Vill a wichteg Aarbecht fir Regierung a Chamber

Wichtig politisch Projetën wäerten an de nächste Méint op de Leescht geholl ginn. Eng fräi Tribune vum Marco Schank, CSV Generalsekretär

De Marco Schank um RTL 92,5 an der Emissioun d’Parteien hunn d’Wuert, Meindes, de 17. September 2007

Léif Nolauschterinnen a Nolauschterer

Et ass Rentrée an haut ass den éischte Schouldaag. Döefir wëll ech vun der Geleeënheet profitéieren fir alle Schülerinnen a Schüler vun dëser Plaatz all Guddes am neie Schouljoër ze wënschen.

D’Ministerën an d’Deputéiert sinn och schons erëm voll an der Aarbecht, an an de Chamberkommissiounen gin eng ganz Reih vu Projetën finaliséiert resp. elo op de Leescht geholl.

Do ass dee wichtige Gesetzesprojet iwwert d’Palliativmedizin an d’Stierwbegleedung. De mënschlechen Emgang mam Patient a senger Famill an d’Oflehnung vum Acharnement thérapeutique sinn zentral Elementer vun dësem Projet de loi.

Do ass den Eenheetsstatut, den Ufank August op den Instanzewee bruecht ginn ass! D’CSV Politiker, mat virop dem Premier Jean-Claude Juncker an dem Aarbechtsminister François Biltgen, hunn resolut dorop higeschafft. Hei ginn Diskriminatiounen ofgeschafft. D’Trennung tëschent manueller an intellektueller Aarbecht héiert op.

Do ass de Pacte Logement mam But genuch bezöelbare Wunnraum fir jonk Familljen ze schaafen. Als Buergermeschter vun enger Gemeng, déi sech mat Succès fir präisgenschtëg Wunnen engagéiert höet, weess ech, datt ouni d’Zesummenaarbecht vu Staat a Gemengen d’Präisspiral bei den Terräinspräiser nët ze stoppen ass.

Fir vill Diskussiounstoff wäert d’Reform vum Primärschoulgesetz vu 1912 suergen, datt duerch dräi nei Gesetzer ersaat soll gin. Et ginn Léierzyklen agefouert, déi méi Flexibilitéit an Differenzéierung erlaaben. Op di vu Kand zu Kand ënnerschiedlich Kapazitéiten, Stärkten a Schwächten ka mei Rücksicht geholl ginn. D’Partnerschaft tëschent all den Acteurën an der Schoul, besonnesch den Elteren, gët gestäerkt.

An da wäert den 10. Oktober de Budgetsminister Luc Frieden de Budgetsprojet 2008 an der Chamber hannerléën. Modern Transport-, Sozial- a Schoulinfrastrukturen, eng ëmfassend a qualitativ heichwerteg Kannerbetreiung, eng weider wirtschaftlich Differzifizéierung, méi Moyenën fir Fuerschung an Innovatioun, erschwéngleche Wunnraum … D’Viraussetzung fir all dat sinn gesond öffentlech Finanzen !

A propos D’US-Finanzkris an de leschte Wochen huet och gewissen vu wat fir enger kapitaler Bedeitung eng responsabel Finanzpolitik fir eist d’Land ass – eeben och an Zäiten wou d’Wirtschaft robust wiisst an dës Finanzpolitik éischter schwéier ze erklären ass.

Et steet also um politische Plang vill Aarbecht un an daat hei waren nëmmen e puer Beispiller. Derbäi kommen Duebel Nationalitéit, Territorialreform, e modernt Waassergesetz, dat neit Agrargesetz oder de Fënnefjoeresplang fir den Tourismus … a nach vill Aanerer !

D’CSV ass prett fir sech mat Kraaft a Know-How an dës wichtig Dossieren anzebréngen – an daat ënner dem Motto : Jidder Eenzelen zielt.

Ech soen Iech Merci !

Marco Schank, CSV Generalsekretär, 17. September 2007