Wéi geet et weider mat de Chargés de Cours ?

Dem Gilles Roth seng Léisungsvirschléi zu der Problematik vun de Chargés de Cours
Här President,

D’chargés de cours, déi op kommunalem Plang beschäftegt sinn, hunn bekanntlech e problematesche Statut, well se eigentlech kee Statut hunn, wat e groussen Deel vum Problem duerstellt.

D’Gemengen hu chargés de cours agestallt, well net genuch ausgebilte Léierpersonal verfügbar war. Dës chargés de cours maachen, je no Plaz, dat, wat ee formell ausgebilte Schoulmeeschter oder eng Léierin och mécht, allerdings als Employéen mat engem privatrechtlechen Arbechtskontrakt. Dësen war an der Vergaangenheet wuel bal ëmmer a bal iwerall an der Zäit limitéiert. Déi Leit goufe vu Schouljoer zu Schouljoer mat engem contrat à durée déterminée agestallt, respektiv hiert Aarbechtsverhältnis mat der Gemeng entspriechend verlängert.

Wann da Schoulmeeschteren oder Léierinne sech d’Joer drop presentéiert hunn, da war et méiglech, d’Verträg vun de Chargés einfach auslafen ze loossen a fir dat nächst Schouljoer net ze verlängeren.

Den 20. Oktober 2006 huet dunn awer d’Verfassungsgeriicht decidéiert, datt déi Situatioun verfassungswidreg wir, ansouwäit se Leit, déi rechtlech Privatbeamte sinn, anescht behandelt, wéi Privatbeamten am Privatsecteur musse behandelt ginn. Am Kloertext: d’Gesetz iwert den Aarbechtsvertrag, dat och déi aarbechtsrechtlech Situatioun vun de Chargés ëmfaasst, gesäit vir, datt e befristen Aarbechtsvertrag net méi laang däerf lafen, wéi 24 Méint, a net méi wéi zwee Mol hannereneen däerf ofgeschloss ginn. Kritt demno e Chargé fir dat drëtt Schouljoer hannereneen esou e Kontrakt – da gëtt dëse Kontrakt automatesch en onbefristen Aarbechtsvertrag. D’Verwaltungsgeriicht huet an der Tëschenzäit dës Lektür vun der Cour constitutionnelle iwerholl, esou datt vill Chargés de cours am Land, am Dingscht vun de Gemengen, elo eigentlech e contrat à durée indéterminée missten hunn, respektiv kréien.

Datt d’Geriichter Recht hunn, zitt d’Politik net an Zweiwel, dat steet er och net zou. Problematesch ass awer elo déi Realitéit, déi sech aus dene rezente Riichterspréch ergëtt: honnerte vu Leit, déi als Chargés de cours am Fong sollten zäitlech befrist déi Couren an de Schoulen halen, fir déi keng formell diploméiert Enseignants konnte fonnt ginn, sinn elo an onbefristen Aarbechtsverhältnisser mat hirem kommunale Patron.

All dat entsprécht awer net däer Logik, an däer dës Leit agestallt goufen.

Wat ass elo ze maachen? Et bidden sech e puer Méiglechkeeten, fir mat der Situatioun ëmzegoen, woubäi sech allerdings eng ganz Rei juristesch Schwieregkeete presentéieren.

Kuerzfristeg sollt e secherlech keng nei Problemsituatiounen schafen. Dofir sollt d’Circulaire de printemps 2007 vun der Educatiounsministesch fir d’Astellen vun neien Chargés de cours net méi ze autoriséieren, och applizéiert ginn.

Mëttelfristeg kënnt een envisagéieren an Uleenung op de Pool vu Suppléants, deen den 25. Juli 2002 per Gesetz geschaf gouf, je no Bedarf an no virdefinéierten Konditiounen och e Pool vu Chargés de cours ze schafen, respektiv dës Leit an de Pool vun de Suppléants ze integréieren. An deem Fall wieren dës Chargéen selbstverständlech, am Sënn vun den zitéierten Uurteeler, à durée indéterminée agestallt, mee eben net méi just an enger Gemeng, mee beim Staat. An de Staat, respektiv den Edukatiounsminister an d’Inspektorat, kéinten d’Chargés dann do asetzen, an enger bestëmmter Regioun, wou se gebraucht ginn.

Dës Chargés kënnten dann och aner Aufgaben iwerhuelen, wéi spezifesch a Klassen dauerhaft ze enseignéieren. Dat kann ersetze sinn, well ëmmer erëm Léierpersonal ersat muss ginn. Dat kéinten awer och aner Aarbechte sinn, déi an de Schoulen ufalen. Natierlech géif och näischt verhënneren, datt Chargés de cours dann och, wann d’Schoulorganisatioun fir d’nächst Joer gemaach gëtt, je no Bedarf an dëser oder däer Gemeng ob enger bestëmmter Lëscht postuléieren fir temporair eng Klass als Titulär ze iwerhuelen, oder bestëmmte Fächer während deem Joer an enger bestëmmter Schoul ze enseignéieren.

Schliesslech, fir komplett ze sinn, muss een och déi Situatioun envisagéieren wou een Chargé de cours nët an de Pool de suppléants oder den eventuell nei ze schaffenden Pool de remplaçants kënnt, an opgrond vun der Prioritéit vun dem brevetéierten Enseignanten keng Plaz méi an senger Gemeng fënnt.

An dem Fall kann eng Gemeng dësem Chargé eng aner Aufgab proposéieren. Dat as arbechtsrechtlech eng Modifikatioun vun dem Vertrag. Dës nei Situatioun géif selbstverständlech viraussetzen, dat d’Gemeng an de Chargé sech iwwert déi nei Situatioun an den Inhalt vun dem neien Kontrakt eens ginn. Ginn se dat net, kann d’Aarbechtsverhältnis esou, wéi d’Gesetz iwwer den Arbechtskontrakt dat virgesäit, opgeléist ginn.

Zum Schluss Härr President,

Well d’Schoul, an all d’Akteuren déi dorann intervenéieren awer esouwuel d’Gemengen ewéi och de Staat concernéieren, as eng Konzertatioun tëschend denen responsabelen Regirungsmemberen an dem Syvicol ubruecht fir gegebenenfalls eng Ännerung vun dem Gesetz vum 25. Juli 2002 iwwert d’Reserve de suppléants oder d’Schafen vun enger Réserve de remplaçants an d’Wee ze leeden, respektiv déi Recommandatiounen auszeschaffen fir eng global Léisung fir de Problem ze fannen.