei Weeër fir Lëtzebuerg.

Uschléissend un den Eierewäin, ass e gemeinsamt Iessen, daat vun der Sektioun Conter zervéiert gëtt.

Mir freeën eis op Är Präsenz
Marco Schank a François Biltgen