Pacte Logement: Zesumme mat de Gemenge fir eng méi koherent

Eng Fräi Tribün vum Norbert Haupert iwwert d’Wunnengsbaupolitik op RTL Radio Lëtzeuerg

Zesumme mat de Gemenge wëll d’Regierung d’ Wunnengsproblematik hei zu Lëtzebuerg kuerz-, mëttel-, a laangfristeg an de Grëff kréien. Dat ass d’Grondiddi vum Gesetzesprojet deen de Wunnengsbauminister Fernand Boden virun engem décken halwe Joer op den Instanzewee gereecht huet, an deen déi zoustänneg Chamberskommissioun an enger Doze Sëtzungen am Detail analyséiert huet.

Haaptproblem am Wunnengsbau ass deen, datt d’Präiser vun den Terrainen an de leschte Joere gewalteg geklomme sinn, well de Baulandmoart atypesch fonctionnéiert, well d’Offer an Demande vun de Bauplazen nët normal op d’Präisser reagéieren. Duerfir ass d’ëffentlech Hand gefuerdert fir op de Moart anzewierken. Hei ass de Stat awer op d’Mathëllef vun de Gemengen ugewisen, an déi hunn nët ëmmer déi néideg finanziell Mëttele fir op deem Plang matspillen ze kënnen.

Duerfir de Gesetzesprojet Pacte Logement.

Fir de Gemenge bei de Nofolgekäschten, déi duerch ee schnellt Uwuesse vun hirer Populatioun entstinn, finanziell ënner d’Äerm ze greifen.

Fir d’Subventioun un d’Gemenge beim Ukaf vu Baulandterraine ze erhéigen.

Fir d’Gemengen wa se selwer Bauterraine lotisséiere vun de Steieren ze entbannen.

Fir de Gemengen iwwer eng Upassung vun dem Grondsteiergesetz méi finanziell Mëttelen zoukommen ze loossen.

Fir de Gemengen an anere ëffentlechen Akteuren um Wunnengsbaumoart iwwer ee Virkaafsrecht op verschidden Terrainen op hierem Bann d’Méiglechkeet ze schafen, fir sech Baulandreserven unzeleeën an esou laangfristeg op d’Offer um Baulandmoart awierken ze kënnen.

Fir de Gemengen dee legale Kader ze schafe, fir géint Baulücken an délabréiert Hausruinen, déi eis Uertschafte verschampléieren, eppes ënnerhuelen ze kënnen.

Dësweidere gesäit de Projet Mesüre vir, fir de private Baulandbesëtzer engersäits ze incitéiere seng Terrainen um Marché unzebidden, an anerersäits hien ze penaliséiere wann hien seng Terrainen mat spekulativen Hannergedanke wëll zeréckhalen.

Eng Upassung vun de Gesetzer iwwer d’Emphytéose an den Droit de Superficie soll fir eng Rei Leit dës Prozedure méi attraktiv gestalten, déi hinnen d’Méiglechkeet bidde sech een Eegenheem unzeschafen an deem de Präis vum Terrain nët direkt bezuelt muss ginn, an esou de Präis vum Eegenheem wesentlech verbëllegt gëtt.

Fir den soziale Mixt um Wunnengsmoart ze fördere gesäit de Projet vir, datt bei all Lotissement vu méi wéi engem Hektar, 10% vun der Surface musse fir de bëllege Wunnengsbau reservéiert bleiwen.

Och soll eng Upassung vum Gesetz vum Juni 2004 iwwer den Aménagement Communal d’Prozedure fir ee Plan d’Aménagement Particulier verkierze wat och zu enger Verbesserung vun der Offer vu Bauterrain soll bäidroen.

Ee Gesetzesprojet deen also Départementsiwwergräifend ass, deen, wann een déi verschidde Punkten eenzel betruecht, zu Kritiken Ulass ka ginn. Ee Projet, deen awer als ee Ganzt muss betruecht ginn, dee Mesure vu gëschter op d’Kopp gehäit fir d’Problemer vun haut léisen ze kënnen, an deen hoffentlech de Wee fräi mëscht fit datt déi kommend Generatioune sech och nach zu raisonnabele Präisser een Eegenheem kënnen uschafen.

Norbert Haupert, op RTL Radio Lëtzebuerg, den 8. Oktober 2007